Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi eng personell Entwécklungen un der Spëtzt vun der CSV?

Chamberwahlen 2018

Wéi eng personell Entwécklungen un der Spëtzt vun der CSV?

Wou d'Rees hi geet, dat wëllt de Claude Wiseler dem ieweschte Gremium vu senger Partei, dem CSV-Nationalrot, den Dënschdeg den Owend soen. Dat huet de Spëtzekandidat de Méindeg den Owend ugekënnegt. Den Dënschdeg den Owend géif hien d'Ëffentlechkeet "net nëmme prinzipiell, mee och ganz am Detail", informéieren.

auto_stories

1 min

Ufank vum nächste Joer sollen op engem CSV-Kongress all d'Parteigremien erneiert ginn, esou den Europa-Deputéierte Frank Engel.

"Dat ass awer net esou well Leit do géifen ofgeseet ginn, mee einfach well d'Statuten dat esou virgesinn an et elo de Moment ass. Dat ass ëmmer no nationale Wahlen esou", sou den CSV-Europadeputéierten.

Ob hien CSV-Parteipresident wäert bleiwen, kéint hien eréischt den Dënschdeg nom CSV-Nationalrot soen, esou de Marc Spautz de Méindeg den Owend. "Mäi Mandat kann ech theoretesch nach verlängeren", sou de Marc Spautz, deen och den Dënschdeg doriwwer informéiert, ob hie weider CSV-Parteipresident bleift oder net.

Dem Generalsekretär Laurent Zeimet säi Mandat wäert um geplangten Nationalkongress Ufank 2019 net kënnen erneiert ginn. Dat gesinn d'Statuten esou vir. De Laurent Zeimet gouf jo de Sonndeg net zeréck an d'Chamber gewielt.

Eng méi wichteg Roll kéint an Zukunft iwwerdeems d'Spëtzekandidatin am Norden, Martine Hansen spillen. "Ech war u sech nach ëmmer bereet am mengem Liewe fir Responsabilitéit ze iwwerhuelen, an dat wäert sech och an Zukunft net änneren", sot d'Martine Hansen um Mikro vum radio 100,7.