D'Digitaliséierung ass natierlech am Commerce en Theema. Dem 'Retail Report' no wier d'Unzuel u Commercen, déi een online Geschäft hunn, zanter 2019 ëm méi ewéi 40 Prozent geklommen. Fir Betriber am Eenzelhandel och zukünfteg kënne gutt opzestellen, géing haut kaum nach ee Wee laanscht d'Digitaliséierung féieren, mengt den zoustännege Minister Lex Delles.
"Den Trend vun de Consommateure bestätegt sech awer och op eiser Plattform 'Letzshop'. Et ass fir déi éischte Kéier, datt mir iwwer 100.000 Utilisateure gezielt hunn. D'Well vun der Digitaliséierung, déi sécherlech duerch d'Corona-Pandemie nach beschleunegt ginn ass, mécht sech also elo och ganz kloer am Commerce siichtbar."
Manner Butteker déi eidel stinn
Op de kommerzielle Leerstand schéngt d'Corona-Pandemie allerdéngs kee gréisseren Afloss gehat ze hunn. Wéi aus dem Rapport ervir geet, wier de Leerstand am innerstädteche Commerce am Verglach mat 2019 esouguer ëm 7,2 Prozent erofgaangen. Dat géing een am Ausland net gesinn, ënnersträicht den Tom Baumert vun der CLC.
"Wann een déi däitsch Rapporte liest, geet et an Däitschland ganz staark an d'Luucht wat d'Vacances commerciales ugeet am innerstädtesche Commerce. Also do gesäit een, datt déi Mesure gegraff hunn. An déi Zesummenaarbecht tëschent Chamberen, de Federatiounen an dem Ministère wärend der Kris och gutt funktionéiert hunn."
Eng nei interaktiv Kaart soll hëllefen
Ee weideren Outil mam Numm 'Localyze.lu' soll de Geschäftsleit dann och dobäi hëllefen, sech op der richteger Plaz néier ze loossen. Mam neien Online-Tool vun der CLC kéinte Betriber ënner anerem op enger interaktiver Kaart nokucken, wéi d'Konkurrenz-Situatioun wier, esou de Carlo Thelen vun der Chambre de Commerce. De gratis Outil kéint awer nach méi Informatioune liwweren.
"Wat ass d'Bevëlkerungsdicht op der Plaz? Wat ass d'Kafkraaft? Ech mengen, dat ass och ëmmer wichteg an enger gewëssener Regioun."
Ausserdeem kéinten all dës Informatiounen och gedeelt ginn a mat deenen um Geoportail gedeckt ginn, seet de Carlo Thelen.
Fir eng zougeschnidden Analys kéinten d'Betriber och ee Formulaire um Site ausfëllen. Si géingen an Zäit vun enger Woch vun engem Beroder vun der CLC kontaktéiert ginn, esou nach de Carlo Thelen vun der Handelskammer.