Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi gi mëttelstänneg Entreprisë mam Thema Dateschutz ëm?

EU-Dateschutzreglement

Wéi gi mëttelstänneg Entreprisë mam Thema Dateschutz ëm?

Duerch dat neit EU-Dateschutzgesetz huet de Konsument méi Kontroll iwwer seng privat Donnéeën. Bei mëttelstännegen Entreprisë suergt d'GDPR awer fir Onsécherheeten a bedeit méi Aarbecht a Verflichtungen. Wéi gi kleng- a mëttelstänneg Entreprisen zu Lëtzebuerg mam Thema Dateschutz ëm?

auto_stories

3 min

Fir verschidden Entreprisë ginn et am Moment nach Onkloerheeten. Zum Beispill fir de Jacques Lorang, Direkter vun der Online-Plattform Luxcaddy a Vize-President vun der Federatioun vun den Entreprisen aus dem elektroneschen Handel.

Dateschutzbeoptraagten

Fir hie wier et onkloer, wéi eng Entreprisen een Dateschutzbeoptraagten, ee sougenannten DPO, géife brauchen. Den Data-Protection-Officer soll sécherstellen, datt Clientsdonnéeën konform zur neier Dateschutzregulatioun traitéiert ginn. Esou een DPO, ass ënnert anerem obligatoresch, wann een a "groussem Ausmooss" Donnéeë verschafft. Eng genee Definitioun vu "groussem Ausmooss" steet am Text vum Dateschutzreglement awer net dran. Et ginn awer nach weider Onkloerheeten, seet de Jacques Lorang. Den Dateschutzbeoptraagte misst nämlech déi néideg Kompetenzen hunn.

"Wou sech dann och scho erëm d'Fro stellt, wat déi Kompetenzen da konkret sinn. An dat anert ass - an do kënnt mengen ech eng grouss Schwieregkeet fir déi kleng Entreprisen, wéi och fir eis - datt den DPO net dierf eng Positioun als Decideur an der Societéit hunn. Do ass eise grousse Problem. Well an eiser Gesellschaft ass a priori deen Eenzegen, dee wierklech Kompetenzen huet fir DPO ze sinn, an deem hei Fall, ech selwer."

Hien hätt sech vun der Dateschutzkommissioun méi genee Informatioune gewënscht, ob seng Entreprise een Dateschutzbeoptraagte bräicht oder net. Déi néideg Informatiounen huet déi national Dateschutzkommissioun CNPD eréischt de leschten Dënschdeg op hirem Internetsite publizéiert.

CNPD soll "eng Hand mat upaken"

Hien hätt sech och allgemeng méi Ënnerstëtzung an aktiv Berodung vun der Dateschutzkommissioun gewënscht, seet de Jacques Lorang a senger Funktioun vum Vize-President vun der Lëtzebuerger E-Commerce-Federatioun. Do hätt een zwou Formatioune mat Affekote gemaach. "Mee mir hu bis elo nach kee Kontakt mat der CNPD iwwert d'Federatioun gehat." Hie lancéiert een Appell un d'Kommissioun fir an d'Federatioun ze kommen "an de Memberen eng Hand unzepaken, esou de Jacques Lorang.

Hien hätt schlussendlech d'Decisioun geholl, fir een externen Dateschutzbeoptraagten ze huelen, seet de Jacques Lorang. Eng Affekoten Etüd domat ze beoptrage géif awer geschat tëscht 1000 an 2000 Euro d'Joer kaschten.

Ëmgang mat Daten an de Betriber

Hie wier gutt vun der Handwierkerfederatioun berode ginn, seet den Alain Kutten, deen ee Usträicherbetrib féiert. Well aneschtes hätt hien net gewosst, wéi hien et hätt solle maachen. A sengem Betriib wier festgehale ginn, wien an Zukunft Date verschaffe kéint, a wéi dat soll geschéien. D'Mataarbechter hätten een Dokument missten ënnerschreiwen, dat den Ëmgang mat hiren Date festhält. "Well mir hu jo vun all Mataarbechter och ganz sensibel Daten an déi mussen och geschützt ginn."

Hie wäert och seng Clientë virum Weekend driwwer informéieren, wéi eng Donnéeën hie vun hinnen huet a wéi d'Entreprise domat wäert ëmgoen.

"Bis zu zéngstelleg Strofen"

Dat neit Dateschutzreglement soll dem Konsument méi Kontroll iwwer seng privat Donnéeë ginn. An Zukunft kënne Konsumenten eng Entreprise opfuerderen, him all seng perséinlech Donnéeën eraus ze ginn, oder se ze läschen. Wann d'Entreprise dat net mécht, da kann de Client Kontakt mat der nationaler Dateschutzkommissioun ophuelen. Déi kann dann am schlëmmste Fall eng Strof ausschwätzen.

Virgesi si Strofe vu bis zu 20 Milliounen Euro oder véier Prozent vum jäerlechen Ëmsaz. "Déi kënnen theoretesch bei engem ganz decken Acteur am zéngstellege Beräich ausfalen. Also wann et wierklech géif ganz haart op haart kommen." Dat sot de Georges Weiland vum Service juridique vun der CNPD, d'lescht Joer op enger Konferenz. Wéini d'CNPD déi éischt Strofen ausschwätze wäert, an ob d'Autoritéit de Fokus éischter op grouss oder op méi kleng Entreprisë setze wäert, ass fir de Moment nach net kloer.