Déi 54 Artikelen déi drastinn, gëlle fir all Mënsch ënner 18 Joer. Vun dëse Rechter kann een awer nëmme profitéieren, wann ee se och kennt. A se versteet.
Fir datt all Kanner hir Rechter kennen, ass et d'Flicht vun der Regierung dës Rechter bekannt ze maachen a Plazen ze schafen, wou Kanner sech kënnen Hëllef sichen, wa si hir Rechter blesséiert oder ënnergruewe fannen.
De Service des droits de l'enfant, den Ombudsmann fir Kanner a Jugendlecher, den Office National de l'enfance an den Zentrum fir politesch Bildung sinn nëmmen e puer vun de sëllege Plazen, déi sech fir d'Verbreedung, d'Anhalen an d'Iwwerwaache vun de Rechter vun de Kanner a Jugendleche bis 18 Joer asetzen.
Mat hinnen zesumme bitt de SCRIPT mam radio 100,7 e Webinar un: Kannerrechter: Participatioun, Protektioun a Provisioun. Fir jiddwereen, dee sech fir déi Erwuesse vu muer interesséiert.
Invitéiert fir dëse Webinar sinn:
Marguerite Krier
Chef vum Service des droits de l'enfant am Educatiounsministère
Michèle Schilt
Directrice adjointe vum ZpB, Zentrum fir politesch Bildung
Michèle Bressanutti
Directrice vum ONE, Office National de l'Enfance
Charel Schmit
Ombudsmann fir Kanner a Jugendlecher
Moderatioun: Natasha Ehrmann
Donieft héiere mir weider Aussoe vu Jonken an Erwuessenen iwwer déi aktuell Situatioun vun de Kannerrechter zu Lëtzebuerg. Jiddwereen, deen eng Fro huet, kann déi wärend dem Webinar stellen, iwwer d'E-mail fro@webinar.lu, oder mat engem WhatsApp-Message op de 621 44 00 44.
De Webinar kann och per Livestream op der Websäit vu radio 100,7 (www.100komma7.lu) gekuckt ginn, no der Live-Ausstralung ass d'Emissioun och am Radiosarchiv ze fannen.