Risike wéinst héijen Temperature bei eelere Leit Wéi ginn d'Altersheemer mat der Hëtzt ëm?

Et war bis elo ee waarmen an dréchene Summer, a bei grousser Hëtzt ziele speziell eeler Leit als besonnesch vulnerabel Persounen. D'Vesna Andonovic war an de CIPA (Centre Intégré Pour Personnes Agées) zu Mamer kucken, wéi een an den Altersheemer den Ament drop oppasst, datt d'Residenten déi waarm Deeg gutt iwwerstinn.

Vesna Andonovic / sam

Eng eeler Persoun mat engem Glas Waasser
Eeler Leit gëllen als besonnesch vulnerabel bei héijen Temperaturen. Foto: Cube_KRD, Bigstock .

Lauschteren


Wéinst den héijen Temperature ginn an den Altersheemer uechter d'Land den Ament verschidde Mesure geholl: Zum Beispill gëtt opgepasst, datt d'Residenten adaptéiert Kleeder undinn, méi liicht Menüen zerwéiert ginn an Aktivitéite manner ustrengend gemaach ginn.

E Méindeg ware jo 36,3 Grad um Findel gemooss ginn, mee den Direkter vum CIPA Mamer, de Christophe Welter, huet festgestallt, datt net vill Bewunner sech géingen iwwer d'Hëtzt beschwéieren. Generell géifen eeler Leit sech manner beweegen, an dowéinst d'Hëtzt als manner erdréckend empfannen.

Genuch Waasser drénken ass wichteg

Eng Suerg wier awer, datt eeler Leit manner drénke géifen. Dowéinst misst ee si méi dacks drun erënneren, erkläert de Christophe Welter. Dat wier awer net nëmmen am Summer de Fall. Och bei manner waarmen Temperature géif de Reflex ëmmer nach bestoen, fir ze kucken datt eeler Leit genuch Flëssegkeet zou sech huelen.

Eng Residentin, déi zanter zwee Joer am CIPA wunnt, sot der Vesna Andonovic datt si oft erënnert gëtt fir ze drénken. Déi 86 Joer al Denise Hoffmann stéiert dat awer net: "Si erënneren ee léif drun, loosse mir esou soen. Hutt Dir scho gedronk? Drénkt Dir genuch? Mee awer net datt ee seet: Oh si se schonn erëm do..."

Klimaanlagen am Ament keng Optioun

Den Ament wier et keng Optioun fir einfach Klimaanlagen ze installéiere fir d'Temperatur ofzekillen. Zu dësem Theema erkläert den Direkter vum CIPA zu Gréiwemaacher, den Dirk Willems, datt ee misst kucken ewéi d'Technik hei evoluéiert. Klimaanlagen hätten de Ruff "Keimschleideren" ze sinn déi vulnerabel Leit nach méi vulnerabel kéinte maachen, an dofir misst een oppassen.

Datt Storen, e Ventilator an Owes gutt Lëften duerginn, fënnt zum Beispill déi 83 Joer al Nelly Schonckert. Normalerweis fiert si bësse mam Vëlo, mee op Deeg wou et ganz waarm ass beweegt si sech manner. Si verzicht dann op sportlech Aktivitéiten: "Wann et esou waarm ass, maache mir deen eben net. Bëssen Trape goen, also net ze vill Sport."

Suergen ëm d'Klima och bei eelere Leit

Ënner de Residenten an den Altersheemer fënnt een och Leit, déi sech Gedanken ëm déi héich Temperature generell maachen. De Léopold Hansen, zum Beispill, seet datt hie selwer d'Hëtzt wuel manner gutt verdroe géif wéi fréier, mee wat him méi Suerge mécht si seng Kanner an Enkelen:

"Ech hunn 89 Joer, mee dat do hunn ech nach net erlieft, wat elo ass. D'Politik seet mir maachen eppes, mir kucke fir 2035 eppes ze maachen. Dat ass grad ewéi een dee fëmmt dee seet ech waarden elo bis Neijoerschdag dann halen ech op mat fëmmen [...] Dat muss direkt gemaach ginn. Et ass scho 5 op 12."

Méi zum Thema

Sonn
Héich Temperaturen

Gëschter goufen zu Réimech 36,1 Grad gemooss. Haut sollen et bis zu 39 Grad zu Lëtzebuerg ginn, an et gëllt eng "alerte rouge" fir dat ganzt Land. Wat genau bedeit d'Klassifizéierung "alerte rouge"?

Chantier an der Hëtzt
Grouss Hëtzt

Wéinst der grousser Hëtzt gëtt sech am Bausecteur bis zu zéng Prozent manner Rendement erwaart. Verschidden Entreprisen hunn een Aktiounsplang fir de Schutz vun den Aarbechter ausgeschafft.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen