Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wat maache géint d'Wëllschwäin-Problematik?

Neien Aarbechtsgrupp

Wat maache géint d'Wëllschwäin-Problematik?

An der leschter ofgeschlossener Juegdperiod vum 1. Abrëll 2018 bis den 31. Mäerz 2021, sinn zu Lëtzebuerg 22.647 Wëllschwäin als geschoss gemellt ginn - dat sinn der eng 5.000 méi, ewéi am nationalem Ofschossplang virgesinn. D'Wëllschwäin-Populatioun hëlt awer weider zou, an dat bréngt eng Rei Problemer mat sech. Een neien Aarbechtsgrupp soll elo probéieren, dës Problematik an de Grëff ze kréien.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow

An der leschter ofgeschlossener Juegdperiod, vum 1. Abrëll 2018 bis den 31. Mäerz 2021, sinn zu Lëtzebuerg 22.647 Wëllschwäin als geschoss gemellt ginn. Dat geet aus der Äntwert vun der Ëmweltministesch Joelle Welfring op eng parlamentaresch Fro iwwer d'Wëllschwäin-Juegd ervir.

Dat sinn der eng 5.000 méi, ewéi am nationalen Ofschossplang virgesi war.

Wuesstem an der Populatioun mécht Problemer

Konkret Zuelen iwwer d'Bestänn vun de Wëllschwäi ginn et keng.

D'Ofschoss-Zuelen an d'Schied an der Landwirtschaft wieren awer rapid an d'Luucht gaangen. Dat géif drop hindeiten, datt d'Wëllschwäin-Populatioun an de leschte Joren immens zougeholl huet, erkläert d'Marianne Jacobs vun der Naturverwaltung.

Dëse Wuesstem géif eng ganz Rei Problemer mat sech bréngen, ewéi zum Beispill de Schued u landwirtschaftleche Kulturen oder un der Biodiversitéit, esou d'Marianne Jacobs, an och déi afrikanesch Schwéngpescht déi aus dem Osten ëmmer méi no kéim, wier e Problem.

Kreatioun vum "Groupe de pilotage sanglier"

Fir d'Wëllschwäin-Problematik an de Grëff ze kréien, huet den Ëmweltministère dëst Joer am August ee "Groupe de pilotage sanglier" an d'Liewe geruff.

Dësen Aarbechtsgrupp besteet aus Vertrieder vu staatlechen Instanzen a privaten Interessensgruppen, a soll Enn November fir eng zweet Kéier zesumme kommen, fir iwwer zousätzlech Moossnamen nozedenken.

De Roger Schauls vum Mouvement Ecologique geet net dovun aus, datt een de Problem mat der Juegd eleng an de Grëff kritt. Hien erkläert, datt och nach aner Saachen an der Diskussioun wieren, ewéi zum Beispill "Saufäng":

"[...] dat heescht esou agegattert Bezierker wou d'Schwäin dann ugelackelt gi mat Fudder, an dann dee Moment probéiert gëtt fir ganz Rotten, also ganz Familljeverbänn vu Schwäin ze fänken, an dann dee Moment och ze schluechten an ze verwäerten."

Jeeërfederatioun ass géint Saufäng

D'Jeeërfederatioun, déi eng 2.200 Jeeër am Land vertrëtt, schwätzt sech kloer géint d'Method vun de Saufäng aus. Éier een esou eng radikal Léisung géif huelen, misst ee fir d'éischt all aner Léisung probéieren, fënnt hire Generalsekretär Richard Frank.

Esou kéint een d'Juegdzäiten upasse mat zwou Stonne viru Sonnenopgank an zwou Stonnen no Sonnenënnergang, an och Nuetssiichtgeräter benotzen. Et hätt een d'Technik, also sollt een se och notzen, esou de Richard Frank.

Fir déi aktuell Juegdperiod vun 2021 bis 2024 gesäit den nationalen Ofschossplang d'Ofschéisse vu ronn 21.000 Wëllschwäin vir.