Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Youth Lagoon - Idaho Alien

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wee fräi fir Koalitioun ouni CSV

Biissen

Wee fräi fir Koalitioun ouni CSV

Déi nei Allianz tëscht dem Buergermeeschter Jos Schummer an der Lëscht "Är Leit" kann zu Biisse regéieren. D'CSV-Conseillere Frank Clement a Carlo Mulbach demissionéieren aus dem Schäfferot. De Projet vun engem Google-Datacenter kann domat och virugedriwwe ginn.

auto_stories

2 min


De Bäitrag vum Jean-Claude Franckplay_arrow


Dräi Méint nodeems d'CSV d'Majoritéit am Gemengerot vu Biisse verluer huet, maachen déi Chrëschtlech-Sozial de Wee fräi fir déi nei Koalitioun. D'CSV-Conseillere Frank Clement a Carlo Mulbach hunn dësen Dënschdeg annoncéiert, datt si aus dem Schäfferot demissionéieren.

Enn Juni ware si an d'Minoritéit gesat ginn. De Buergermeeschter Jos Schummer an d'Cindy Barros haten d'CSV verlooss a sinn elo onofhängeg. Duerch eng Allianz mat der Lëscht "Är Leit" hu si elo eng Majoritéit ouni d'CSV.

Hannergrond waren Divergenzen iwwer de Projet vu Google fir zu Biissen e groussen Datacenter ze bauen. De Jos Schummer huet säin Austrëtt aus der CSV domat begrënnt, datt hie selwer fir de Projet vu Google ass, d'CSV op nationalem Plang awer dogéint.

De Google-Projet kann elo viru gedriwwe ginn

De Jos Schummer seet, hie géif d'Demissioun akzeptéieren an elo en neie Schäfferot zesumme setzen. Hie géif oppassen, datt deen neie Schäfferot de Projet fir en Datacenter an der Gemeng ënnerstëtzt.

De Projet kéint iwwerdeems virugedriwwe ginn, sou de Jos Schummer. D'Ministèren hätten d'läscht Woch d'Ëmklasséierung vun de 35 Hektar autoriséiert, den allgemenge Bebauungsplang (PAG) vun der Gemeng géif elo de Bau vun engem Datacenter erméiglechen. Fir datt den US-Konzern Google dierf op deem Terrain bauen, muss eng PAP-Prozedur lancéiert ginn, wärend där Google muss konkret Pläng op den Dësch leeën.

Memebere vum CSV-Gemengerot elo an der Oppositioun

De Biisser Buergermeeschter wëll mat der Lëscht Är Leit schwätzen an dann decidéieren, wéi sech den neie Schäfferot zesummesetzt.

Déi nei Koalitioun tëscht Är Leit an den zwee Onofhängege kënnt op 7 vu 11 Gemengeréit. D'CSV rutscht mat véier Gemengeréit an d'Oppositioun.