Déi Lëtzebuerger Zentralbank huet ënnert d'Lupp geholl, wéi Ierfschaften oder Done beim Kaf vu Logementer kënnen hëllefen. D'Resultater baséieren op den Donnéeën aus der Enquête iwwert dat finanziellt Verhalen an d'Consommatioun vun den Haushalter.
Knapp een Drëttel vun de Menagen hu substantiell privat Verméigens-Transferte kritt. Ënnert dësen Haushalter si bal 90 Prozent Besëtzer vun hirem Haus oder hirer Wunneng. Bei deenen, déi ni substantiell geierft hunn, oder substantiell Done kritt hunn, sinn nëmme 60 Prozent Besëtzer vun hirem Logement.
Den Zäitpunkt huet ee wichtegen Impakt
Bei Transferte vu méi wéi 100.000 Euro klëmmt d'Warscheinlechkeet, Proprietär ze sinn, stellt d'Etüd fest. Wéinst den héijen Immobiliëpräisser hei am Land, géife manner héich Transferten dacks net duer goen, fir den Haushalter ze hëllefen, déi néideg Eegemëttel fir den Immobiliekaf opzebréngen.
Wichteg fir den Impakt ass och den Zäitpunkt vun der Ierfschaft oder dem Don, esou d'BCL. Ënnert deenen, déi vu substantiellen Transferte profitéiert hunn, hätten 38 Prozent hir Immobilien dräi Joer vir oder nom Transfert kaaft. Bei jonke Besëtzer léich dësen Undeel souguer bei 67 Prozent.
D'Zentralbank stellt fest, datt private Verméigens-Transferten den Haushalter hëllefe fir Besëtzer vun hirem Doheem ze ginn. Fir Jonker wier dat speziell relevant.