Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Florence Besch - The Screaming Lady

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi eng Zukunft fir d'Monica Semedo am EU-Parlament?

Affär Semedo

Wéi eng Zukunft fir d'Monica Semedo am EU-Parlament?

No der Annonce vun der Europadeputéiert Monica Semedo, datt si déi Demokratesch Partei verloosse well, stelle sech eng Partie Froen op europäeschem Niveau. Onkloer ass, ob si am Grupp vun de Liberalen am Europaparlament bleift.

auto_stories

2 min

Dee Grupp heescht zanter den Europawale vun 2019 net méi Allianz vun de Liberalen an Demokraten, mee gouf an "Renew Europe" ëmgedeeft - dat virun allem op Wonsch vum Emmanuel Macron senger République en marche, déi sech dem Grupp ugeschloss huet. Déi franséisch Delegatioun ass mat 23 vun den am ganze 96 Memberen déi gréisst an där Fraktioun.

Ob et der geschwë just nach 95 sinn, ob also d'Monica Semedo am Grupp bleift, hänkt net nëmme vun der fréierer DP-Politikerin, mee och vu Renew selwer of.

Méiglech fir am Grupp ze bleiwen

Aus den Entouragë vun der Fraktioun heescht et de Moien, et wier een am gaangen, dat ze kucken. Theoretesch ass et méiglech, am Grupp ze bleiwen, ouni enger nationaler Partei unzegehéieren. Dat ass den Ament bei engem Member vu Renew, dem Spuenier Javier Nart de Fall.

Bis elo hu sech d'Parlamentarier aus der Fraktioun zum Fall Monica Semedo geäussert. Ee vun hinnen, de Fransous Gille Boyer ass Questeur an deem Comité, deen d'Enquête wéinst harcelement psychologique gefouert huet. Hien huet wéi déi aner de Fall confidentiel behandelt, et hätt ee sech op d'Prozedur, déi d'Parlament fir esou Fäll virgesinn huet, verlooss. Een Echange mat der Lëtzebuergerin gouf et no der Annonce vun den Sanktiounen eisen Informatiounen no nach net.

De Moment ginn et 27 onofhängeg EU-Parlamentarier

Elo wäert sech d'Fraktioun domat auserneesetzen an tranchéieren, wéi si mat hirem zweete Lëtzebuerg Member ëmgoe wëll. Virausgesat, d'Monica Semedo hëlt net selwer d'Decisioun als onofhängege Member am Europaparlament ze bleiwen. Där gëtt et den Ament 27 - et si virun allem italienesch Europadeputéiert vun der Cinque Stelle Partei, si hu sech genee ewéi zum Beispill de Katalounier Carles Puigdemont am Parlament kengem Grupp ugeschloss.