Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat wierklech geschitt ass

#Chamberleak

Wat wierklech geschitt ass

De radio 100,7 wäert weider op den Dokumenter schaffen, déi ëffentlech um Chambersite waren. Wa si d'Interêt public sinn, wäerte se der Ëffentlechkeet matgedeelt ginn. Mä wéi ass den 100,7 op de Problem gestouss?

auto_stories

4 min

Eng Persoun, déi regelméisseg Question Parlementairen a Procès-verbauxe vu Chamberkommissioune studéiert, gesäit, datt d'Link-Struktur no baussen transparent ass. An zwar nummeréiert, an an enger logescher Reiefolleg. Well de Chambersite net iwwersiichtlech ass, a well si net all Dag déi nei Dokumenter manuell wëllt siche goen, benotzt si ee sougenannten "Downloader", fir d'Dokumenter erofzelueden. Dat erméiglecht et der Persoun d'Dokumenter mat Volltext-Sich kënnen ze studéieren. Dës Demarche ass zu 100 Prozent legal a gëtt och vun Enquêteuren oder Journaliste benotzt, well et d'Recherche méi efficace mécht.

Mä d'Persoun stéisst beim Downloade vum Chambersite net just op rezent parlamentaresch Froen a Procès-verbauxen, mä och op en Dokument iwwert eng substantiell Augmentatioun fir de Budget vum Geheimdéngscht. Si setzt dat Dokument op Twitter, mam Message: "Saint-Nicolas au Srel". D'Persoun versteet net, datt dëst en net-ëffentlecht Dokument ass. Dëst ass och net an deem Sënn gekennzeechent. Den 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck gesäit d'Dokument a kontaktéiert d'Persoun fir ze froen, wou dat Dokument hierkënnt. Si erkläert him, datt si en Downloader benotzt, fir sech déi neisten Dokumenter op chamber.lu erofzelueden. Do wier dat Srel-Dokument dobäi gewiescht. De Jean-Claude Franck seet, datt dat net normal wier, an datt den 100,7 dat géif studéieren. Den 100,7-Chefredakter huet dunn d'Persoun drop opmierksam gemaach, datt dëst Dokument eigentlech net ëffentlech ass. Si huet doropshin déi Dokumenter, déi erofgelueden huet, geläscht an iwwerschriwwen.

E Mëttwoch, de 7. Mäerz kucken de Chefredakter an de Journalist Claude Biver sech d'Linkstruktur un a fanne bannent enger véierel Stonn eraus, wéi se opgebaut ass. Si ginn d'Links an engem Downloader an a lueden éischt Dokumenter erof, dorënner ganz vill normal Chamberdokumenter: Procès-verbauxe vu Kommissiounen an Dagesuerdnunge vu Kommissiounssitzungen. Mä och méi sensibel Dokumenter wéi Procès-verbauxe vu Bureaussitzunge mat ville perséinlechen Donnéeën.

Faille am System a kee mënschleche Lapsus

D'Benotze vum Downloader wär keng Intrusioun a keen Hacking, well een dat selwecht och manuell hätt kenne maachen, esou den 100,7-Journalist Claude Biver. Et wiere keng Sécherheetsmesuren ëmgaange ginn, well keng do waren. Déi Dokumenter wieren all fräi zougänglech gewiescht. Dem Jean-Claude Franck no hätt een esou laang gesicht, bis een erausfonnt hätt, ob et eng Faille vun enger Envergure wier.

"Well am Ufank, wann een op een Dokument stéisst (wéi z. B. dat iwwert déi Budgetsaugmentatioun am SREL), da kann ee sech jo soen als Journalist: Ass do een, dee vläicht eppes vertässelt huet an hirem Internet? Ass do een, deen dat falsch agescannt huet an op déi falsch Plaz gesat huet? Ass dat eng Kéier geschitt? Ass et vläicht e mënschleche Lapsus oder ass et eng Saach, déi eng méi grouss Envergure huet a wou de System hannendrun net funktionéiert. Dat heescht, mir hu missen eng Partie Saache kucken, fir ze gesinn, ob et de System wär. Esoubal kloer war, datt de System hannendrun eng Faille hätt, hu mir de Chamberpresident informéiert, datt mir géingen an d'Ëffentlechkeet goe mat där Informatioun."

Um véier Auer mëttes probéiert den 100,7-Chefredakter un de Chamberpresident Mars Di Bartolomeo ze kommen. Wéi deen eng hallef Stonn dono zeréck urifft, informéiert de Jean-Claude Franck hien iwwert d'Sécherheetspann um Chambersite an, datt de radio 100,7 um 20 Auer d'Noriicht wëllt verëffentlechen. Um 18 Auer fonctionnéiere guer keng PDFe méi um Chambersite. De Chamberpresident ass net z'erreechen. Um véierel fir siwen decidéiert de Jean-Claude Franck, datt d'Informatioun um 19 Auer public gemaacht gëtt, well d'Chamber d'Lach an Tëschenzäit zougemaach huet. Um 19:42 schéckt d'Chamber e Pressecommuniqué eraus, datt d'Sécherheetspann gefléckt gi wier. D'Chamber schreift, datt eng "Intrusioun" am System geschitt wier. Um 22 Auer geet de Chambersite ganz offline a gëtt eréischt freides, den 9. Mäerz um néng Auer moies erëm online gesat. Den 100,7-Chefredakter léisst nach eng Kéier den Downloader lafe fir ze kontrolléieren, ob d'Faille gefléckt ass. Et komme just nach offiziell Dokumenter, keng vertraulecher méi. De Radio mellt, datt d'Iwwerpréiwunge vum 100,7 erginn hunn, datt d'Faille gefléckt ass.

Kloer Intimidatioun

D'Chamber huet e Méindeg, den 12. Mäerz de Parquet iwwert d'Sécherheetslacunnen an d'Bild gesat. An engem Pressecommuniqué huet d'Chamber virum Benotze vun den internen Dokumenter gewarnt. Ob domat och d'Press gemengt ass, gëtt net präziséiert. Rieds geet vun enger "bewosster a geziilter Manipulatioun fir en net-autoriséierten Zougang zu internen Dokumenter". D'Fro vun enger Strofdot géif sech stellen.

Den 100,7-Chefredakter versteet dat "ganz kloer als Intimidatioun, datt do juristesch Schrëtt elo annoncéiert gi géint Journalisten, déi eng Faille opgedeckt hunn an déi vläicht dobäi Saache gesinn hunn, déi si kéinte verwäerten an dem Public dobausse matdeelen. Dat ass eppes wat ech, muss ech soen, zimlech schlëmm fannen. Datt e Parlament esou séier do géint d'Press geet. Amplaz, datt si emol och géife soen, datt déi juristesch Enquête dofir do wier, fir hir eege Faillen opzedecken."