BREXIT Wéi huet d'CSSF sech op de Brexit preparéiert?

Wann et zu engem haarde Brexit kënnt, da soll Chaos op der Finanzplaz Lëtzebuerg evitéiert ginn. Am Fall vun engem net-geuerdenten EU-Austrëtt vu Groussbritannie sollen d'Iwwerwaachungskommissioun vum Finanzsecteur CSSF an de Commissariat aux Assurances CAA déi néideg temporär Moossname kënnen huelen. Ziler sinn d'Garantie vu Stabilitéit an dem gudde Fonctionnement am Finanzsecteur.

Serge Kesseler / cbi

Luxembourg United Kingdom
Tëschent Lëtzebuerg a London ginn et déif Verbindungen, esou de Claude Marx. Symbolbild. Foto: Bigstock / argus456

Lëtzebuerg ass a Saache Brexit esou gutt opgestallt, wéi et méiglech ass sech opzestellen, seet de Claude Marx. De Generaldirekter vun der CSSF erënnert un d'Virbereedungsaarbechte vun der Regierung, den Opsiichtsautoritéiten a vun den Entreprisë selwer. Et kéint awer kee genee virausgesinn, wat alles passéiere kéint am Fall vun engem haarde Brexit, well et sou een Zeenario nach ni gi wier, esou de Claude Marx.

Relatiounen tëschent Lëtzebuerg a London

De Generaldirekter vun der Iwwerwaachungskommissioun vum Finanzsecteur war op en neits an der Finanz- a Budgetskommissioun vun der Chamber. Et ass him wichteg ze ënnersträichen, wéi déif déi Relatiounen tëschent Lëtzebuerg a London sinn, "am konkrete Liewen an deenen eenzele Beruffer, déi mir iwwerwaachen". Et wier wichteg, déi noutwendeg Instrumenter ze hunn, fir kënne sécher ze stellen, datt et duerch en haarde Brexit net zu engem Chaos am Marché géif kommen.

De Claude Marx erënnert och drun, datt et am Fall vun engem Brexit ouni Accord keng Transitiounsperiode wäert ginn. Bei engem Ofkommes géif et esou eng Phas vun 21 Méint awer ginn.

Fongenindustrie ass gutt opgestallt

D'Haaptvirbereedungsaarbecht vun der CSSF wier déi gewiescht fir ze kucken, wéi eng Zorte vun Arrangementer et tëschent Lëtzebuerg a London ginn, erkläert de Generaldirekter Claude Marx. Am Beräich vun den Investmentfonge wier et esou, datt vill Fongemanager hei am Land op britesch Prestatairen zréckgräifen. Hei géif et een Accord tëschent de 27 EU-Memberlänner a Groussbritannie ginn, deen et erlaabt, datt lëtzebuergesch Firme weiderhin op englesch Servicer zeréckgräife kënnen. "Vun deem hier si mir an der Fongenindustrie elo gutt opgestallt", esou de Claude Marx.

Bei der CSSF géif et kee spezifescht "Brexit-Team" ginn, fir d'Viraarbechte fir de geplangten EU-Austrëtt vu Groussbritannien, esou de Claude Marx, deen zanter gutt dräi Joer CSSF-Generaldirekter ass. All d'Servicer wiere beusprocht, "well mir hei vill Lienen hunn an all deene Metieren, déi mir iwwerwaachen. Mir iwwerwaache jo net nëmme Banken, mir iwwerwaache Fongen, mee och Etablissements de paiements, Monnaie électronique." An all deene Beräicher géif et Kontakt mat London ginn, an déi wäert et och nom Brexit ginn, esou de Claude Marx.

D'CSSF iwwerwaacht déi Professionell an d'Produkter vum Lëtzebuerger Finanzsecteur mat Ausnahm vun den Assurancen. D'Iwwerwaachungs-Kommissioun ënnersteet dem Finanzminister. D'CSSF ass een Etablissement Public an huet - eegener Ausso no - eng "gewëssen Autonomie".

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Serge Kesseler
Lauschteren

Méi zum Thema

Anti-Brexit Demonstranten Analys
Chronik

Zu London ass fir e Samschdeg eng Demonstratioun en Faveur vun engem neie Brexit Referendum geplangt. D'lescht Woch hat d'Parlament en neie Referendum mat enger grousser Majoritéit ofgeleent.

Brexit British flag missing piece from a European jigsaw puzzle
Brexit

Trëtt Groussbritannien aus der EU aus? Wa jo, wéi a wéini? Just 19 Deeg virum geplangten Austrëtt sinn dës Woch eng Serie Votten am Parlament zu London, vun deenen d'Zukunft vu Groussbritannien ofhänkt.

Programm

  • Vun 10 bis 2

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

  • Tockcity

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen