Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  D'Angelo - Brown Sugar

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi eng Mesurë fir méi Sécherheet op de Stroossen?

Réckbléck op d'Verkéierssituatioun 2017

Wéi eng Mesurë fir méi Sécherheet op de Stroossen?

D'Stauen um Lëtzebuerger Stroossereseau haten dëst Joer Rekordausmoossen. D'Ponts et Chaussées kruten d'Missioun, eng Analys ze maachen, ob déi maximal erlaabte Vitess um Autobunnsreseau während de Spëtzestonnen limitéiert soll ginn. Parallel gouf an der Stad eng nei Zuchgare an den Ufank vum Tramsreseau gebaut. Do dernieft gi vill Projeten aktuell realiséiert, anerer sinn annoncéiert.

auto_stories

5 min

Ob wéi ee Wäert déi maximal erlaabte Vitess um Autobunnsreseau während de Spëtzestonne soll limitéiert ginn, kann de Jean-Claude Juchem net soen. D'Zäiten an deenen esou eng Vitesslimitatioun gëlle soll, missten awer kloer gereegelt ginn, mengt den Direkter vum ACL. An de Stousszäite géif ee souwisou dacks just mat 90 oder 100 Kilometer an der Stonn virukommen. D'Autoe géife sech accumuléieren an dat wier eng ganz geféierlech Situatioun. Et kéim zu Accidenter, wou een deem aneren hannendrop fiert, wat dann zu zousätzlechem Stau géing féieren, seet den ACL-Direkter.

"Etüde beweisen, datt den Trafic méi fluide gëtt, wann d'Vitess entspriechend der Verkéierssituatioun ugepasst gëtt."

D'Stousszäiten, während deenen esou eng Vitesslimitatioun gëlle géing, missten awer ganz kloer definéiert ginn. Dat kéint just moies während gewëssen Auerzäite sinn, während där eng grouss Quantitéit vun Autofuerer mateneen ënnerwee sinn an eventuell owes.

Fir iwwer déi maximal erlaabte Vitess während de Stousszäiten ze diskutéieren, gesäit sech reegelméisseg een Aarbechtsgrupp, an deem ënner anerem d'Sécurité Routière, d'Ponts et Chaussées an den Infrastruktur- an den Transportministère vertruede sinn. Op sech eng Vitesslimitatioun konkretiséiert, wäert sech d'nächst Joer weisen.

Statistiken iwwer Ursaache vun Accidenter néideg

Stauvermeidung wier och just ee Volet, deen zu méi Sécherheet op den Autobunne bäidroe kéint. Zu Lëtzebuerg géif et, zemools am Verglach mam Ausland, nach immens vill Verkéiersaccidenter gi mat schwéier Blesséierten an Doudegen. Dofir missten an Zukunft Statistiken vun den Ursaache vun den Accidenter erhuewe ginn. Doraus kéint een da Konklusiounen zéien, fir weider Accidenter ze verhënneren, esou de Jean-Claude Juchem, Direkter vum ACL. Et wier wichteg ze wëssen, ob d'Beschafenheet vun der Strooss, den Zoustand vum Auto oder aner Facteuren, den Accident ausgeléist hätten. Ouni sou Analyse wier et schwéier, fir Recommandatiounen ze maachen, wéi een Accidenter kéint reduzéieren.

Den däitschen Automobilclub hätt zum Beispill an Zesummenaarbecht mat ënnert anerem dem Parquet, eng Cellule gegrënnt, déi nom Accident op d'Plaz kucke geet an Informatioune sammelt.

Do dernieft fuerdert de Jean-Claude Juchem eng Permanence vun den Depanneusë moies während de Spëtzestonnen, fir d'Zäit ze verkierzen, déi gebraucht gëtt, fir en Accident ze raumen. Et misst och preventiv geschafft ginn an d'Informatioune misste méi effikass un déi néideg Acteure weidergeleet ginn.

Vitesslimitatioun op 80 km/h op Landstroossen?

