Radioen

On air

De Moien  |  Charel Schmit

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi vill Capacitéiten hunn d'Spideeler?

Corona-Pandemie

Wéi vill Capacitéiten hunn d'Spideeler?

An den nächsten Deeg wäerten alleguer d'Spideeler an d'Phas dräi vun der Cellule de crise goen. Deemno wäerte verschidden normal Aktivitéite mussen ëmprogramméiert gi fir genuch Covid-19-Patiente kënnen ze traitéieren. Mat der Hausse vun Neiinfektioune wäert déi gréissten Erausfuerderung allerdéngs net d'Unzuel u Better ginn, mee dat néidegt Personal ze fannen. Do si sech d'Acteuren um Terrain eens.

auto_stories

3 min

Zanter Méint hätten d'Spideeler eng Hausse vun de Corona-Infektiounen am Hierscht um Radar. Trotzdeem wier ee vun der Hausse an de leschte Wochen iwwerrascht ginn, seet den Dr. Serge Meyer, Chef vun der Krisen-Cellule am Escher CHEM. Et wieren zwar Pläng do fir séier kënnen ze agéieren, mee et wier een Enn leschter Woch "e bëssen iwwerrascht" ginn. "Et huet ee vläicht net gemengt, datt et do scho géif kommen."

Spideeler gläich an der Phas dräi

En Dënschdeg goufen et der Santé no 67 Hospitalisatiounen. An de leschten zwou Wochen hu sech d'Hospitalisatioune verdräifacht, deemno preparéiere sech d'Spideeler op déi nächst Phas vum Phaseplang vun der Cellule de crise. Déi gëtt eisen Informatiounen no declenchéiert, wann am Ganze ronn 100 Better (83 Soins normaux an 19 Soins intensifs) mat Covid-19-Patiente beluecht sinn.

Zanter leschter Woch wieren d'Spideeler an der Phas zwee, seet den Dr. Claude Schummer. "Ech rechnen domadder, datt mir a 14 Deeg an der Phas dräi sinn." Et wieren awer elo scho Klinicken an dëser Phas, esou den Direkter vun den Hôpitaux Robert Schuman.

Aktivitéite missten ëmprogramméiert ginn

An der Phas dräi mussen d'Spideeler weider Capacitéite fir Covid-Patiente fräimaachen. Deemno musse verschidden net-Covid-Aktivitéiten ëmprogramméiert ginn, erkläert de Claude Schummer: déi programméiert Chirurgie gëtt geännert. Wärend der éischter Well hätt een déi ganz zeréckgefuer, "hei versiche mer déi net ganz anzestellen".

Dem Serge Meyer vum CHEM no géifen dës Capacitéiten zéng bis 15 Prozent ausmaachen. Ronn 200 (164 Soins normaux an 42 Soins intensifs) Hospitalisatioune packen d'Spideeler dem Plang no, éier nach weider Aktivitéite mussen erofgefuer ginn, an déi véiert Phas aktiv gëtt.

Déi zweet Well verleeft anescht

Anescht wéi bei der éischter Well am Mäerz wieren d'Covid-19-Patienten an de Spideeler dës Kéier méi an de Soins normauxen a manner op den Intensivstatiounen. Et géifen och manner Doudesfäll ginn.

Dat géif ënner anerem vum Alter vun de Patienten ofhänken an awer och doru leien, datt d'Dokteren de Krankheetsverlaf méi am Grëff hätten. De Generalsekretär vun der Lëtzebuerger Spidolsfederatioun, de Sylvain Vitali, gesäit doranner Virdeeler. Wat manner Leit op der Intensivstatioun sinn, wat méi spezialiséiert Infirmieren disponibel sinn am Bloc opératoire.

Déi kruzial Fro: d'Personaldecken

Mee och ouni Soins intensifs bräicht e Spidol 1,3 Mol méi Personal fir e Covid-19-Patient ze behandelen, wéi fir een net-Covid-19-Patient, erkläert den Dr. Claude Schummer. Derbäi kéimen Ausfäll beim Personal: momentan wieren 12 Leit vum Personal, déi positiv op Covid-19 getest goufen, véier bei deenen de Verdacht op eng Infektioun besteet, an 13, déi Kontakt mat engem Infizéierten haten. "Dat sinn alles Leit, déi feelen." De "Facteur limitant" wier et fir genuch Personal ze hu fir Covid- an net-Covid-Patienten ze behandelen.

Fir d'Phas zwee ze meeschteren haten d'Spideeler schonn 76 Equivalent temps plein (ETP) kritt. Déi wiere quasi alleguer agestallt ginn, esou de Sylvain Vitali. Wéi vill Personal d'Spideeler fir déi drëtt Phas elo bäikréien, soll an den nächsten Deeg mat der CNS verhandelt ginn, seet de Claude Schummer. D'Spideeler hätten de kloren Appell gemaach, datt de Personalschlëssel eropgeschrauft gëtt.

Een Appell, sech un d'Mesuren ze halen

Fir d'Hausse vun den Infektiounen ze limitéieren appelléieren d'Acteuren um Terrain, datt d'Leit sech un d'Sécherheetsmesurë sollen halen. De Serge Meyer hofft op ee méi tatkräftege Rappell. Et géife grouss Rassemblementer ustoen, wéi zum Beispill Allerhellegen oder Chrëschtdag.

D'Dokteren hoffen, datt d'Spideeler net méi an dee selwechten Zenario komme wéi wärend der éischter Well. Deemools gouf et et wärend knapp zwou Wochen iwwer 200 Hospitalisatiounen, éier d'Situatioun sech wéinst dem Lockdown berouegt huet. Eng vun de kruziale Froen dës Kéier ass, wéi laang d'Hospitalisatiounen op engem héijem Niveau bleiwen, a wéi laang d'Spideeler et packen.