Dräi Länner, dräi verschidden Evaluatiounen. Frankräich ass sech sécher, datt et den Assad war. Groussbritannien ass sech bal sécher. An d'USA si sech sécher, oder net, oder bal, oder guer net.
Wie weess, well d'Trump-Regierung huet vill verschidde Stëmmen, déi offiziell, déi manner offiziell, déi aus dem Pentagon, déi aus dem Wäissen Haus, an déi déi am meeschte gesi gëtt an déi am meeschte Kaméidi mécht. Dat ass den Twitter-Kont vum US-President Donald Trump.
Eng 180 Grad Kéier
Virgëschter huet hien nach annoncéiert, datt amerikanesch Rakéite géinge kommen. Dat war eng Warnung fir de Regime vum Bashar al-Assad a fir Russland, déi der Trump-Regierung no matresponsabel si fir d'Gëftgasattack e Samschdeg. Den Donald Trump huet och den Assad ugegraff, en Déier, dat mat Gas ermort, sot de President op Twitter.
Gëschter dunn en neie Message op Twitter vum Donald Trump. E Rakéitenugrëff kennt geschwënn oder net esou geschwënn. De President huet sech esou gewiert géint déi, déi hien drun erënnert hunn, datt hien als Kandidat versprach hat, ni amerikanesch Militärmanöver am Viraus ze annoncéieren.
Wann de President keng kloer Aussoen zu esou engem wichtegen Thema huet, da mussen aner Stemmen hier. Glécklecherweis gëtt et do e Verdeedegungsminister, dee sech net widdersprécht, obwuel hien dem President seng Meenung net deelt.
Keng Beweiser
Den Jim Mattis sot, datt et nach u Beweiser feelt, datt effektiv chemesch Waffe mat déidleche Konsequenze benotzt goufen, an d'Regierung, esou de Mattis, huet och keng Beweiser, datt de Regime vum Bashar Al-Assad responsabel war.
En amerikanesche Rakéitenugrëff op Militärinstallatiounen a Syrien ass nach ëmmer wahrscheinlech, mee et feelt, et schéngt, den Ament nach un enger klorer kollektiver Evaluatioun vun den dräi Länner, déi géife matmaachen: Frankräich, Groussbritannien, an d'USA.
Am Wee stinn och déi international Enquêteure, déi e Samschdeg sollen ufänken no Beweiser um Terrain ze sichen. Den Donald Trump wollt, et schéngt, séier seng Militärmuecht weisen. Wéi esou dacks schonn huet d'Komplexitéit vun der internationaler Politik hie gebremst.