Radioen

On air

Notturno  |  Will Epstein - Oyster Bay

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wéi gutt ass Lëtzebuerg op ee groussflächege Stroumausfall virbereet?

Stroumnetz

Wéi gutt ass Lëtzebuerg op ee groussflächege Stroumausfall virbereet?

Aktuell Tensiounen am Energiesecteur maache ville Verbraucher Suergen. En Zenario vun engem Blackout ass zwar onwarscheinlech, mee kann net ausgeschloss ginn.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

Et géif een esou Zenarioe schonn zënter méi wéi zwielef Joer an engem Simulator an Däitschland trainéieren, wou dat ganzt lëtzebuergescht Netz op engem mathematesche Modell ofgebilt wier, seet de Carlo Bartocci vum Energieversuerger Creos.

"An do sëtzen eis Dispatcher da virun Ecranen, déi quasi d'selwecht si wéi dat wat se bei eis zu Beetebuerg hunn. An da gëtt esou ee Blackout-Zenario duerchgespillt an da gëtt gekuckt, wéi schnell a wéi reagéieren eis Dispatcher."

An den Handbicher wieren déi genee Prozedure fir déi eenzel Fäll ausgefouert.

Et gëtt eng Rei Pläng fir den Noutfall

Fir d'Versuergungssecherheet ze koordinéiere gëtt et zu Lëtzebuerg eng Rei Noutfallpläng. Zum Beispill den "Plan d'intervention d'urgence en cas de rupture d'approvisionnement en énergie" - kuerz PIU. Vun der Kommissioun fir national Sécherheet konzipéiert, beschreift dëse Plang graff, wéi eng Moossnamen am Fall vun engem gréisseren Ugrëff op d'Energieversuergungssystemer geholl musse ginn.

"Mir koordinéieren eis do jo och mat Amprion. Si informéieren eis, wéi laang et ongeféier dauere wäert. An dat wat mir an esou Fäll maachen ass, datt mir eist Netz komplett oftrennen. Dat heescht all eenzel Leitung gëtt ofgeschalt, sou datt all eenzele Posten isoléiert ass fir datt mir an engem definéierten Zoustand si fir kënne bäizeschalten."

Nieft dem PIU, dee rezent punktuell iwwerschafft gouf, gëtt et och nach den Ofschaltplang vun der CREOS. Dee gesäit eng systematesch Reduktioun vum Energieverbrauch vir, fir ugekënnegt oder previsibel Ausnamesituatiounen ze bewältegen. Dobäi gëtt de Stroum vu bestëmmten oder och vun allen Notzer iwwert eng definéiert Zäit ofgeschalt oder ageschränkt. Dat ass awer déi lescht Mesure vun den Netzbedreiwer zu Lëtzebuerg fir de Schued a Grenzen ze halen.

Blackoutrisiko net méi héich wéi déi Jore virdrun

D'Situatioun vun der Stroumproduktioun virun allem an Zentraleuropa géif aktuell net dorop hiweisen, datt de Risiko vun engem Blackout wesentlech méi héich ass wéi an deene leschte Joren. D'Theema Blackout misst also an ee Kontext gesat ginn. D'Probleemer am Netz ginn zu all Moment vun de Bedreiwer analyséiert.