Verfassungsreform Verfassungsännerungen: Wéi kann et zu engem Referendum kommen?

Eng ëffentlech Petitioun fir e Verfassungsreferendum wäert an der Chamber debattéiert ginn, sou datt d'Parteie sech nach emol zur Fro musse positionéieren. Ee Referendum kéint vum Parlament, mee och vun de Bierger declenchéiert ginn.

Pia Oppel

Chamber
Déi ëffentlech Petitioun fir e Referendum iwwer d'Verfassungsreform gëtt an der Chamber debattéiert

Wat fuerdert de Petitionär?

De Petitionär Gérard Koneczny wëllt erreechen, datt d'Regierung oder d'Chamber e Referendum iwwer d'Reform vum Grondgesetz sollen organiséieren, fir datt d'Wieler doriwwer kéinten decidéieren.

D'Petitioun huet bannent knapp 14 Deeg scho méi wéi 4.500 Ënnerschrëfte kritt. Deemno ass de Seuil erreecht, wou d'Chamber eng Debatt iwwer d'Petitioun muss organiséieren.

Wéini gëtt iwwer d'Petitioun debattéiert?

D'Petitioun kann zanter dem 28. September a wärend engem Zäitraum vun 42 Deeg ënnerschriwwe ginn. De Schluss vun der Kollekt vun den Ënnerschrëften ass den 8. November.

Och wann de Seuil vu 4.500 Ënnerschrëfte schonn erreecht ass, misst de Statuten no de kompletten Delai ofgewaart ginn, seet d'Presidentin vun der Chamber-Petitiounskommissioun Nancy Kemp-Arendt.

Wann den Delai da bis ofgelaf ass, kontrolléieren d'Servicer vun der Chamber, ob d'Ënnerschrëfte valabel sinn, erkläert d'Nancy Kemp-Arendt. Wann alles "ultra-rapid" geet, da kéint den Debat public iwwer dës Petitioun a véier bis fënnef Wochen organiséiert ginn, heescht et op Nofro aus der Chamber.

Wat ass den Enjeu vum Debat iwwer d'Petitioun?

All d'Parteie musse sech dann zur Revendicatioun vum Petitionär positionéieren.

D'ADR, d'Piratepartei an déi Lénk hu sech schonn dofir ausgeschwat, datt d'Chamber esou ee Verfassungsreferendum sollt organiséieren. Déi dräi kleng Oppositiounsparteien hunn awer zesummen net déi 15 vu 60 Stëmmen, déi dem Gesetz no néideg si fir esou eng Decisioun erbäi ze féieren.

Déi dräi Majoritéitsparteien (DP, LSAP an déi gréng) grad ewéi d'CSV hu sech géint ee Verfassungsreferendum ausgeschwat - a bleiwen elo op Nofro hi bei hirer Positioun.

Wéi gëtt eng Verfassung geännert?

Fir d'Verfassung ze änneren, muss de Reformtext mat enger qualifizéierter Majoritéit (also zwee Drëttel vun de Stëmmen) ugeholl ginn. Fréistens dräi Méint méi spéit ass dann en zweete Vott néideg. Dësen zweete Vott kann och duerch e Referendum ersat ginn.

Et ginn zwou Méiglechkeete fir ee Referendum iwwer eng Verfassungsännerung unzefroen:

  • Mat de Stëmme vu 16 oder méi Deputéierten
  • Mat de Stëmme vu 25.000 Leit, déi op de Wielerlëschten agedroe sinn. Esou eng Initiativ muss vun op d'mannst fënnef Leit ausgoen, déi bannent 14 Deeg nom éischte Vott an der Chamber eng entspriechend Demande beim Staatsminister areechen. D'Ënnerschrëfte mussen op Pabeier gesammelt ginn. D'ADR huet eng Gesetzpropositioun agereecht, fir datt déi Ënnerschrëften och digital kéinte gesammelt ginn.

Wat ass den Zäitplang fir d'Reform vun der Verfassung?

An der Woch vum 18. Oktober soll den éischte Vott iwwer dat neit Justiz-Kapitel sinn. Déi dräi aner Kapitele vun der Verfassungsreform sollen dann no an no vun der Chamber ugeholl ginn, a wéi engen Ofstänn ass nach net definéiert.

D'DP-Deputéiert Simone Beissel sot eis, d'Zil wier et déi jeeweils zwee Votten iwwer déi véier Kapitelen alleguer bis Enn 2022 ofgeschloss ze hunn. Dat natierlech an engem Zenario, wou et zu kengem Referendum kéim.

Méi zum Thema

Informatiounsversammlung iwwer nei Verfassung
Lëtzebuerg

Véier Kapitele goufen ausgeschafft, fir d'Verfassung ze reforméieren. E Freideg hat d'Chamber eng éischten Informatiounsversammlung zur Verfassungsännerung organiséiert, wou d'Bierger hir Froen konnte stellen.

Simone Beissel
Verfassungsreform

Ier datt d'Ännerungen un der Verfassung gestëmmt ginn, lancéiert d'Chamber eng Informatiounscampagne. Informatioune sollen op de sozialen Netzwierker verbreet an eng Informatiounsversammlung organiséiert ginn.

Illustratioun fir Artikel iwwer Verfassungsreform
Just eng punktuell Reform vun der Verfassung

Fir den Text vum Grondgesetz ze moderniséieren, sollen an den nächsten zwee Joer, a verschiddenen Etappen, nëmmen nach d'Haaptiddie vun der geplangter grousser Reform decidéiert ginn.

Verfassung vu Lëtzebuerg
Verfassungsreform

Dat aktuellt Grondgesetz soll a Phase reforméiert ginn. Dat gouf den Dënschdeg no der zoustänneger Chamberkommissioun ugekënnegt. E grousse Verfassungs-Referendum wäert et net ginn.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen