Radioen

On air

De Weekend  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi eng Zukunft fir d'Mobilitéit an der Stad?

Mobilitéit

Wéi eng Zukunft fir d'Mobilitéit an der Stad?

Den 13. Mee geet den Tramschantier an déi nächst a wahrscheinlech kriddelegst Phas: da gëtt domat ugefaangen, d'Schinnen tëschent der Paräisser Plaz an der Gare ze verleeën. Vun deem Moment u ginn d'Bussen alleguer an d'Al Avenue ëmgeleet, déi dann - a béide Richtungen - just fir Bussen a Vëloe reservéiert ass, seet de Stater Schäffe Patrick Goldschmidt.

auto_stories

2 min

De Patrick Goldschmidt ass Mobilitéitsschäffen an der Stad Lëtzebuerg. Foto: Archiv

Bis ewell wieren nach all Delaie respektéiert ginn, präziséiert de Patrick Goldschmidt. Hie wier dofir zouversiichtlech, datt den Tronçon tëschent der Stäreplaz an der Gare wéi geplangt Enn 2020 oder ufangs 2021 kéint opgoen.

Tram: ëmmer méi beléift

Virun allem freet de Patrick Goldschmidt sech driwwer, datt den Tram, trotz eenzelen Nuancen duerch de Chantier, eng ëmmer méi grouss Akzeptanz kritt:

"Am Ufank waren d'Leit éischter total dogéint, duerno hu si sech domadder offonnt. An elo froe si: Wéini ass deen nächsten Tronçon fäerdeg? Also d'Leit hunn do wierklech hir Meenung total geännert. Ech fannen dat och ganz gutt esou."

Och bei den Touriste wier den ëffentlechen Transport ëmmer méi beléift, esou de Patrick Goldschmidt.

Vel'OH: Zuel vun Abonnente geet an d'Luucht

De Vel'OH, de Vëlo-Locatiounssystem vun der Stad Lëtzebuerg, huet viru Kuerzem d'Grenz vun den 10.000 Abonnente geknackt, seet de Patrick Goldschmidt. D'Ursaach dofir wier ganz kloer d'Aféiere vun den Elektrovëloen.

Zanterhier wier d'Zuel vun den Abonnenten ëm 27 Prozent an d'Luucht gaangen, trotz de Problemer, déi d'Stad Lëtzebuerg hat an deelweis nach ëmmer huet.

Carloh: Succès hält sech a Grenzen

A senger Sëtzung vum 1. Abrëll huet de Stater Gemengerot decidéiert, nach eemol 2,8 Milliounen Euro an hir Carsharing-Gesellschaft Carloh ze pompelen. De Succès vun deem Projet hält sech, och gutt véier Joer no sengem Lancement, nach ëmmer a Grenzen. Mat den zousätzleche Moyene soll d'Offer elo vergréissert an doduerch méi attraktiv gemaach ginn.

Zil ass et, d'Zuel vun Abonnente vun haut 630 op 2.000 ze vergréisseren. Nieft Privatleit sollen elo och Betriber méi geziilt ugeschwat ginn. An et gëtt och gekuckt, ob net eenzel Gemengeservicer an Zukunft mat Carloh-Gefierer kéinte fueren, seet de Patrick Goldschmidt:

"D'Utilisatioun vu Carloh gëtt d'Joer méi bëlleg wahrscheinlech wéi eng Autosassurance ee Joer. Et si jo vill Autoe vun der Stad Lëtzebuerg, déi net all Dag benotzt ginn. An ech hu kee Problem, wann d'Stad Lëtzebuerg do hëlleft a vill manner eegen Autoen am Fuerpark huet."