Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi eng Denonciatioun als Drockmëttel géint d'Eltere benotzt gouf

Schoulesch Inklusioun vu Kanner mat spezifesche Besoinen

Wéi eng Denonciatioun als Drockmëttel géint d'Eltere benotzt gouf

Wéinst engem Artikel vum Lëtzebuerger Wort iwwer d'schoulesch Inklusioun vun engem Kand mat spezifesche Besoinen hunn d'CSV an d'Piratepartei parlamentaresch Froen un d'Regierung gestallt. D'Wort hat de 15. Dezember geschriwwen, den Educatiounsministère hätt verhënnert, datt e Kand, dat a Gefor war, bei der Justiz gemellt géif ginn. D'Geschicht wier tragesch op en Enn gaangen, well d'Kand am Summer verstuerwen ass, an d'Justiz géif elo ermëttelen. 100,7-Recherchë weisen: Et gëtt guer kee Lien tëschent dem Doud an de Meenungsverschiddenheeten iwwer déi adaptéiert schoulesch Betreiung. E Fall vun engem ganz schwieregen Dialog tëschent vereenzelte Schoulpartner an Elteren, an deem vereenzelt Schoulpartner probéiert hunn d'Elteren ënner Drock ze setze fir ze ënnerschreiwen, datt d'Kand op d'mannst deelweis aus der Schoul geholl gëtt.

auto_stories

3 min

Als Kand mat aggressivem Verhalen an engem "tiefen psychischen Leiden", iwwer dat d'Schouldirektioun an d'Schoulpersonal sech Suerge gemaach hunn, huet d'Lëtzebuerger Wort dat concernéiert Kand beschriwwen. Wat net gesot gouf: Beim Kand gouf vun engem unerkannten Dokter eng Form vun Autismus diagnostizéiert. D'Kand hat dowéinst eng Eenzelbetreiung an der Schoul.

D'Elteren hunn op hiert Recht gepocht fir d'Kand an der Grondschoul an der Inklusioun ze loossen, Deeler vum Léierpersonal an e Member vun der Direktioun waren domat net averstanen. Si hunn argumentéiert, d'Wuel vum Kand géif um Spill stoen. Et géif dem Kand net gutt goen, a si kréichen et phaseweis schlecht berouegt.

Virum Summer 2019 gouf de Service de Médiation Scolaire agesat fir tëschent Elteren a Schoulacteuren ze vermëttelen a fir eng Léisung ze fannen. Mee e Member vun der regionaler Direktioun huet där Mediatioun net vill Chance gelooss: Kuerz drop koum et nämlech zu engem Vertrauensbroch tëschent den Elteren an der Schoul. Méi Sourcen an Dokumenter confirméieren, datt e Member vun der regionaler Direktioun den Eltere mat der Police a mat weidere Mesurë gedreet huet, wann d'Elteren net géifen noginn a géifen ënnerschreiwen, datt d'Kand an e spezialiséierte Kompetenzzenter kéim.

D'Jugendgeriicht befaasst sech mam Fall

Wéi d'Wort gemellt huet, gouf effektiv e Signalement scho preparéiert. Den Direkter war eegenen Aussoen no skeptesch an huet doropshi bei der zoustänneger Beamtin vum Educatiounsministère Récksprooch geholl. Zesumme wiere si zur Conclusioun komm, datt e Signalement beim Parquet keen Drockmëttel dierft sinn, fir en Alenke vun den Eltere bei enger Meenungsverschiddenheet ze bewierken. Effektiv huet den Direkter dunn an der Schoul matgedeelt, datt an dësem Fall e Signalement net ubruecht wier.

Dem Gesetz no kënne Beamten awer zu all Moment e Signalement maachen, wa si e Verdacht hunn, datt e Kand a Gefor wier. Dofir misst een net iwwer eng Hierarchie fueren, heescht et a Justizkreesser.

Eisen Informatiounen no ass e puer Méint drop effektiv en anonymme Signalement gemaach ginn. D'Jugendgeriicht huet eng Enquête sociale lancéiert. D'Jugendgeriicht kënnt am Summer 2020 zur Conclusioun, datt d'Elteren alles géife maache fir de Bien-être vun hire Kanner ze garantéieren. D'Jugendgeriicht gëtt den Accord fir der Famill iwwer den Office National de l'Enfance eng Persoun zur Verfügung ze stellen, fir d'Famill bei der Kommunikatioun mat de Schoulinstanzen ze ënnerstëtzen.

"Léisunge mussen um schoulesche Plang gesicht ginn"

Kuerz drop kënnt et fir d'Famill zu engem trageschen Evenement. D'Kand, iwwer deem seng schoulesch Betreiung et laang Divergenze goufen, erdrénkt. Net doheem bei den Elteren, mee bei enger drëtter Persoun.

Anescht wéi vum Lëtzebuerger Wort an de Raum gestallt, steet den Doud net a Relatioun zu den Divergenzen iwwer d'schoulesch Betreiung.

Et ass domat haaptsächlech e Fall vu engem grousse Vertrauensverloscht tëschent Elteren an eenzele Schoulacteuren.

De Parquet hat eisen Informatiounen no an dësem Fall och schonn am September 2017 eng Enquête sociale an Optrag ginn. Och no där éischter Enquête war et am Mäerz 2018 d'Conclusioun, datt d'Léisungen net op juristeschem, mee op schouleschem Plang ze siche wieren.


Dierfen d'Schoulinstanzen den Eltere mat engem Signalement bei der Justiz dreeën, wann d'Elteren net mam Schoulpersonal averstane sinn, wéi hiert Kand soll orientéiert ginn?

Ee Kommentar iwwer d'Responsabilitéit vu Press a Schoulinstanzen