Radioen

On air

Zeenewiessel  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Tabula Rasa mam Tabu - schwiereg Theemen an der Grondschoul

Webinar

Tabula Rasa mam Tabu - schwiereg Theemen an der Grondschoul

Et ginn Theemen iwwer déi de Mënsch net einfach schwätze kann. Doud, Krankheet oder zum Beispill Gewalt onausgeschwat am Raum stoen ze loosse, vergréissert meeschtens den Theema, deen als tabuiséiert gëllt. Deet een also gutt drun en Tabu tabu sinn ze loossen? Oder ass et villméi sënnvoll mam néidegen Taktgefill an dem Alter entspriechend schonn an der Grondschoul iwwer Theemen ze schwätzen déi net einfach sinn, awer zum Liewe gehéieren?

auto_stories

2 min

Wat ass iwwerhaapt haut nach tabu? Ass fir jiddereen d'Hemmschwell fir e kriddlechen Theema unzeschwätzen déi nämmlecht? Sollt een ëmschreiwen, oder d'Problematik mam Numm nennen? Wéi geet ee mat enger Kris an der Klass ëm? Wann zum Beispill e Schoulmeeschter oder eng Joffer schwéier krank gëtt, oder souguer stierft? Wann e Kand den Doud vun enger léiwer Persoun muss verschaffen?

Am schoulesche Curriculum stinn des Theeme wuel um Programm, mee net all Enseignante an Enseignant fillt sech wuel fir driwwer ze schwätzen.

Wéi ginn ech domat ëm wann ee vu menge Schüler Affer vu Mobbing, oder sexuellem Mëssbrauch ass? A wéiwäit ass et sënnvoll mat den Elteren zesummen ze schaffen, fir engem Kand wat mat engem Tabutheema ze kämpfen huet ze hëllefen, oder wéinstens net méi schlëmm ze maachen? Kann een duerch Preventioun Theemen enttabuiséieren ier se eventuell Realitéit ginn?

Iwwer déi kriddeleg Momenter am Liewe vun engem Kand, a wéi een an der Schoul gutt domat ëmgeet, probéiert dëse Webinaire Pisten ze ginn. An der Hëlleflosegkeet déi ee bei Tabutheeme kann erliewen e bëssen eppes entgéint ze setzen.

Et diskutéiere mat:

  • Laurence Diederich, Léierin, Member vum KIT, dem Kriseninterventiounsteam vum MENJE, a Coordinatrice vun der Schoulekipp vum GSP, dem Groupe de support psychologique
  • Mary Faltz, Mataarbechterin beim SCRIPT, Initiatrice vum SCRIPT-Projet 'ChMenKi - Ech sinn de Chef vu mengem Kierper'
  • Annette Schütz, Léierin, Initiatrice vum SCRIPT-Projet 'Wat kënnt, dat geet'
  • David Bettinelli, Regionaldirekter vum Enseignement fondamental Regioun Mamer, ënnerstëtzt Projeten déi Kanner am Fondamental erméiglechen Tabue besser geréiert ze kréien


Jiddereen huet d'Méiglechkeet wärend der Live-Emissioun Froen iwwer fro@webinar.lu oder WhatsApp (621 44 00 44) ze stellen.

Moderatioun: Natasha Ehrmann