Radioen

On air

Tockcity  |  Draag - Orb Weaver

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi soll de Paräisser Klima-Accord ëmgesat ginn?

Klima-Konferenz zu Bonn

Wéi soll de Paräisser Klima-Accord ëmgesat ginn?

Fir d'Weltklimakonferenz am Dezember am Chile ze preparéieren hu sech Signatairë vum Paräisser Klima-Ofkommes zu Bonn getraff. Tëschent dem 17. an 27. Juni goufen op dëser Konferenz déi technesch Schwéierpunkte vun der Klimapolitik en Vue vun der Welt-Klimakonferenz diskutéiert. 196 Länner hunn un der Konferenz zu Bonn deelgeholl.

auto_stories

3 min

Un der Konferenz zu Bonn hätten och Länner deelgeholl, déi de Paräisser Klima-Accord nach net ratifizéiert hunn, seet den Andrew Ferrone, Klimatolog um Landwirtschaftsministère. Dorënner och d'USA, déi aus dem Klima-Accord austriede wëllen an zu Bonn eng relativ neutral Roll gespillt hätten, sou de Klimatolog. Virun allem d'Inhalter déi vum Mandat ofgedeckt si wiere kontrolléiert ginn. "Bei deenen Negociatiounen, do ware si elo net destruktiv oder hunn iergend wéi eng schwiereg Positioun gehat."

Op der vergaangener Welt-Klima-Konferenz zu Katowice gouf d'Reegelwierk vum Paräisser Klima Accord festgehalen. Op der technescher Konferenz zu Bonn gouf elo virun allem gekuckt, wéi dëst Reegelwierk an domat den Accord vu Paräis ëmgesat soll ginn. Méi schwiereg hu sech dobäi d'Negociatiounen zu de sougenannte Marchéen duergestallt. Verschidde Länner, virun allem d'Vertrieder vun der EU wollten hei méi ambitiéis Ziler, erkläert den Andrew Ferrone.

Differenz tëschent dem Kyoto- an dem Paräisser Accord

"Beim Kyoto Accord gouf en Zil festgesat an dat huet ee missten erreechen. De Paräisser Accord ass anescht. Do setzen sech d' Länner selwer en Zil an da gëtt et ee Mechanismus dee kuckt op déi Ziler insgesamt ambitiéis genuch sinn." Falls d'Ziler net ambitiéis genuch wieren, géif politeschen Drock gemaach ginn, fir datt déi Ziler méi ambitiéis ginn.

Bei de sougenannte "Marchéen" konnten eenzel Länner hir Klimaziler duerch en Ofkommes erreechen, och wa si hir eigentlech Verflichtungen de facto net anhale konnten. Bei esou engem Marché setze sech zwee oder méi Länner mat ënnerschiddlechen Klimaambitiounen zesummen. Ënner dem Stréch géif esou e Marché et erlaben, datt all déi bedeelegt Länner schlussendlech hir Emissiounsziler anhalen.

D'EU wollt verhënneren, datt d'Beschlëss zu de Marchéen zum Mëssbrauch féiere géifen. Dowéinst hätt een nom Kompromëss vu Katowice Nobesserungen an deem Dossier gefuerdert. No den Negociatioune vu Bonn wier een elo zouversiichtlech, op der Weltklimakonferenz am Dezember eng Léisung an dësem Dossier kënnen ze presentéieren, seet den Andrew Ferrone. En Accord gouf dogéint fir de Spezialrapport zur Äerderwiermung fonnt.

Relativ minimalisteschen Accord

Eng vun deene gréisseren Diskussioune war, wéi de Spezialrapport vum Weltklima-Rot zur 1,5 Grad Erwiermung, deen d'lescht Joer eraus komm ass, soll opgefaasst ginn. Do ware relativ divergent Vuen vun den eenzelen Länner op den Dësch komm an et ass och nëmmen zu engem relativ minimalisteschen Accord komm.

Dësen Accord géif awer duergoen, fir weider Negociatiounen ze féieren, esou den Andrew Ferrone. Meenungsverschiddenheeten an de Klima-Froen wieren dacks op wëssenschaftlech Mëssverständnesser oder divergent politesch Agendaen zeréckzeféieren, sou de Klimatolog. Dacks wieren et déi arabesch Länner, déi wëssenschaftlechen Entwécklungen an och dem Weltklimarot éischter kritesch géintiwwer stinn.

"Anerersäits, wann et ëm d'Ëmsetzung vu verschiddene wëssenschaftlechen Erkenntnisser geet oder wéi een d'Wëssenschaft iwwerhaapt soll ëmsetzen oder wéi een iwwerhaapt Mesuren hëlt fir de Klimawandel festzehalen, do sinn zum Beispill dann éischter déi afrikanesch Länner, déi do ganz dacks froe fir Ënnerstëtzung ze kréien. Dann huet een och natierlech d'Inselstaaten, déi sech ganz staark dofir asetzen fir dat Zil vun den 1,5 Grad ervirzebréngen."