Radioen

On air

Notturno  |  Delegation - Oh Honey

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wéi kënnen déi elektronesch Medië reguléiert ginn?

Medien

Wéi kënnen déi elektronesch Medië reguléiert ginn?

Lëtzebuerg an Europa brauchen eng kloer an eenheetlech Gesetzgebung fir d'Regulatioun vun den elektronesche Medien. Doriwwer ware sech gëschter Owend alleguerten d'Acteuren eens beim Optakt vun enger Konferenz iwwer zwee Deeg vun der Lëtzebuerger Medienopsiicht, ALIA, an deem Kontext. Dat lescht Gesetz hei am Grand-Duché wat sech mam Sujet befaasst, feiert am Juli säin 32. Anniversaire. Den Internet deemools an haut sinn awer net méi matenee vergläichbar: eng Reform ass méi wéi fälleg.

auto_stories

3 min

Sozial Netzwierker, Influencer, Fake News, Desinformatioun, Haass am Netz, Cybermobbing oder Cybergrooming, alles dat si Beräicher, déi eng modern Gesetzgebung ronderëm d'elektronesch Medië sollt reguléieren. Gläichzäiteg gëllt et awer, d'Fräiheet vun de Medien an d'Onofhängegkeet vun der Press weiderhin ze respektéieren. En delikate Balance-Akt also. Fir den Tobias Schmid, Direkter vun der Medienopsiicht vun Nordrhein Westfalen an EU-Beoptraagte vun der Direktorenkonferenz vun den däitsche Medienopsiichten, gëllen heivir haut déi selwecht Grondprinzippië wéi virun 30 Joer.

"Der Schutz der Menschenwürde, der Schutz der Jugend, der Schutz der Nutzerinnen und Nutzer und der Schutz der Vielfalt."

D'Schwieregkeet haut léich doran dës Prinzippien an der Envergure vum haitegen Internet weider ze verdeedegen, a senger Räichwäit, senger Vitesse a virun allem der Mass u Contenu déi all Dag generéiert gëtt, sou den Tobias Schmid.

An Europa variéieren d'Opfassunge vu Pressefräiheet nach immens

D'Bewosstsinn, datt Handlungsbedarf besteet hëlt zou: D'EU huet sech an de leschte Jore schonn eng Rëtsch Moyene ginn, fir déi elektronesch Medien ze reguléieren: D'lescht Joer beispillsweis mam Digital Services Act, dee grouss Plattformen mat iwwer 45 Milliounen Notzer an d'Verantwortung hëlt, hire Contenu ze kontrolléieren. An aktuell ass den European Media Freedom Act an der Diskussioun, deen de Mediapluralismus an hir Onofhängegkeet an der EU soll schützen. Mee queesch duerch Europa variéieren d'Opfaassunge vu Pressefräiheet deels nach immens - och an der EU ginn et Länner, déi am Ranking vun der Pressefräiheet vu Reporter Ouni Grenzen ganz wäit hanne leien, wéi Griicheland op 108. Plaz vun 180, oder Bulgarien op 91. Positioun. D'Vertriederin vun der EU-Kommissioun zu Lëtzebuerg, Anne Calteux betount, datt all d'Memberstaate misste kooperéieren a sech déi néideg Moyene ginn, fir d'Kommissiounstexter an nationaalt Recht ze transposéieren.

EU-Medienopsiicht keng Optioun

D'Wichtegkeet vun der Kooperatioun op EU-Niveau ënnersträicht och den Tobias Schmid. Dobäi missten déi territorial an institutionell Zoustännegkeete kloer definéiert sinn. Hie plädéiert allerdéngs net fir eng Zentraliséierung vun der Medienopsiicht an Europa, aus engem ganz einfache Grond.

Onofhängeg Reguléierungsautoritéite géife sech immens schlecht radikaliséiere loossen.

"Selbst wenn in ein, zwei oder drei Mitgliedsstaaten die Köpfe solcher Behörden, die Gremien, ausgetauscht würden, dann ändert das an den restlichen 23 gar nichts. Und die werden darauf achten, dass wir einigermassen auf Kurs bleiben."

Xavier Bettel: Educatioun vum Eenzelnen och wichteg

Onofhängegkeet an eng adequat finanziell Ënnerstëtzung wieren essentiel, fir datt déi national Medienopsiichten hiren Optrag kéinten erfëllen, sou den Tobias Schmid. Esou kéinte Systemer entwéckelt ginn, wéi en an Däitschland aktuell schonn agesat gëtt: Do duerchsicht de KiVi, eng kënschtlech Intelligenz, all Dag zéngdausend Internetsäiten no Rechtsverstéiss, déi duerno kënne poursuivéiert ginn.

Fir de Premier Xavier Bettel ass nieft neie Gesetzer awer och d'Educatioun vum Eenzelen am Ëmgank mam Internet wichteg, fir e Bewosstsinn ze schafen, fir dat wat wouer a falsch ass.

Datt e Besoin besteet, fir déi elektronesch Medien ze reguléieren, steet also ausser Fro. D'Grondparametere schéngen och kloer ze sinn. Vertrieder aus der Politik, der Press a vun der Medienopsiicht ALIA diskutéieren haut doriwwer, wéi eng nei Gesetzgebung op nationalem Niveau kéint ausgesinn.