D'Sécurité Routière hat dëst Joer gefuerdert, fir déi erlaabte Vitess op de Landstroossen vu 90 Kilometer an der Stonn op 80 ze begrenzen. De Paul Hammelmann, President vun der Sécurité Routière bezweifelt awer, datt dës Fuerderung Realitéit gëtt.

"Wann een dat iwwer e Gesetz gemaach hätt, dann hätt een den Avantage gehat, datt ee keng nei Schëlter hätt missen opstellen. A Frankräich gëtt et och Studien, déi beleeën, datt d'Gravitéit vun den Accidenter doduerch erofgesat ka ginn."

Keng Infrastrukture "bis zum Gehtnichtmehr" bauen

Lëtzebuerg hätt zënter de 90er-Joren eng Entwécklung matgemaacht, déi esou net viraus ze gesi gewiescht wier, seet de Roland Fox, den Direkter vu Ponts et Chaussées. Dofir wier een am infrastrukturelle Beräich ëmmer ze spéit. D'Ponts et Chaussées hätten 117 Plazen am Land ausgemaach, op deene Verkéiersproblemer sech heefe géifen. Dës Lëscht géif een elo konsequent ofbauen. D'Populatioun misst sech awer bewosst sinn, datt dat eng immens komplex an zäitopwänneg Prozedur wier. "Mir kënnen net Infrastrukture bis zum "Gehtnichtmehr" bauen. Mir mussen déi bestoend Infrastrukture besser benotzen. Do wou eng drëtt Spuer muss gebaut ginn, gëtt se bäigebaut. Mä mir kënnen awer zum Beispill keng Autobunn bis op Iechternach bauen."

Keng Autobunn fir de Norden

D'Iddi vun enger zwee- oder dräispureger Autobunn am Norde vu Lëtzebuerg géing, dem Roland Fox no, och kee Sënn maachen. D'Verhältnis tëscht Käschten an Notzen géing an dësem Fall net stëmmen, seet den Direkter vu Ponts et Chaussées. Wann d'Nordstrooss Richtung Autobunnsquierschnëtt géing vergréissert ginn, kéint dat zousätzlechen Trafic aus de Grenzregiounen op Lëtzebuerg zéien. Dat wier kontraproduktiv.

"Momentan ginn et Iwwerleeungen an Iddien, fir de Queeschschnëtt vun der N7 sou ze gestalten, datt een effektiv eng Mëtteltrennung hätt, ouni Richtung Autobunnsquierschnëtt ze goen."

D'Effikassitéit vum sougenannten Turbo-Rondpoint Serra um Kierchbierg kéint sech iwwerdeems elo eréischt weisen, wou d'Tramaarbechten um Kierchbierg ofgeschloss wieren, esou de Roland Fox.

Ëmbau vum Rond-Point Iergäertchen

Den Duerchfloss beim Rond-Point Iergäertchen, deen och zu engem Turbo-Rond-Point mat roude Luuchten ëmgebaut gëtt, soll och méi héich ginn. An enger zweeter Phas géing och de Rond-Pont Sandweiler amenagéiert ginn.

Dat wier néideg, fir engersäits déi onmëttelbar Perturbatiounen am Trafic ze verbesseren, awer och fir den Zéifloss iwwer d'A6 bis op de Kierchbierg opzeléisen. Sechs Branchen, dorënner d'Autobunn, schléissen un dëse Rond-Point un. D'Capacitéit géif aktuell net duergoen, fir den Trafic z'evakuéieren. Dofir géing et reegelméisseg iwwer d'A6, bis op de Kierchbierg zréckstauen. Dat wier e Sécherheetsproblem, deen nom Ëmbau net méi soll bestoen.

De Roland Fox weist awer och drop hin, datt de Verkéiersproblem net eleng duerch méi Stroosse kéint geléist ginn. Och den ëffentlechen Transport misst weider ausgebaut ginn an d'Leit misste verstäerkt op Carpooling, Carsharing an op de Vëlo zréckgräifen.