Radioen

On air

Kultur um 5  |  Ausbléck op den TalentLab 2024

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi verbreet sech de Virus an der Bevëlkerung?

Con-Vince

Wéi verbreet sech de Virus an der Bevëlkerung?

Am Kader vun der Studie Con-Vince soll d'Prävalenz an d'Ausbreedung vum neie Coronavirus an der Populatioun nogewisen an nei Tester agesat ginn, fir d'Immunitéit vun de Leit ze testen. 1.500 Leit, déi fir d'Gesamtbevëlkerung representativ sinn, ginn dofir aus engem bestoende Panel vun TNS-Ilres ugeschriwwen. De Professor Rejko Krüger vum Luxembourg Institute of Health koordinéiert dës Etüd an erkläert, wat d'Fuerscher wëllen erausfannen a wat fir eng Schwieregkeeten et dobäi ginn.

auto_stories

3 min

Wéi héich ass d'Donkelziffer vun den Infizéierten, déi net wëssen, datt si mam neie Coronavirus ugestach sinn an e kënne weiderginn, ouni et ze wëssen? A wéi vill Leit hu schonn eng Immunitéit géint de Virus entwéckelt?

De Rejko Krüger seet, et géif een de Moment net wëssen, wéi vill Leit mam Virus infizéiert wieren awer keng oder nëmme liicht Symptomer hätten. Dat wier och weltwäit e Problem. Dofir géif ee sech net op den Tester baséieren, mee et géif ee probéieren d'Leit representativ fir d'Etüd ze invitéieren.

Bis viru Kuerzem goufe just Leit mat konkrete Symptomer getest. Den Test géif soss näischt uweisen, gouf ëmmer nees erkläert. Datt am Kader vun der Etüd de Virus soll kënne bei Leit ouni Symptomer festgestallt ginn, läit dodrun, datt ëmmer nei a besser Tester entwéckelt ginn, sou de Rejko Krüger.

All d'Participante ginn iwwer ee méi laangen Zäitraum reegelméisseg getest

Am Kader vun der Etüd solle souwuel Tester agesat ginn, déi op DNA-baséierten Tester baséieren, wéi och déi sougenannt Anti-Kierper-Tester. Am Ganze soll véiermol getest ginn, dat am Ofstand vu 14 Deeg.

De Rejko Krüger vum Luxembourg Institute of Health koordinéiert d'Etüd.

"Wir werden eine sogenannte Baseline-Untersuchung haben, wo alle Teilnehmer kontaktiert sind. Und diejenigen, die zu diesem Zeitpunkt asymptomatisch sind oder nur wenige Symptome haben, diejenigen mit Virus und diejenigen ohne Virus, die werden dann weiterhin eingeladen, alle 14 Tage verfolgt zu werden, weil wir Veränderungen erwarten. Menschen die, neuinfiziert sind, Menschen, die das Virus hatten und eine Immunität entwickeln, das geht nur in diesen Wiederholungsuntersuchungen, die führen wir über zwei Monate durch."

Epidemiologesch a psychologesch Froe gi gestallt

Mat éischte Resultater wier schonn an den éischte Wochen ze rechnen. D'Participante gi vun der Ilres iwwer E-Mail kontaktéiert a mussen awëllegen, fir matzemaachen. Nieft den Tester musse si och Froen iwwer hiren allgemenge Gesondheetszoustand a Begleeterkrankunge beäntweren beäntweren. Et wäert och ofgefrot ginn, wéi eng Medikamenter ee reegelméisseg hëlt, et sollen eng Rei epidemiologesch Froe beäntwert ginn, beispillsweis, ob een an der leschter Zäit Kontakt zu Persounen hat, déi Covid-19 haten.

Nieft dësem obligatoresche Volet gëtt och nach en optionalen, wou et ëm psychologesch Froe geet an de sozio-ekonomeschen Hannergrond vun de Participanten.

Wichteg Basisdonnéeë fir d'Diskussioune ronderëm eng Exit-Strategie

Well et séier muss goen an dofir mat de Volontairen aus dem Ilres-Panel geschafft gëtt, déi iwwer Mail kontaktéiert ginn, si Kanner zu dësem Zäitpunkt net an der Etüd opgeholl.

Déi Erwuesse sinn zu groussen Deeler confinéiert, behuele sech also net onbedéngt esou, wéi si dat soss géife maachen. Mee, esou de Rejko Krüger, doduerch datt d'Leit am Ofstand vu 14 Deeg getest ginn, kéint een Dynamiken erkennen, beispillsweis wéi vill Leit sech infizéiert hunn, wéi vill der derbäi koumen, an och wéi vill Leit an där Zäit eng Immunitéit opgebaut hunn. Déi Resultater kéinten dann an d'Diskussioun ëm eng Sortie aus de Krisemesuren afléissen, esou de Rejko Krüger.