Chamberwahlen 2018 Wéi eng Zukunft fir d'Stock Options?

Zanter d'Stock Options 2002 agefouert goufen huet de Staat all Joer bis zu 135 Milliounen Euro verluer. Datt et Abuse gouf, hunn alleguer d'Parteien an de leschte Méint kritiséiert. An de Wahlprogrammer bleiwen alternativ Proposen allerdéngs vag. Op Nofro hi sinn déi grouss Parteie sech awer schonn eens.

Maxi Pesch / cz

Suen an der Hand
Bigstock

2016 krute ronn 3.000 Salariéen Optiounen op Aktien an hunn dowéinst am Ganzen 112 Milliounen Euro manner Steiere bezuelt, wéi wa si eng normal Pai kritt hätten - d'Joer drop waren et dunn 3.700 Salariéen an een Déchet fiscal vun 135 Milliounen Euro. D'Besteierung op de Stock Options gouf 2017 gehéicht, deemno rechent den DP Finanzminister Pierre Gramegna fir dëst Joer dermat, datt de Staat op Recetten tëscht 60 bis 80 Milliounen Euro wäert verzichten.

Datt et Abuse gouf, hu souwuel de Finanzminister, wéi och Vertrieder vun de Koalitiounspartner LSAP an déi gréng, grad ewéi vun der gréisster Oppositiounspartei CSV, an de leschte Méint kritiséiert. An de Wahlprogrammer fënnt een awer wéineg oder guer näischt Konkretes zum Regimm deen eigentlech dofir geduecht war gutt bezuelten Aarbechtskräften op Lëtzebuerg unzezéien. Op Nofro hi schénge sech awer déi grouss Parteie bis op e puer Detailer eens ze sinn. Et wëllt een een Instrument dat zäitlech begrenzt a gesetzlech geregelt ass.

Stock Options kommen am DP-Wahlprogramm net vir

Am Wahlprogramm vun der DP kënnt d'Wuert Stock Options net vir. Et wéilt een de Regimm awer net ofschafen, erkläert de liberale Fraktiounschef Eugène Berger. "Eng streng Limitatioun, eng méi héich Besteierung. Dat géife mir an eventuelle Koalitiounsverhandlunge verdeedegen."

DP: Stock Options iwwer Circulaire oder Gesetz regelen

Oppe bleift, ob d'Stock Options weider iwwer Circulaire solle geregelt ginn, oder iwwer Gesetz - sou wéi d'Verfassung et fir Steieravantagë virschreift.

Op dat an Zukunft iwwer e Gesetz gemaach gëtt oder iwwer eng Circulaire, kéint een elo nach net soen. Wann et zu Koalitiounsverhandlunge géif kommen, da wéilt d'DP ofwaarden, wat déi eventuell Partner soen. "Mee dat schléisse mir net aus", seet den Eugène Berger.

CSV: Stock Options brauche Gesetz als Basis

Fir déi gréissten Oppositiounspartei CSV sinn d'Stock Options an Zukunft just méiglech wann de Steiervirdeel iwwert ee Gesetz geregelt gëtt, erkläert den CSV Deputéierte Gilles Roth.

D'Lëtzebuerger Verfassung géif Steiervirdeeler, déi iwwert eng Circulaire geregelt sinn, net virgesinn. Deemno misst déi aktuell Circulaire ofgeschaaft ginn. An engem Gesetz misst den Avantage am Montant an an der Zäit plafonnéiert ginn. Esou ee Gesetz misst doriwwer eraus garantéieren, datt den Avantage nëmme fir déi Entreprise ka gëllen, an deem de Salarié schafft. "Well et ass een Talent mee Talent nëmmen Zäit bedéngt", seet de Gilles Roth.

Déi Gréng: Stock Options ofschafen, mee oppe fir zäitlech begrenzten Avantagen

An hirem Wahlprogramm schreiwen déi gréng datt se de Regimm sou wéi en elo existéiert wëlle ganz ofschafen. E géif net derzou dénge fir héich spezialiséiert Aarbechtskräften u jonk an innovativ Betriber ze bannen.

