Etüd iwwer de psycheschen Impakt vum Confinement Wéi staark hunn d'Confinements-Mesüren d'Leit belaascht?

Wéi staark hunn d'Confinements-Mesuren d'Leit matgeholl a belaascht? Där Fro si Fuerscher vun der Uni Lëtzebuerg am Gaang nozegoen, am Kader vun enger Etüd bei där Leit aus sechs verschiddene Länner e puer Mol (an Ofstänn) befrot ginn. Länner, an deenen d'Restriktioune ganz ënnerschiddlech ausgefall waren - vu ganz streng (Spuenien, Italien, oder och Frankräich) bis zimmlech labber (Schweden) oder och iergendwou dertëscht (Lëtzebuerg an Däitschland). D'Etude gëtt geleet vum Claus Vögele, hien ass Professer fir Psychologie a Psychotherapie op der uni.lu.

Maurice Molitor / cz

Klaus Vögele
Foto: Uni Lëtzebuerg

D'Etude koum zu enger dach erstaunlecher Erkenntnis. D'Lëtzebuerger fille sech am meeschte gestresst, am stäerkste belaascht, a kengem anere vun de sechs Länner hunn d'Leit sech esou eleng gespiert, a si hu sech och néirens anescht esou depressiv gefillt wéi hei. Ass dat Jéimeren op héijem Niveau?

Mënsche géifen hiert Wuelbefannen ëmmer am Verglach zu eppes anerem beuteelen, erkläert de Professer Claus Vögele.

"Dieses andere kann eine Erinnerung an sich selbst sein 'Ich fühle mich heute besser oder schlechter als gestern oder vor zehn Jahren'. Es kann aber auch der Vergleichspunkt sein mit anderen. Und ich denke, dass in Luxemburg möglicherweise die Kenntnis dessen, wie schlecht es Menschen auch noch gehen kann in dieser Covid19-Krise einfach auch fehlt."

Mat anere Wieder: de Lëtzebuerger vergläicht sech net mam Fransous, deen an der Paräiser Banlieue an enger vill ze klenger Wunneng agespart war oder mam Italiener, dee wärend dem Lockdown och nach den Job verluer huet. Hie vergläicht sech mat den anere Lëtzebuerger an do kann ee sech scho schlecht fillen och wann et engem objektiv vill besser geet wéi anerwäerts.

D'Covid-19-Kris verstäerkt bestoend Probleemer

An de Resultater vun der Etüd ass kloer ventiléiert, wéi d'Belaaschtung variéiert en fonctioun vun Akommes, Familljen- a Wunnsituatioun. Datt e Single mat klenger Pai, deen an engem Studio ouni Terrass lieft manner gutt duerch de Confinement koum wéi eng Famill mat déckem Akommes an engem schéinen Haus mat Gaart um Land, ass natierlech net erstaunlech. Et wier wichteg esou Erkenntnisser ze dokumentéieren, och wa se vläicht banal ze si schéngen.

Sengem Androck no géif d'Covid-19-Kris eng Verstäerkung vun de bestoende Probleemer an Effekter mat sech bréngen. Hie gesäit déi politesch Responsabel elo och nach méi an der Verantwortung fir fir bestoen sozial Ongerechtegkeeten an der Gesellschaft elo konsequent unzegoen. Evident wier, datt déi sozial Facteureb a sou enger Kris net besser géife ginn, mee éischter méi schlecht.

"Das führt im schlimmsten Fall zu sozialen Unruhen, das halte ich nicht für ausgeschlossen, dass das im Zuge der Covid19-Krise irgendwann noch mal stattfinden könnte."

Bis elo sinn an de sechs Länner Italien, Spuenien, Frankräich, Schweden, Däitschland a Lëtzebuerg zwou Interview-Serië mat allkéiers méi wéi 1.000 (ëmmer deene selwechten) Leit gemaach ginn, eng drëtt Serie ass grad am Gaang. Am Idealfall kënnt nach eng véiert Enn dës Joers no. A wann e Finanzement fonnt gëtt, géif d'Etüd 2021 och erëm mat véier Befrounge weider geféiert, hofft de Professer Vögele.

Sech elo op zukünfteg Krise preparéieren

Momentan géif ee sech als Gesellschaft vu Woch zu Woch "hangelen" an analyséieren, wéi sech Infektiounszuele sech entwéckelen an dann d'Recommendatioune fir d'Populatioun adaptéieren. Dat wier eng chronesch Stresssituatioun fir jiddwereen.

"Das wissenschaftlich zu begleiten, wird nachher einen Erkentnisschatz darstellen, der nicht nur für uns Wissenschaftler von Interesse ist, sondern darüber hinaus denk ich, hoffentlich übersetzbar sein wird in Ratschläge für politisch Handelnde damit auch in Zukunft solchen Perioden - das wird nicht die letzte sein - erfolgreicher begegnet werden kann."

Virausgesat, d'Politik ass iwwerhaapt un den Erkenntnisser vun der Wëssenschaft interesséiert. Ob dat esou ass, wier net ganz kloer.

Am Moment wier fir hien net kloer erkennbar wéi wëssenschaftlech Erkenntnisser an déi politesch Entscheedunge géif afléissen. Och wann ee géif nofroen, géif hie keng Réckmeldung doriwwer kréien, wéi dat wat hie seet dann tatsächlech ëmgesat gëtt.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

10.7. Riicht eraus
Den Afloss vum Virus op d'Kris

D'Politik wier zu engem gewësse Moment net méi derlaanscht komm, de Lockdown opzehiewen, mengt de Psycholog a Psychotherapeut Charles Benoy. D'Leit hätten d'Restriktiounen op eemol net méi acceptéiert.

Symbolbild
Mënsche mat Behënnerung

Lëtzebuerg bräicht eng extern an onofhängeg Kontroll vun den Institutiounen vu Léit mat enger Behënnerung. Dat fuerderen dräi Organisatiounen. Et géifen beonrouegend Praktiken an den Institutioune ginn.

Paulette Lenert, Xavier Bettel
Corona-Kris

D'Regierung hätt sech fest virgeholl alles ze ënnerhuelen, fir en zweete Lockdown ze verhënneren, esou de Xavier Bettel. De Staatsminister huet den Appell widderholl, sech un d'Reegelen ze halen.

Accouchéieren Gebuert
Gesondheet

Wéinst dem Coronavirus huet vill geännert. Och an de Maternitéë ginn et wärend der Corona-Pandemie besonnesch Sécherheetsmesuren. An et ginn och Ënnerscheeder, och an der Fro, ob d'Fra bei der Gebuert muss e Mask undoen.

AKT Rentrée Grondschoul
Educatioun

D'Grondschoul huet de Méindeg hir Dieren no zéng Woche Confinement nees opgemaach. Wochelaang ass an de Gemenge geschafft gi fir déi sanitär Reegelen och an de Schoulen ëmzesetzen.

Chancëgläichheet
Corona-Kris

Fraen kéinte vun der Corona-Kris méi haart getraff gi wéi Männer. Am Confinement goufen d'Inegalitéiten verschäerft. Europadeputéiert fuerderen, datt Hëllefsmesuren dëser Entwécklung entgéint wierken.

Dr. Paul Rauchs
Corona-Pandemie

Angscht virun eppes hunn erméiglecht eng Reaktioun, ënnersträicht de Psychiater Paul Rauchs. De Coronavirus ass awer onheemlech, well een en net gesäit, an do riskéiert eng Angoisse ze entstoen, warnt de Paul Rauchs.

Marc Stein
Corona-Kris

De Psycholog Marc Stein réit de Leit, sech selwer eng gewëss Disziplin opzëerleeën. Et kéint ee sech roueg zwee-, dräimol den Dag iwwer d'Corona-Kris informéieren. Duerno sollt ee bewosst ofschalten.

Isabelle Schmoetten Meenung
Fräie Mikro

D'Gender-Kategorie géif hëllefe komplex Situatioune besser ze verstoen an ze analyséieren, fënnt d'Isabelle Schmoetten vum CID | Fraen an Gender. Si analyséiert d'Corona-Kris duerch den Gender-Brëll.

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • CinEast-Festival 2020

    De CinEast-Festival weist eng Selektioun vu mëttel- an osteuropäesche Filmer. Déi 13. Editioun ass wéinst der Covid-Pandemie eng hybrid: d'Filmer gi souwuel um groussen Ecran wéi och online gewisen.

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen