Radioen

On air

Notturno  |  Elephant9 - Arrival Of The New Elders

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi d'EU manner ofhängeg vu Russland ka ginn

EU-ENERGIEPOLITIK

Wéi d'EU manner ofhängeg vu Russland ka ginn

D'EU-Kommissioun proposéiert Mesuren, datt d'Länner ouni Gas- oder Pëtrolsliwwerungen aus Russland eens ginn. Lëtzebuerg setzt sech dofir an, datt d'Installatioun vu Solaranlagen deels obligatoresch gëtt.

auto_stories

3 min

Sou laang d'Europäesch Unioun Energie aus Russland importéiert, besteet de Risiko vu wiederen Erpressungsversich, sot gëscht de Chefspriecher vun der EU-Kommissioun, Eric Mamer.

Et wier dowéinst d'Responsabilitéit vun der EU an den eenzele Länner dofir ze suergen, méiglechst gutt preparéiert ze sinn.

Haut presentéiert Bréissel ee Plang, dee genee dofir suerge soll.

Nei Power duerch eegen Energie-Sourcen

D'Kommissioun huet en "Repower-EU" gedeeft. De Brouillon, deen dem radio 100,7 virläit, gesäit vir d'Ziler fir d'erneierbar Energie bis 2030 vu bis elo 40 op 45 Prozent eropzesetzen.

Fir dat ze erreeche sollen d'Kapazitéite fir an der EU Solarenergie ze produzéiere massiv erhéicht ginn, mam Zil bis a sechs Joer duebel sou vill Solaranlagen ze hunn, ewéi dat haut de Fall ass.

Dat geet net duer - soe fënnef EU-Länner, dorënner Lëtzebuerg, an engem Bréif, dee si Ufanks Mee un d'Kommissioun geschéckt hunn.

An der EU kéinte bis 2030 op d'mannst 70 Millioune Solar-Diech opgebaut ginn, heescht et an deem Schreiwes.

Duerch een EU-Gesetz sollt dowéinst dofir gesuergt ginn, datt d'Solaranlagen um Daach vun Industriegebaier d'Norm ginn, fuerdert de Lëtzebuerger Energieminister Claude Turmes.

"Wat d'Kommissioun haut hoffentlech virschléit, ass datt op all grouss Diech vun neien Industriegebaier obligatoresch Solaranlagen installéiert ginn. Wa mer et do net maachen, brauche mer net méi iwwer Klimaschutz ze schwätzen."

Gefor: Ofhängegkeet vu China

Méi Solaranlagen, dat kéint och méi Importer vu China bedeiten, well dat Land den Ament bei wäitem d'Nummer 1 an der Produktioun vu Photovoltaik ass.

D'Gefor vun enger Ofhängegkeet vu Russland an eng vu China ze rutschen ass also duerchaus ginn.

Fir dat ze evitéiere muss d'Unioun dat nämmlecht maache wéi China, nämlech der Industrie doheem duerch Subventiounen op d'Been hëllefen

"Wichteg ass, datt mer massiv Investitiounen a Solarfabricken an Europa kréien."

Zum Beispill doduerch, datt potentiell Produzente gënschteg Kreditter bei der Europäescher Investitiounsbank kréien.

Och dat sollt esou schrëftlech festgehale ginn, seet de grénge Minister.

Limitte fir Investitiounen an Infrastruktur fir fossil Energie

Geet et der Kommissioun no, solle bis 2030 zéng Milliounen Tonne Waasserstoff an der EU produzéiert a genee esou vill importéiert ginn.

Bei der Energieeffizienz soll och eng Schëpp bäigeluecht an d'Ziler erhéicht ginn, genee ewéi beim Energiespueren. Déi entspriechend EU-Direktive géifen deemno ugepasst ginn.

D'Länner sollen iwwerdeems d'Moyene kréien an d'Infrastruktur ze investéiere fir prett ze sinn, Gas oder Pëtrol vun enzwousch anescht ewéi Russland geliwwert ze kréien.

Hei wier et wichteg, datt Limite gesat gi fir ze verhënneren, datt ze vill Suen an den Transport vu fossiller Energie gestach ginn, seet de Claude Turmes.

Dat wier kontraproduktiv en vue vum Klimaschutz. D'Kommissioun misst kontrolléieren, ob Investitiounen an déi Infrastruktur wierklech néideg sinn an net géint d'Klimaziler verstoussen.

Schlëssel fir manner ofhängeg vu fossiller, a speziell vu russescher Energie ze ginn, ass datt iwwerhaapt manner Energie verbraucht gëtt.

Eng europäesch Campagne soll d'Energiespuere promovéieren. Do soll nieft der Industrie och an de privaten Haiser a Wunnengen ugesat ginn, andeems d'Direktiv iwwert d'Gebaier ëmgeännert gëtt - an do zum Beispill d'Installatioun vu Wäermepompelen an dat Gesetz ageschriwwe gëtt.

Lëtzebuerg ass iwwregens dofir, d'Ziler bei der erneierbarer Energie massiv eropzesetzen, seet de Claude Turmes.

Zil war et bis elo, datt zu Lëtzebuerg bis 2030 ee Véierel vun der Energie, déi verbraucht gëtt, aus Wand oder Solarkraaft kënnt. Déi nei Ziler wiere bal duebel sou héich. Deemno eng Erausfuerderung fir de Grand Duché.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.