Scho Mëtt Juli hat de Roy Reding ugekënnegt, datt seng nei Beweegung Liberté - Fräiheet den 8. Oktober mat an d'Wale geet. De Politiker ass iwwerzeegt, mat Zäite 60 Kandidaten zesummen ze kréien, huet hien eis op Nofro hi gesot. Am Norden an Oste wieren d'Lëschte scho komplett an déi am Zentrum quasi komplett. Am Süde géif een nach e wéineg kämpfen, mee dat kréich een hin, hofft de Roy Reding. D'Rendezvouse fir den Depot vun de véier Lëschte wiere scho fixéiert.
Fokus, KP a Volt mat Lëschten
D'Partei Fokus huet d'Zousoe vu 60 Kandidaten a plangt deemno och an alle véier Bezierker mat komplette Lëschten unzetrieden, huet de Parteipresident Marc Ruppert eis gesot. Den Depot vun de Fokus-Lëschten ass fir dës, respektiv fir déi nächst Woch virgesinn.
Déi kommunistesch Partei Lëtzebuerg ass sech sécher, an de Walbezierker Süden an Zentrum mat komplette Lëschte kënnen unzetrieden, huet de KPL-President Ali Ruckert dem radio 100,7 géigeniwwer confirméiert. Och fir de Bezierk Oste wier eng KPL-Lëscht geplangt. Net kloer wier, ob dëst eng komplett Lëscht wäert ginn.
Och Volt Lëtzebuerg wäert un de Chamberwalen deel huelen. Dat hat déi paneuropäesch Partei schonn den 9. Mee um Europadag ugekënnegt, an hat een Opruff fir Kandidate gemaach. "Mir wäerten am Süde mat enger kompletter Lëscht untrieden, an eventuell am Osten", esou elo de Generalsekretär vu Volt Lëtzebuerg, Daniel Silva. Ob d'Partei och am Bezierk Osten untrëtt, soll en Dënschde bekannt gemaach ginn.
Deadline ass den 9. August
Nach bis den iwwernächste Mëttwoch ass Zäit fir Kandidatelëschte fir d'Chamberwalen an de véier Bezierker ze deposéieren: bis spéitstens den 9. August owes um sechs Auer ass dat méiglech.
Anescht wéi geplangt wäert d'Partei Mir d'Vollek jo net bei de Chamberwalen 2023 untrieden. Dat hat de radio 100,7 schonn ee Freideg gemellt. Et wier net gelongen, genuch Kandidaten ze fannen, hat den Organisateur vu Protester géint d'Coronamesuren a fréiere KPL-Kandidat Jean-Marie Jacoby eis erkläert.
Ob d'Partei Déi Konservativ den 8. Oktober untrëtt, war um Méinden nach net gewuer ze ginn.