D'Resultater vun de Gemengewale spigele sech däitlech an der viraussiichtlecher Zesummesetzung vun de Schäfferéit an de Proporzgemengen erëm.
Eng positiv Dynamik gëtt et fir d'DP, déi dem aktuelle Stand no an 21 Schäfferéit wäert vertruede sinn (siwe méi wéi virun de Walen) an déi a siwe Gemengen de Buergermeeschter soll stellen (dräi méi).
Relativ konstant ass d'Situatioun bei der LSAP, déi elo an 22 Schäfferéit ass (+2) an déi weiderhin zwielef Buergermeeschtere stellt.
CSV an déi gréng sinn no de Walen a manner Gemengen un der Muecht ewéi virdrun. D'CSV bleift awer déi stäerkste Kraaft an de Gemengen: Déi Chrëschtlech-Sozial dierften no Ofschloss vun alle Koalitiounsverhandlungen an 30 Schäfferéit vertruede sinn (-3) an do 21 Buergermeeschtere stellen (-2).
Déi gréng sëtzen nach a sechs Schäfferéit (fënnef manner) a verléieren deen eenzeg grénge Buergermeeschterposten, dee se virun de Walen an enger Proporzgemeng haten (Déifferdeng).
Koalitiounen: Méi LSAP-DP, manner CSV-déi gréng
Déi heefegst kommunal Koalitioun bleift CSV-LSAP. Dës Zesummenaarbecht ass an eelef Gemenge virgesinn (-2): Ettelbréck, Käerjéng, Betzder, Conter, Kielen, Mamer, Déifferdeng, Keel, Péiteng, Suessem a Schëffleng.
CSV an DP schaffen zéng Mol zesummen (+2): An zwar an der Stad Lëtzebuerg, grad ewéi zu Hesper, Miersch, Jonglënster, Wëntger, Woltz, Dikrech, Koplescht, Monnerech a Réimech.
CSV an déi gréng schaffen nëmmen nach an dräi Gemengen zu zwee zesummen (-3): Nidderaanven, Gréiwemaacher a Walfer.
DP an LSAP wëllen elo a fënnef Gemengen zesumme schaffen (+4): Iechternach, Sandweiler, Schëtter, Steesel an Dippech.
Dräierkoalitioune bleiwen op kommunalem Niveau d'Ausnam: Nieft den zwou CSV-DP-déi gréng-Koalitiounen zu Beetebuerg an Esch, déi bestoe bleiwen, gëtt et elo och eng CSV-LSAP-déi gréng-Koalitioun zu Stroossen.
Méi absolut Majoritéiten
Et ginn elo méi absolut Majoritéiten: D'LSAP ass a fënnef Gemengen eleng um Rudder (+2): Rëmmeleng, Diddeleng, Mäertert, Réiser a Stengefort.
D'DP huet weiderhin an zwou Gemengen eng absolut Majoritéit: Bartreng a Munneref.
An d'CSV an zwou Gemengen (-1): Rammerech an Habscht.
A siwe Gemenge regéiert eng Biergerlëscht eleng (+6), eng logesch Konsequenz dovunner, datt hei dacks just zwou Lëschten ugetruede sinn. Hir Mandatairen hunn deels eng Parteikaart. Zum Beispill stellt d'CSV de Buergermeeschter zu Réiden, d'DP zu Ëlwen a Schengen, an d'LSAP zu Biissen.
Koalitiounen tëscht zwou Biergerlëschte gëtt et a véier Proporzgemengen (+4). Och dës Lëschte stinn dacks enger Partei no. Dohier hu Rouspert-Mompech, Bettenduerf a Wuermer CSV-Buergermeeschteren, a Luerentzweiler een LSAP-Buergermeeschter.
Koalitiounen tëscht Biergerlëschten a Parteie ginn et an dräi Gemengen (-1): zweemol mat der DP (zu Lëntgen a Fréiseng) an eemol mat der CSV (zu Clierf).