DP: Walgewënner trotz wéineg Gemengewalkampf
An déi fänkt u mam Walgewënner vun e Sonndeg, der DP. Déi Liberal hunn als eenzeg vun de véier grousse Parteie landeswäit Stëmme gewonnen. A just a sechs vun de 47 Gemengen, wou se ugetruede sinn, hu si Stëmme verluer. Et gëtt also iwwer lokal Héichbuergen an Befindlechkeeten eraus fir d'DP an alle Walbezierker eng positiv Dynamik. Well déi Liberal eigentlech kaum Gemengewalkampf gemaach hunn, sollt een d'Erklärung op nationalem Niveau sichen: Dem DP-Premier säi Krisemanagement am Kontext vu Covid, Ukrain-Krich an Inflatioun schéngt gutt bei de Leit unzekommen.
CSV: Verloschter an alle véier Bezierker
Eriwwer bei den Haaptwalverléierer: D'CSV huet e Sonndeg vun de grousse Parteien prozentual déi meeschte Stëmme verluer. An och hei gëtt et iwwer lokal Schwankungen eraus een Trend: D'CSV verléiert a 36 vun de 45 Gemengen, wou se ugetrueden ass - an d'Verloschter weise sech an alle véier Bezierker. Hir Léisunge fir d'Walkampftheeme Santé a Sécherheet si manner gutt ukomm, wéi d'CSV et gehofft huet. D'Fro ass also, ob a wéi d'CSV versicht, sech am Chamberwalkampf ze repositionéieren.
déi gréng mat systematesche Verloschter
Och wann déi gréng prozentual liicht manner Stëmme verluer hu wéi d'CSV: Hir Verloschter si méi systematesch. Am Süden, Norden an Osten hunn déi gréng carrément an alle Gemenge Stëmme verluer, wou se ugetruede sinn. Eng Interpretatioun kéint sinn, datt d'Walvollek léiwer net un de Klimawandel erënnert gëtt, de Schwéierpunkt vum grénge Walkampf am Superwaljoer. Oder ass déi gréng Wielerschaft vläicht vun de minimale Fortschrëtter am Klimaschutz no zéng Joer grénger Regierungsbedeelegung enttäuscht? De Chamberwalkampf wäert weisen, wéi déi gréng dës Fro fir sech beäntwerten.
LSAP: Een duerchwuessent Resultat
Der LSAP hir Resultater si lokal méi duerchwuess, wéi bei den anere grousse Parteien: D'LSAP leet nämlech an 21 vun 39 Gemengen, wou se ugetrueden ass, zou. Trotzdeem verléieren d'Sozialisten ënnert dem Stréch an de Proporzgemenge Stëmmen. D'selwecht wéi bei den dräi Gemengewale virdrun. Dee selwechte konstanten Negativtrend erliewen d'Sozialisten zënter 2004 bei de Chamberwalen. Hir national Spëtzekandidatin Paulette Lenert ass am Gemengewalkampf wéineg opgetrueden an huet och inhaltlech nach kaum Faarw bekannt. Bleift ofzewaarden, ob déi beléifste Politikerin am Land d'Rudder am Oktober mat hirem Politikstil ëmgerappt kritt.
Kleng Parteien: Resultater mussen an ee Kontext gesaat ginn
D'Piratepartei ass a méi Gemengen ugetrueden an huet elo däitlech méi kommunal Mandater. Wat awer net muss heeschen, datt de Wielerpotential vun de Pirate generell enorm gewuess wier: An de Gemengen, wou se ugetruede sinn, kruten d'Pirate siwe Prozent vun de Stëmmen. Also just liicht méi wéi landeswäit bei de leschte Chamberwalen, an däitlech ënnert de Prognose vum Sonndesfro-Sondage.
Déi Lénk an d'ADR kommen an de Gemengen, wou se ugetruede sinn, op ronn sechs Prozent vun de Stëmmen. Och hei loossen d'Gemengewalen also net op eng Stäerkung vun de klenge Parteie schléissen.
An den nächste Woche ginn d'Kandidatelëschten an d'Programmer fir d'Chamberwale festgehalen. Verschidde Parteien hunn hir Generalprouf leschte Sonndeg an de Sand gesat. Déi aner wäerte versichen, déi positiv Dynamik vun de Gemengewale virun ze féieren. Ee Bléck op viregt Walen, dorënner d'Superwaljoer 1999 weist, datt dat kann, awer net muss geléngen.