Radioen

On air

Notturno  |  Water From Your Eyes - "Quotations"

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi kritesch ass eis Geschichtsschreiwung?

Lëtzebuerg an de Weltkricher

Wéi kritesch ass eis Geschichtsschreiwung?

Ganz laang hätt Lëtzebuerg esou gemaach, wéi wann een am Éischte Weltkrich ëmmer op der richteger Säit gewiescht wier. Fir beim Opschaffe vun der Wourecht am Zweete Weltkrich, besonnesch beim Thema vun der Spoliatioun vun de Judden zu Lëtzebuerg, wier et wichteg, datt Historiker sech net instrumentaliséiere loossen, seet den Historiker Denis Scuto. Vill Froe wieren nach net gekläert a missten opgeschafft ginn.

auto_stories

4 min

An engem Historikersträit huet de Vincent Artuso de Paul Dostert rezent hefteg ugegraff. De Paul Dostert ass de fréieren Direkter vum Fuerschungszenter iwwer d'Resistenz. Hien hat an der Suite vun engem éischte Rapport iwwer d'Spoliatioun vu jüddeschem Besëtz am Zweete Weltkrich, eng zousätzlech Recherche am Optrag vun der Regierung gemaach iwwer déi sougenannten "Comptes dormants". Dat si Bankkonten, deenen hir Besëtzer oder Nokommen net méi nom Zweete Weltkrich zeréckkomm sinn.

Zweete Weltkrich: Sech net instrumentaliséiere loossen

De Vincent Artuso reprochéiert dem Paul Dostert Informatiounen zeréckgehalen ze hunn, fir dem Optraggeber, der Regierung, an och de Banken, gefälleg ze sinn. Den Denis Scuto mengt dozou, datt Historiker ëmmer missten oppassen, datt si net instrumentaliséiert géife ginn, an datt si hir Onofhängegkeet géife behalen:

"Vill Leit ginn Opträg un Historiker. Si hätten engersäits gär, datt déi Historiker Experte sinn, mee, tëschent den Zeilen ass och esou e Legitimatiounsoptrag dobäi. Dat ass net einfach."

Spoliatioun: Nach vill Fuerschung néideg

D'Thema Spoliatioun am Zweete Weltkrich wier e schwieregt. Et wier éischtens eng politesch-ethesch Fro: "Et ass nu mol eng Realitéit, datt déi jüddesch Bevëlkerung spoliéiert gouf an net entschiedegt gouf - op d'mannst net ganz a scho guer net déi auslännesch a staatelos Judden", seet den Historiker Denis Scuto.

Et wier awer och eng Fro un d'Historiker, well et nach net kloer wier, wéi vill déi knapp 4.000 Judden, déi zu Lëtzebuerg waren, haten an ewechgeholl kruten. Do wier nach ganz vill Fuerschung ze maachen, mengt den Denis Scuto.

Geschichtsschreiwung: "Keng Hagiographien"

Ob d'Fro hin, ob hie sech hanner de Vincent Artuso a seng Ausso géif stellen, datt Geschichtsschreiwung méi kritesch misst sinn, egal wien den Opdraggeber ass, seet den Denis Scuto. "Also Geschicht ass kritesch, soss ass et keng Geschicht, soss ass et Gefällegkeets-Geschichtsschreiwung an Hagiographien." Déi Zäite wieren eriwwer, fënnt den Denis Scuto.

Fir den Denis Scuto war et wichteg, datt déi lescht Regierung eng kloer Trennung tëschent de Beräicher "Mémoire" an "Geschichtsschreiwung" gemaach huet. Virdru wier dat net geschitt gewiescht an dowéinst gouf och den Institut fir Zäitgeschicht op der Uni Lëtzebuerg gegrënnt. Den Éischte Weltkrich hätt den Zweete Weltkrich annoncéiert, an dofir misst een déi zwee Weltkricher zesumme kucken an och hiren Impakt op haut zesummen analyséieren.

Éischte Weltkrich: Net ëmmer op der richteger Säit

Ganz laang hätt Lëtzebuerg esou gemaach, wéi wann een am Éischte Weltkrich op der richteger Säit gewiescht wier, seet den Denis Scuto. Dofir misst ee sech just d'Stroossennimm ukucken, sou wéi zum Beispill d'Rue du Maréchal Forch oder d'Rue Georges Clemenceau. Et géif keng Strooss Kaiser Wilhelm ginn, well een nëmme Legionären, déi op der Säit vun den Alliéierte gekämpft hunn, gefeiert huet.

"Bon, d'Realitéit, dat wësse mir haut, war méi nuancéiert", seet den Historiker. Lëtzebuerg war zwar neutral, mee d'Regierung an d'Groussherzogin hätten am Ufank vum Krich éischter op déi däitsch Kaart gesat. Eréischt wéi gemierkt gi war, datt dat net déi richteg Decisioun war, wier versicht gi fir duerno Kontakter zu den Alliéierten opzehuelen. D'Stolindustrie huet, direkt oder indirekt, trotz Neutralitéit missten zum Deel fir déi däitsch Krichsmaschinerie schaffen, seet den Denis Scuto.

E staarken Impakt fir d'Bevëlkerung

D'Lëtzebuerger Populatioun hat den Impakt vum Éischte Weltkrich duerch déi katastrophal Lag vum Ravitaillement ze spiere kritt, an et wier méi Honger gelidde ginn am Éischte Weltkrich wéi am Zweete Weltkrich.

Et wier den éischte globalen an totale Krich gewiescht, ënner deem et och vill Affer an der Zivilpopulatioun gouf, seet den Denis Scuto, duerch Doudesaffer wéinst Bombardementer vun den Alliéierten, wou et iwwer 50 Doudeger am Land gouf. Den Impakt vum Éischte Weltkrich hätt een och ze spiere kritt duerch d'Presenz vun däitschen a franséischen Zaldoten, déi zu Lëtzebuerg gefleegt oder begruewe gi sinn.