Radioen

On air

Espresso Beats  |  Isaac Delusion - Magicalove

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi een Impakt d'Covid19-Kris huet, bleift onkloer

Auswierkunge vum Virus

Wéi een Impakt d'Covid19-Kris huet, bleift onkloer

D'Oppositiounsparteien an der Chamber wollte méi vun der Regierung gewuer ginn, ewéi nëmmen eng Deklaratioun vum Premier Xavier Bettel iwwer d'Covid19 Kris. Wéi steet et ëm déi finanziell Situatioun vum Staat? Déi Fro huet den Donneschdeg an de Chamberdebatten dominéiert.

auto_stories

2 min

Grad elo misst d'Regierung soen, wéi et ëm déi wirtschaftlech a finanziell Situatioun vum Land steet, an dowéinst huet d'CSV kee Versteesdemech fir d'Decisioun vun der Regierung d'Ried zur Lag vum Land an den Hierscht ze verréckelen.

Et wieren zwee Elementer, déi géifen zouenee gehéieren, sou d'CSV-Fraktiounspresidentin. D'Kris an all hiren Dimensiounen an d'Sortie aus der Kris, misste fir d'Martine Hansen zu enger Ried zur Lag vun der Natioun gehéieren. "Mir brauchen e sanitären Angenda, och fir sech op eng zweet Well virzebereeden oder op aner Pandemien. Da brauche mer en ekonomeschen Agenda."

Wéi steet et ëm d'Finanzkapazitéite vum Staat?

Den ADR-Deputéierte Gast Gyberien ass skeptesch iwwer d'Aussoen vun der Regierung zu den Finanzkapazitéite vum Staat.

Datt d'Staatsschold an d'Luucht geet, dofir huet de Marc Baum vun déi Lénk Verständnis, mee bei de Recettë géif et Spillraum ginn. Et misst een och driwwer nodenken, ob een d'Betriber méi héich ze bestéieren, am Moment géifen d'Menagen de gréissten Deel zu de Recettë bäisteieren.

Et wier richteg d'Ried zur Lag vum Land an den Hierscht ze verréckelen hat den DP-Fraktiounschef Gilles Baum ënnerstrach. Wat d'Ëmsetze vum Koalitiounsaccord vun der Regierung ugeet, iwwer deen et och Froe gouf, sot de Premier Xavier Bettel, datt deen net d'Gestioun vun enger Coronakris virgesinn hätt. Hie wier awer frou, datt een zesumme mat den anere politeschen Acteuren un engem Strang gezunn hätt.

D'Professions de santé opwäerten

De Gesondheetssystem leit ënner engem Manktem u medezineschem Personal, net d'Paie wieren de Probleem, mee éischter d'Aarbechtskonditiounen an eng attraktiv an unerkannten Ausbildung. Et misst een och d'Fro vun de Remboursementer vun Psychotherapeuten klären, esou déi gréng Deputéiert Josée Lorsché, "fir datt endlech Cosultatioune kënne verschriwwen a rembourséiert ginn".

D'Schafe vun enger onofhängeger Covid-19 Struktur steet och am Raum, mee eng Decisioun wier nach net gefall, et wéilt ee sech fir d'éischt mat den Acteuren um Terrain ofschwätzen, esou d'Santésministesch Paulette Lenert.

Chamber a Regierung missten hier Responsabilitéiten iwwerhuelen

Och wa schonn dacks gesot gouf, et misst een och Beruffer opwäerten déi sech als essentiell erwisen hunn, sot den Sven Clement vun der Piratepartei.

Wann een eng fair a modern Gesellschaft wéilt, misst een déi systemrelevant Beruffer "net nëmme mat schéinen Dankesrieden, mee mat kloert Mesurë stäerken", sou den Deputéieren vun der Piratepartei. D'Chamber an d'Regierung missten hei hir Responsabilitéiten huelen.

Gemengt sinn do net nëmmen Medezinner, mee och all déi di am Alldag am Asaz waren an ouni déi et onméiglech gewiescht wier des Kris ze meeschteren.