Trotzdeem wier een oppe fir zäitlech begrenzten Avantagen, erkläert de President vun déi Gréng Christian Kmiotek.

Déi Gréng géife sech temporäre Mesuren awer net verschléissen. D'Partei kéint sech och virstellen, datt verschidde Persoune während enger Period vun dräi oder fënnef Joer gewëssen Avantagë kréien.

"Dat jo, mee net wéi Stock Options elo sinn, datt dat fir Leit ass, déi just hei wunnen, mat ieweschte Gehälter etc..."

LSAP: Stock Options no Iwwergangsfrist oder zäitlech begrenzt Stock Options

Och d'LSAP schreift an hirem Wahlprogramm datt een d'Stock Options wéilt ofschafen, dat no enger Iwwergangsfrist. D'Partei schléisst steierlech Avantagen déi gesetzlech gereegelt sinn awer net aus. Dozou den LSAP Fraktiounschef Alex Bodry.

"Natierlech ass et och richteg datt eng ganz Partie Länner speziell Regimmer hu fir Expats... also muss ee sech och erëm Gedanke maache wéi een Zäitlech begrenzt eng Kéier esou Leit Avantagë gëtt. Mee och do muss gëllen, datt dat net op onbestëmmten Zäit ka sinn, mee datt et just en Iwwergang ass."

Déi Lénk fuerderen an hirem Wahlprogramm d'Steiervirdeeler vun de Stock Options ofzeschafen. D'KPL fuerdert eng méi héich Besteierung vum ganze Kapitalakommes. D'Piraten an déi Konservativ hunn näischt an hirem Programm doriwwer stoen.

An der Mediathéik:

Chamberwahlen 2018 / / Maxi Pesch
Lauschteren

Méi zum Thema

Jean-Claude Franck Meenung
Stock Options

D'Regierung spillt bei de Stock Options op Zäit. Eng gutt Noriicht fir d'Kadere mat héijem Revenu, déi weider hir Steierlaascht reduzéiere kënnen. Et geet em Steiererliichterungen a Milliounenhéicht.

The Wolf of Wall Street
Steierpolitik

Breede Konsens an der Chamber iwwert déi geplangte Reform vun de Stock options. Mat deem Steieravantage, vun deem bestëmmte Betriber a Salariéë profitéieren, verzicht de Staat op Millioune Recetten.

Pierre Gramegna Riicht Eraus
Finanzpolitik

Den DP-Finanzminister wëll 2018 mat an d'Wahlen goen - an deemno wéi, och op d'Oppositiounsbänk. Datt d'Regierung nei Scholde mécht obwuel d'Wirtschaft wiisst, hält de Pierre Gramegna fir richteg.

Euro-Mënzen.jpg
Steieren

D'Stock options misste reforméiert ginn, fuerderen och elo Vertrieder vun de Majoritéitsparteien. 150-180 Milliounen Euro Steiergelder goungen dem Staat d'lescht Joer wéinst de Stock options verluer.

Steieren Suen
Steierpolitik

Déi blo-rout-gréng Koalitioun ass net bereet op d'Fuerderung vun der CSV anzegoen, an déi sougenannt Stock Options op den 1. Januar 2017 ofzeschafen. De Regime géif den Ament nach analyséiert ginn.

Budget 2017 Dossier
Ëffentlech Finanzen

Artikele ronderëm de Staatsbudget fir 2017, deen den 12. Oktober deposéiert ginn ass.

Staatsbudget
Budget 2017

Trotz staarkem Wirtschaftswuesstem soll den Defizit vum Zentralstaat 2017 bei bal enger Milliard Euro leien. Staark Investissementer an d'Steiererliichterunge sollen de Budget justifiéieren.

Business Hands Put Coin
Steierreform

D'Steierverwaltung fuerdert méi Informatioune vun de Betriber iwwer d'Salairen, déi se a Form vun Optiounen op Aktien ausbezuelen. Déi Donnéeë sinn och fir d'Steierreform relevant.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen