Radioen

On air

9 bis 1  |  M Field - Gargoyle

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wéi nei sinn d'Kandidat:innen op der Fokus Lëscht fir d'Gemengewalen

Fokus

Wéi nei sinn d'Kandidat:innen op der Fokus Lëscht fir d'Gemengewalen

Nei Partei, nei Gesiichter - D'Partei Fokus trëtt bei de Gemengewalen den 11. Juni mat 3 komplette Leschten un - an der Stad Lëtzebuerg, zu Déifferdeng an zu Suessem. De Fokus Parteispriecher Frank Engel huet op der Pressekonferenz, wou d'Lëschten annoncéiert goufen, vill vun Erneierung geschwat. Mee wéi nei sinn d'Kandidatinnen a Kandidaten op de Fokus Lëschte wierklech?

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


De Fokus Parteispriecher Frank Engel sot op enger Pressekonferenz, Fokus hätt op hire Gemengen-Wal Lëschten "lauter richteg Leit... real existéierend Mënschen aus dëser Gesellschaft. A net déi, déi mer rëm eng Kéier raus gegruewen hunn, well se schonn déi lescht dräi Kéiere kee Mandat kritt hunn, an elo endlech onbedéngt eent wëllen".

Net nëmme politesch Newcomer

Et sinn awer net nëmme politesch Newcomeren ënnert den 63 Fraen a Männer, déi fir Fokus zu Lëtzebuerg, Déifferdeng a Suessem bei de Gemengewale kandidéieren. 12 vun hinnen hu schonn op d'mannst eng Kéier bei de Gemengewale mat gemaach.

Dorënner de Fokus Parteipresident a Stater Spëtzekandidat Marc Ruppert. 2017 war hien DP Kandidat an der Stad. De Nico Hoffmann, President vum Konsumenteschutz ULC, goung 2017 fir d'Stater CSV mat an d'Course, de fréieren Arméi-Chef Mario Daubenfeld, och 2017, fir d'ADR, an d'Béatrice Clement 2011 schonn, och fir d'ADR an der Stad.

Gemengpolitesch Erfarung

Vill gemengepolitesch Erfarung bréngt op der Stater Fokus Lëscht de Luc Majerus mat. Hie kandidéiert fir d'drëtte Kéier, nodeems hien 2011 an 2017 fir déi Gréng zu Esch-Uelzecht mat an de Gemengewale goung, an duerno siwe Joer laang Escher Conseiller war. Eng gewëssen Erfarung bréngt op der Suessemer Fokus-Lëscht och de Yannick Civéra mat. 2011 an 2017 hat hien zu Suessem fir d'DP kandidéiert.

Wat déi fréier politesch Heemescht ugeet vun deenen 12, déi haut fir Fokus nees bei de Gemengewalen untrieden, kann ee feststellen, datt déi meescht vun der DP an der ADR kommen. Mat jeeweils véier Leit, déi virdru fir d'DP oder ADR kandidéiert haten. Zwee ware virdrun op enger CSV Lëscht, ee bei Déi Gréng, an een, de Pitt Klein, hat 2017 an der Majorzgemeng Waldbëlleg kandidéiert, ier e bei Fokus koum.