Fir dës Hëllef ze kréien, géif engersäits evaluéiert ginn, wat d'Assurance vun de Privatpersounen souwisou schonn iwwerhuelen, heescht et vum Familljeministère. Duerno géif de Montant vun der Hëllef vun der Gréisst vum Schued a vun der finanzieller Situatioun vun der betraffener Persoun ofhänken. Et wier allerdéngs nach ze fréi fir ze soe, wéi vill Leit sech do géife mellen.
Sech direkt beim Assureur mellen
An och d'Entreprisë sollen sech an enger éischter Etapp un den Assureur wenden. D'Aide kéint deen Deel ersetzen, deen net vun der Assurance iwwerholl gëtt, sou heescht et um Wirtschaftsministère. Et kéint ee sech zum Beispill mat Fotoe vum Schued un den Assureur wenden, seet de Marc Hengen, Direkter vum Versécherungsverband ACA.
Et sollt een dat am Allgemengen esou séier wéi méiglech beim Assureur mellen, deen och Instruktiounen an Indikatiounen iwwer de weideren Oflaf kéint ginn. "An dee gëtt dann och d'Méiglechkeet, fir sou séier wéi méiglech en Expert oder en Inspekter op d'Plaz ze schécken, fir datt sou séier wéi méiglech gefléckt, geraumt a gebotzt ka ginn."
Vill Schued an de Gemengen
An der Gemeng Bäerdref sinn eng Dosen Stéit betraff, sou de Bäerdrefer Buergermeeschter Joé Nilles. Do géif et haaptsächlech em Elektroschued goen. An der Garage um Grondhaff misst dogéint nach während enger Woch geraumt ginn. Den Hotel Le Cigalon am Mëllerdall wäert viraussiichtlech dëst Joer net méi opgoen.
An och méi am Süde vum Land, zu Greiweldeng, goufen et staark Iwwerschwemmungen. Do hat d'Gemeng direkt den Oftransport vun deene futtisse Saachen organiséiert, erzielt d'Marie Thérèse Sibenaler vun der asbl Greiweldenger Leit. Ënnen am Duerf war d'Waasser an de Keller vun engem Haus vun der asbl gelaf, wou Vakanzewunnengen dra sinn.
Et wier een elo am gaangen no enger Noutléisung ze siche, fir datt ee waarm Waasser huet, sou nach d'Marie Thérèse Sibenaler. Fir de Rescht stinn déi betraffe Leit elo am Kontakt mat hiren Assurancen. D'Demande fir Privatpersoune kann een nach bis den 30. Juli iwwert de Site vum Familljeministère era reechen.
D'Betty Gillen am Panorama de 4. Juni um 12 Auer: