Radioen

On air

9 bis 1  |  Jack Savoretti, Miles Kane - Bada Bing, Bada Boom

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wéi preparéiert Lëtzebuerg sech op Vegetatiouns- a Bëschbränn?

Bëschbrand Gefor

Wéi preparéiert Lëtzebuerg sech op Vegetatiouns- a Bëschbränn?

Vill Länner an Europa bereede sech aktuell op e Summer mat ville Bëschbränn vir. D'Lescht Joer wier esou dréche gewiescht wéi nach ni, geet aus deem neien Europäesche Klimarapport ervir, dee virun enger Woch presentéiert gouf. Och fir dëse Summer gëtt mat änleche Konditioune gerechent.

auto_stories

3 min

D'lescht Joer hunn déi Lëtzebuerger Rettungsdéngschter 150 Vegetatiounsbränn zu Lëtzebuerg gezielt - am Verglach zu 30 dat Joer virdrun. Dësen Trend ass d'lescht Joer a ganz Europa festgestallt ginn, erkläert den Andrew Ferrone, Chef vum Wieder-Déngscht bei der ASTA an Co-Auteur vum Europäesche Klimarapport.

De neie Rapport hätt festgehalen, datt een eng Surface vu Bëschbränn hätt, déi et sou warscheinlech an Europa nach net gouf.

D'Situatioun ass nach stabil

Och zu Lëtzebuerg ginn d'Summere méi waarm a méi dréchen, mee d'Situatioun wier den Ament awer nach stabil, verséchert de Philippe Schmitz vun der Natur-a Bëschverwaltung. Dat hätt och mat der Struktur vun de Lëtzebuerger Bëscher ze dinn.

De Risiko verréngert sech doduerch, datt Lëtzebuerg héich fragmentéiert wier a keng grouss zesummenhänkend Bëschsurfacen hätt op deene sech ee groussflächegt Feier kéint ausbreeden.

Et géif och hëllefen, datt Lëtzebuerg gemëschte Bëschbestänn hätt a keng grouss Monokulturen, seet de Philippe Schmitz.

"De Virdeel ass bei engem gemëschte Bësch Bestand: de Risiko ass einfach méi Bamaarte gestréit. An deene Bëscher ass och e méi ausgeglachent Klima sou datt do d'Feiere sech manner gutt ausbreede kënne wéi elo an enger Monokultur, wou Nolenholz steet"

Risiken am Allgemengen reduzéieren

Trotzdeem ass den Zoustand vun de Lëtzebuerger Bëscher net gutt an doudegt Holz, kombinéiert mat Dréchent a méi waarmen Temperature géifen d'Brandgefor erhéijen. Dorop bereet de Grand-Duché sech och vir. Uganks dës Joers gouf am Kader vun der Krisepreventioun en Aarbechtsgrupp fir Bësch-a Vegetatiouns-Bränn vum Inneministère gegrënnt, erkläert d'Christine Bastian, Responsabel vum Grupp

"D'Strategie ass am Allgemengen d'Risiken ze reduzéieren op Basis vun enger antizipativer Approche. Dat heescht, datt een d'Populatioun, mee och déi verschidde Secteure fréizäiteg informéiert an och sensibiliséiert op déi verschidden Themen. Wéi ee sech soll verhalen a wéi ee sech net soll verhalen."

An dësem Aarbechtsgrupp sinn ënner anerem d'Naturverwaltung, den Tourismus, d'Landwirtschaft, de CGDIS a Meteolux vertrueden. D'Koordinatioun läit beim Inneministère fir eng effektiv Preventioun an - am Fall vun engem Brand - eng séier Reaktioun ze garantéieren, sou d'Christine Bastian.

"Awer och ze organiséiere wann eppes geschitt am Bësch oder op enger Wiss. Da gëtt gekuckt, datt een iwwerall hikënnt, de Läschwon dohi kënnt. Datt genuch uerdentlech breet Weeër do sinn. Datt et Plaze gi wou de Won ka Waasser siche goen."

Seng Responsabilitéite kennen

De CGDIS ass um Terrain an der éischter Rei present am Fall vun engem Bëschfeier. Op Nofro hin deelen d'Rettungsdéngschter schrëftlech mat, datt souwuel Beruffs- wéi fräiwëlleg Pompjeeën entspriechend Formatiounen hu misse maachen a spezifescht Material, wéi Läsch-Camionen, uechtert d'Land stationéiert wiere fir am Noutfall séier op der Plaz ze sinn.

Wichteg wier d'Leit op hir Responsabilitéit opmierksam ze maachen. Christine Bastian betount, datt ee keng Zigaretten aus dem Auto soll geheien, kee Feier iergendwou an engem Bësch sollt maachen, just op spezifesch ausgeschriwwene Plazen.

Et soll een och net mam Auto iwwer Felder oder Feldweeër fueren, heescht et vum CGDIS. De Gros vun de Bësch- a Vegetatiounsbränn ginn duerch d'mënschlecht Handelen ausgeléist a verbreede sech bei Dréchent séier.