Radioen

On air

De Moien  |  Bullion - World-train

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bezuelbare Wunnraum fir d'Stad Wien

Logement

Bezuelbare Wunnraum fir d'Stad Wien

Héich Wunnkäschte sinn zu Lëtzebuerg e vill diskutéiert Thema. Mee net nëmmen hei am Land: vill Groussstied an Europa si mat klammende Wunnkäschten confrontéiert. D'Léisungsusätz si politesch ganz verschidden. Déi éisträichesch Haaptstad Wien gëllt als e Beispill fir eng reusséiert Wunnengsbaupolitik. Mee och hei huet ee mat klammenden Terrainspräisser ze kämpfen. Dofir huet déi rout-gréng Stadregierung zu Wien eng déifgräifend Mesure ergraff, déi Spekulatioun op klammend Terrainspräisser entgéinttrieden a Loyeren, déi ee sech leeschte kann, garantéiere soll.

auto_stories

3 min

Foto: Bigstock / FreedomTumZ

Zanter der Zäit vum sougenannten "Roten Wien", tëschent den zwee Weltkricher, huet déi éisträichesch Haaptstad eng Traditioun vu sozialem Wunnengsbau a fortschrëttlecher Stadtplanung. Ee wichtegen Hiewel vun dëser Politik ass de geförderte Wohnbau.

D'Iddi ass déi: Bauträger kënnen hire Projet zum Deel bei der Gemeng zu gënschtege Konditioune finanzéieren, mussen dofir awer gewësse Konditiounen erfëllen. Sou dierf den Terrainspräis vum Grondstéck, op deem gebaut gëtt, net méi héich sinn, wéi 188 Euro pro Quadratmeter Wunnfläch, déi gebaut gëtt. A wann déi gebaute Wunnengen duerno verlount ginn, dierf den Netto-Loyer net méi héich wéi fënnef Euro pro Quadratmeter sinn.

Gesetz fir der Spekulatioun entgéint ze wierken

An de leschte Joren hätt de geförderte Wohnbau awer u Bedeitung verluer, seet de Christoph Chorherr, Stadtrat fir déi gréng zu Wien. "Wéinst de klammenden Terrainspräisser ass den Undeel u gefërdertem Wunnbau bei Neibauten an de leschte Joren ëmmer méi erofgaangen."

Als Haaptursaach fir déi geklommen Terrainspräisser gesinn déi Responsabel vun der Stad Wien an der Spekulatioun. Dobäi kënnt, datt et wéinst den niddregen Zënsen am Moment fir Bauinvestisseure méi gënschteg ass, sech privat ze finanzéieren. Fir op dësen Trend ze reagéieren, huet een elo d'Bauordnung reforméiert. Dëst Gesetz bestëmmt, wat op wei engem Terrainen dierf gebaut ginn, erkläert déi sozialdemokratesch Wohnbaustadträtin Katrin Gaal. Wann en Investisseur néi Wunnenge baue wëllt, an dofir den Terrain muss ëmklasséiert ginn, da gëtt dat nëmme gemaach, wann zwee Drëttel vun den neie Wunnenge gefërdert Wunnenge sinn.

Déi nei Reegelung betrëfft an éischter Linn d'Bauträger, soll awer indirekt dozou féieren, datt d'Terrainspräisser falen, mengt de Christoph Chorherr. "Wann haut een en Terrain keeft fir Wunnengen ze bauen, weess en, datt en nëmmen e gewëssene Präis fir den Terrain dierf bezuelen. Dat heescht, deen, deen den Terrain wëllt verkafen, weess, datt en den Terrain net fir méi deier ka verkafen."

D'Wunnen net dem Marché iwwerloossen

Déi nei Reegel gëllt awer just fir Projete mat engem Ëmfang, dee méi grouss ass wéi 5.000 Quadratmeter. A si gëllt just fir Neibauten. Gefërdert ginn am Prinzip awer och Sanéierungen. Och hei ginn et da Restriktioune beim Loyer, erkläert de Michael Ludwig, Buergermeeschter vu Wien. D'Stad géif awer och Terraine kafen, éier se an de Perimeter kommen. "Sou hu mir an engem Fond 2,8 Millioune Quadratmeter Grondstécker am Besëtz. Dëse stelle mir schrëttweis de soziale Wunnbaufirmen zur Verfügung."

Bei déi gefërdert Wunnenge kënnt dann nach de kommunale Wunnbau. Also Wunnunitéiten, déi direkt der Gemeng Wien gehéieren. Zu Wien huet ee sech entscheet, Wunnen net dem Marché ze iwwerloossen, seet d'Katrin Gaal. "Wat Wien ausmécht, ass eist politescht Bekenntnis dozou, datt Wunnen e Grondrecht ass. Mir gesinn et als eis Aufgab un, fir genuch Wunnraum ze suergen."

Fir d'Zukunft vun enger Stad wier et wichteg, datt soziale Wunnengsbau net nëmmen dorop ziilt, deenen Äermsten eng Wunneng ze verschafen, mee fir breede Schichte bezuelbare Wunnraum ze erméiglechen, fënnt de Christoph Chorherr. Eng Stad hätt nëmmen eng Zukunft, wann och jonk Leit sech d'Wunne kënne leeschten.