Radioen

On air

Notturno  |  D.E.T. - Dis-Moi

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi geet et de Restaurante wärend der Kris?

Take-away wärend der Corona-Pandemie

Wéi geet et de Restaurante wärend der Kris?

D'Corona-Kris ass e Stresstest fir d'Restauranten. Déi eng hunn zougemaach, anerer hu probéiert de Betrib mat engem Liwwer- a Bestellservice um Goen ze halen. Bréngt dat eppes, a wat waren d'Erfarunge wärend de leschten zwee Méint? D'Isabel Scott huet sech mat Bedreiwer vu Restauranten ënnerhalen.

auto_stories

4 min

En Horrorzeenario, esou beschreift den Eric de Toffel déi éischt zwou Woche vum Lockdown. Zwee Méint drop sinn d'Still vum Partigiano eidel. De Restaurant huet eréischt Enn vum leschte Joer opgemaach. Am Ufank wollten hien a säi Brudder Alex, déi zu zwee d'Lokal geréieren, zoumaachen, mee si hu sech ëmentscheet. Si hu sech exklusiv op Take-away a Delivery ausgeriicht.

Beim Yuki Bichel a Connie Sanctuary, déi um Lampertsbierg de Ready Coffeeshop bedreiwen, war d'Entscheedung séier getraff. Si géifen opbleiwen a Latte, Bagel a Kuch duerch en Take-away Service weider verkafen.

"Mir hunn nach den Owend selwer decidéiert, datt mir da probéieren fir als Take-away opzebleiwen, vue datt dat jo dann erlaabt war. Mir stellen den Dësch carrement an d'Dier, sou datt och kee ka rakommen, datt mer dat och iergendwéi visuell eriwwerbréngen."

D'Alternativ wier gewiescht fir doheem ze sëtzen, an dat wier fir déi zwee net a Fro komm. De Feedback vun de Clientë wier positiv, dacks wier d'Ofhuele vum Kaffi déi eenzeg Sortie vum Dag fir d'Leit. D'Ready-Ekipp wier houfreg op hir Community a fillt sech duerch si gestäerkt, et wier eng Zort "Give and Take", esou d'Yuki Bichel.

Den Eric de Toffel

Kreativitéit, Reaktivitéit a Flexibilitéit sinn am Lockdown gefuerdert

Mee e Geschäftsmodell à court terme radikal ëmzeplangen ass mat groussen Defie verbonnen. Et muss ee säi Stock u Liewensmëttel anescht geréieren, d'Personal gëtt reduzéiert. D'Laura Fontani, Gerante vum Glacier Bargello huet deelweis selwer am Atelier moies d'Glace preparéiert fir d'Geschäft um Rullen ze halen. D'Hygiènesmesurë fir d'Glace kënnen ze verkafe goufen och un déi nei Situatioun adaptéiert, seet d'Laura Fontani.

D'Glace gëtt eben elo am Becher verkaaft. Bannen am Glacëbuttek sinn d'Dëscher fir den Ament net besat. D'Laura Fontani mengt, d'Kris hätt hir gewisen, datt si e robuste Businessmodell hätt, well d'Konzept vu vir eraus op d'Distributioun ausgeluecht wier. Notamment kommerzialiséiert si d'Glace a Partenariat mat verschiddene Supermarchéen, a bei guddem Wieder géife mat Vëloen op attraktive Plaze wéi Parken déi fäerdegpreparéiert Glacë verkaaft ginn.

Kreativitéit, Reaktivitéit a Flexibilitéit sinn am Lockdown gefuerdert. D'Corona-Kris hätt dozou geféiert, datt een de Client besser géif kenneléieren, esou d'Conny Sanctuary vum Ready Coffeeshop. Et hätt een op nei Demandë vum Client reagéiert.

"Wat och geännert huet ass, datt mer ganz vill Kaffi a Boune verkafen, datt mer op emol ufänke Kaffismaschinne fir doheem Kaffi ze maachen, verkafen. Do hunn mer och richteg opgestockt. Dat ass eppes, wat fir eise Business méi dobäikomm ass, wou mer am Ufank guer kee Wäert drop geluecht hunn. A lo op eemol ass dat explodéiert, well eng Nofro effektiv do war."

Nuancéiert Vue an d'Zukunft, mee och vill Angscht

Mee mat dem groussen Opwand stellt sech d'Fro, ob dat sech alles finanziell lount. Déi Proprietäre soen, si hätten op déi staatlech Mesuren zeréckgegraff fir iwwer d'Ronnen ze kommen. Duerch den Take-away an Delivery via online Plattforme géing een och u néi Clientë kommen, seet den Eric de Toffel vum Partigiano. An awer kéint een net soen, datt et sech wéinst Take-away eleng rentéiere géif. Et géif esou just duergoe fir d'Käschten ze decken, esou den Eric de Toffel. Der Laura Fontani no ass et nach ze fréi fir d'Fro vun der Rentabilitéit kënnen anzeschätzen. D'selwecht wéi d'Bedreiwer vum Partigiano seet si, datt et hir dobäi net nëmmen ëm de Profit géif goen. Fir si géif d'Rentabilitéit och dora leien, datt een net eleng doheem géif depriméieren.

De Bléck an d'Zukunft ass fir déi dräi Betriber nuancéiert. Et hätt een aus enger schwiereger Situatioun zwar Positives fir de Business kënnen erauszéien, an dach hoffe si alleguer geschwënn an en normalen Alldag zeréckzekommen. Awer grad eben dës nei, duerch de Coronavirus verännert Normalitéit mécht dem Alex de Toffel och Angscht.

"Déi ganz Situatioun ass grausam. Ech versti jo, datt dat muss gemaach gi fir de Moment, mee dat kann awer net eng Normalitéit ginn. Si schwätzen ëmmer vun "neier Normalitéit" - ech fannen et grausam fir dat ze héieren. Mir si jo Mënschen, mir brauchen de Kontakt, mir brauchen dat Mateneen, dat Laachen. Du gesäis jo och gären, wann e Serveur dech zerwéiert op e frëndlech ass oder net ... Wann een eng Mask unhuet, da gesäis du dat jo mol net méi."