Radioen

On air

Concert  |  Concert

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wéi gëtt d'Sécherheet vun de Lëtzebuerger Wanderweeër garantéiert?

Tourismus-Infrastruktur

Wéi gëtt d'Sécherheet vun de Lëtzebuerger Wanderweeër garantéiert?

Wéi sécher sinn d'Lëtzebuerger Wanderweeër? Dat ass eng Fro déi sech stellt nom rezenten Accident, bei deem e Bouf zu Bäerdref an eng Schlucht gefall an ëm d'Liewe komm ass. De Claude Halsdorf vum Tourismusministère seet am 100,7-Interview, et géife keng wierklech geféierlech Trëppelweeër zu Lëtzebuerg ginn. Hie weist drop hin, datt vill Mesurë geholl ginn, déi engem net géifen opfalen.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


D'Gefor vun de Wanderweeër hätt vill mat der Komplexitéit ze dinn. Dofir gëtt et wäitverbreete Skalaen, fir dës anzestufen: vun 1 bis 6. Dobäi ass 1 ganz liicht a 6 ganz schwéier, erkläert de Claude Halsdorf.

"Wat et méi technesch ass, wat och d'Gefor méi héich ass ze rutschen an ze falen. Mir hu keng Stuf 5 a 6, wéi am Alpine Beräich. Dat heescht d'Schwieregkeet seet eppes iwwer potentiell Geféierlechkeet aus."

Vill Sécherheetsmesuren, déi op de Wanderweeër hei am Land getraff ginn, géifen eigentlech och guer net wouer geholl ginn.

"Do, wou et ze géi géing erof goen, sëtze mir Träppleken, mat oder ouni Gelänner. Mir hu kléng Ponten a Steegen iwwer Baachen. Mat oder ouni Maschendrot als Anti-Rutsch-Hëllef. Et gëtt Entwässerungs-Kullangen, fir datt de Wee ëmmer schéin dréchen ass."

De Wanderer huet de Choix

D'Responsabilitéit fir weider Sécherheetsmesuren anzeféiere géifen net beim Ministère leien, seet de Claude Halsdorf.

"Jo, dat ass effektiv de Maître des Lieux, de Proprietär oder deen, deen déi touristesch Erschléissung vun deene Sitte mécht, deen do eigentlech dann de Lead huet."

Plazen, wou eng gréisser Gefor kéint bestoen, wéi zum Beispill Fiels-Plattformen, géifen och net direkt op de Weeër leien. Sou datt d'Leit selwer decidéiere kënnen, ob se dohi wëlle goen oder net.