Radioen

On air

Notturno  |  Mathieu Clement Sextet - Coming Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi gréng ass Atom-Energie?

GRÉNG FINANZEN

Wéi gréng ass Atom-Energie?

D'Europäesch Kommissioun huet d'Reegele fir "gréng" Investitiounen iwwerschafft. Déi ëmstridde Fro, ob Atomenergie oder Äerdgas kënnen als nohalteg aklasséiert ginn, bleift op.

auto_stories

4 min

Foto: Bigstock / ginasanders

Wéini ass eng Investitioun als gréng unzegesinn? An der EU gëtt et Reegelen, déi dat definéieren: An der sou genannter grénger Taxonomie gëtt festgeluecht, wéi eng ekonomesch Aktivitéiten als gréng oder nohalteg agestuuft ginn. D'Reegele goufen iwwerschafft, d'Europäesch Kommissioun huet e Mëttwoch deen éischten Deel dovu virgestallt.

Waarm Gromper gëtt elo net ugepaakt

Virun allem awer doriwwer, ob een d'Bedreiwe vun Atomenergie oder Gas-Kraaftwierker als gréng ka bezeechnen, gouf am Virfeld massiv gestridden. Am neie Gesetzestext ginn dowéinst elo déi zwee Punkten ausgeklamert. Deen Delai, sou heescht et an deem Text, soll et méiglech maachen, datt eng transparent Debatt gefouert gëtt, doriwwer, ob Gas oder Atomkraaft hiren Deel zum Klimaschutz bäidroe kënnen an deemno eng Investitioun an dee Secteur och als gréng kann aklasséiert ginn.

Fir d'Lëtzebuerger Regierung steet fest, datt dat net méiglech ass, seet den Energieminister Claude Turmes.

"Reng objektiv gesi kënne weder Gas nach Atom jee als gréng Investitioun ugesi ginn, well se eben d'Klima futti maachen oder wéi bei der Atomkraaft aner gréisser Ëmweltschied verursaachen."

Lëtzebuerg hat zesumme mat aacht anere Regierungen déi lescht Woch d'Kommissioun an engem Bréif opgefuerdert, net domat ze waarden, déi nei Reegele virzestellen. Déi zwee Beräicher Gas an Atomkraaft auszeklameren, wier éischter eng gutt Nouvelle, sou de Claude Turmes. Hien hätt d'Hoffnung, datt een et "zesumme mat anere Regierunge packt", datt dono eng gutt Léisung fonnt gëtt.

EU ass zerstridden

Allerdéngs ass do mat Géigewand ze rechnen. D'Kommissioun selwer ass zerstridden, si krut an der Läscht eng ganz Partie Bréiwer - mat ganz konträre Positiounen.

2019 war ee sech eens ginn, ee System ze schafen, dee festleet wéi eng ekonomesch Aktivitéiten als nohalteg agestuuft ginn. Datt Standarde fir gréng Finanzen definéiert ginn, ass wichteg fir Investisseuren. Si wäerten hiert Verhalen no deem Klassement riichten, seet den Simone Tagliapietra, vum Think Tank Bruegel. Déi Taxonomie spillt eng wichteg Roll. Sollt Atomenergie dran opgeholl ginn, da gëtt et méi einfach, Atomprojeten ze finanzéieren.

Dofir setzt sech zum Beispill Frankräich an, wat och ee Bréif geschriwwen huet. Zesumme mat Polen der Tschechescher Republik, Rumänien, der Slowakei a Slowenien gëtt dora gefuerdert, fir d'Atomenergie sollt de "level playing field", also déi nämmlecht Bedingunge wéi fir aner Energiequelle gëllen. Dowéinst misst ee berécksiichtegen, datt et sech hei ëm klimafrëndlech Energiequell handelt.

Déi franséisch Positioun ass kloer. "Il faut du nucleaire dans le mix de l'énergie, le nucléaire ne représente pas la solutioun mais une partie de la solution", sou de franséischen Europadeputéierte Christophe Grudler.

Et wier un de Länner selwer an net un der EU ze decidéieren, wéi eng Zort Energie si wëllen asetzen, fënnt de franséische Liberalen. Dat gesinn och aner Regierungen, déi op Atomkraaft setzen, wéi zum Beispill Polen esou.

Äerdgas- an Atomenergie-Unhänger kéinte sech zesummendinn

Och Gas gëtt vu verschiddenen als Energiequell ugesinn, déi een Auswee aus der méi klimaschiedlecher Kuel bidde kann. Dorop weisen eng 80 Europadeputéiert, haaptsächlech aus osteuropäesche Länner an engem weidere Bréif hin.

An der Diskussioun ëm déi gréng Taxonomie awer geet et net drëms, ob een an Zukunft dierf een Atomkraaft- oder Gaswierk bauen oder net, stellt de Lëtzebuerger Energieminister kloer. Zil wier et, den Investisseuren d'Informatioun ze liwweren, wéi eng Energie als gréng oder nohalteg anzestufen ass wéi eng net, sou de Claude Turmes.

Kloer ass awer, datt mat deem Aklasséiere vun Investitiounen och den Zougank zu EU-Sue respektiv d'Urechne vun där Investitioun als Klimaschutzmesure verbonne wier.

Genee dorop zilen d'Länner wéi Frankräich mat hirem Asaz fir Atomenergie oder de Gas als ëmweltfrëndlech Energiequell of. Si kéinte sech um Enn zesummendinn.