Radioen

On air

Notturno  |  Simon McCorry & Wodwo - By Water Mite

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Wat méi séier, wat besser"

Steierpolitik

"Wat méi séier, wat besser"

D'OGBL-Presidentin Nora Back fuerdert eng Verméigenssteier fir physesch Persounen an eng méi staark Besteierung vu Kapitalrevenuen. Grad wéinst der Corona-Kris misst d'Regierung fir méi Gerechtegkeet am Steiersystem suergen.

auto_stories

3 min

D'OGBL-Presidentin Nora Back

D'Explosioun vun de Logementspräisser géif d'Kafkraaft vun de Leit schwächen, kritiséiert d'OGBL-Presidentin Nora Back. Vill sozial Problemer a Sträittheemen ewéi d'Héicht vum Mindestloun géifen direkt mat der Wunnengsnout zesummenhänken.

Steiere géint Spekulatioun

D'Nora Back fuerdert, datt déi scho laang geplangte Reform vun der Grondsteier méi séier viru gedriwwe gëtt. Mee dat géif als steierlech Mesure net duer goen, well déi gréissten Ongerechtegkeet géif doranner bestoen:

"Datt an deene FISen, déi Fonds d'investissements spécialisés, räich Aktionäre sech beräicheren um Terrain, an dat Ganzt och nach quasi steierfräi kënne maachen."

A wann d'Regierung versprécht méi soziale Wunnraum ze schafen, dierft se net de Contraire maachen. Och mam Pacte Logement 2.0 géif sech näischt änneren: "Mir hu keng Obligatioun fir Staat a Gemenge fir Terrainen an ëffentlecher Hand ze halen a se fir ëffentleche Wunnengsbau ze notzen."

Scholde maachen

D'Nora Back plaidéiert dofir, datt de Staat fir d'Konsequenze vun der Corona-Kris ze meeschteren, weider Scholde ka maachen. D'Limitt vun 30 Prozent Staatsschold par rapport zum PIB, déi d'Regierung sech selwer gesat huet, dierft dobäi keng Roll spillen.

Fir d'Staatsfinanzen am Grëff ze halen, huet d'OGBL-Presidentin eng Präferenz fir Upassunge bei de Steieren. Anescht wéi no der Finanzkris vun 2008 dierften et awer net d'Leit mat de klenge Revenue sinn, déi fir d'Kris bezuelen.

Grouss Verméige méi besteieren

D'Nora Back schwätzt sech allgemeng fir eng méi staark Besteierung vu grousse Verméigen a vu Kapitalrevenuen aus. Prioritéit misst eng Verméigenssteier sinn. Dat géif awer viraussetzen, datt d'Steierverwaltung wéisst, wéi eng Zommen d'Residenten op hire Bankkonten hunn. Eng Ierfschaftssteier an direkter Linn wier an hiren Ae fir Verméige vun iwwer zwou Milliounen Euro pro Persoun sënnvoll - "mat enger Neutraliséierung vum Eegenheem".

Och wann esou Steiermesuren net am blo-rout-grénge Koalitiounsaccord stinn, misst dat eng Prioritéit sinn: "D'Steiergerechtegkeet kann net op sech waarde loossen. Wat méi séier, wat besser."

Méi Sue fir d'Gesondheetswiesen

Déi allermeeschte Leit hätte wärend der Corona-Pandemie Accès zu enger adequater medezinescher Versuergung gehat, begréisst d'Nora Back. Dat géif weisen, datt Lëtzebuerg ee relativ gudde Gesondheetssystem hätt. D'Kris hätt awer och gewisen, datt déi lescht Joren ze vill gespuert gi wier, besonnesch beim Personal.

Am Kader vum Gesondheetsdësch diskutéieren d'Spideeler, d'Dokteren, d'Gewerkschaften an d'Regierung den Ament iwwer d'Zukunft vum Gesondheetswiesen. Prioritéit misst aus Siicht vum OGBL si fir eng weider Privatiséierung ze verhënneren. D'Ausbildung vum Fleegepersonal misst moderniséiert ginn an dee Beruff opgewäert ginn:

"Ech denken elo ass de gudde Moment fir déi politesch Visioune vum Gesondheetswiesen ze definéieren. A mäi Message un d'Paulette Lenert ass, si dierf et op kee Fall zouloossen, datt Tendenze kommen, dee Secteur ze privatiséieren. Mir wëssen, datt verschidden Acteuren am Secteur dat wëlles hunn."

Klimapolitik: Sozial gerecht?

D'Nora Back betount, datt den OGBL de Klimawandel fir eng Urgence hält an och hanner de Klimaziler vun der Regierung steet. Mee wann d'nächst Joer eng CO2-Steier agefouert gëtt, da wier als sozial Kompensatioun ee progressive Steierkredit wichteg.

An amplaz d'Accisen ze erhéijen, misst den Accès zu ëmweltfrëndlechen Alternative méi sozial gerecht gereegelt ginn. Dat wier bei de Primme fir Elektroautoen oder déi energetesch Sanéierung vum Logement net de Fall.