Radioen

On air

Resonanzen  |  Franz Xaver Mozart - Sonat fir Piano a Sol Majeur, Op. 10, IV. Rondo Allegretto - Anna Liszewska (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat fir eng Steierpolitik fir Lëtzebuerg?

Chamberwahlen 2018

Wat fir eng Steierpolitik fir Lëtzebuerg?

Fir datt Lëtzebuerg europäesch an international kompetitiv bleift, misst d'Betribsbesteierung weider erofgoen, seet de Laurent Mosar. D'CSV wëllt de globale Besteierungstaux fir Entreprisë vun aktuell 26 Prozent op 20 Prozent erofsetzen. De Michel Erpelding vun déi Lénk huet deem d'Fro entgéint gehalen, wou dann d'Limitt vum Steierdumping wier. Wann iergend e Land op 0 Prozent géif erofgoen, op Lëtzebuerg dat dann och géif maachen.

auto_stories

3 min

De Laurent Mosar (CSV) an de Michel Erpelding (déi Lénk) stounge sech an engem Face-à-Face géigeniwwer.

Fir déi Lénk ass d'Steierlaascht tëscht Stéit an Entreprisen elo schonn ongerecht verdeelt. De Laurent Mosar seet dozou, datt een e Stot net mat enger Entreprise kéint vergläichen. "Et ass awer och esou, datt eng Rei steierlech Mesure musse geholl gi fir privat Persounen, déi mir och virgesinn hunn an eisem Parteiprogramm."

De Michel Erpelding äntwert dorop, datt d'Zuele vum PwC "Paying Taxes Report 2018" soe géifen, datt an der Moyenne d'Entreprisen hei am Land 4 Prozent Steiere géife bezuelen. "Ech bezuelen als Salarié vill méi Steiere wéi dat, do si mir op engem Punkt ukomm wou d'Steiergerechtegkeet an de Principe d'égalité [...] staark a Fro gestallt ass, an dat ass wierklech e Problem."

E spezielle Steierregime fir Expatriéiert

Och bei der Verméigenssteier a bei der Finanztransaktiounssteier louchen d'Positioune vu béide Kandidate fir d'Chamberwalen auserneen. D'CSV well keng vu béide Steieren aféieren, déi Lénk sinn dofir. D'CSV wëll och e spezielle Steierregime fir Expatriéiert schafen. De Laurent Mosar seet, datt d'Fro vun der Kompetitivitéit hei wichteg wier. "Mir soen alleguerte mir hätte gär Leit déi kompetent sinn, déi Know-How op Lëtzebuerg bréngen. Ech soen Iech am Moment, mat deene 45 Prozent déi musse bezuelt ginn, och dat ass e Problem." An anere Länner wier d'Besteierung vun de Privatpersounen deelweis ënner deene 45 Prozent, an do misst ee sech iwwerleeën, ob een do net misst e klengen Effort maachen.

De Michel Erpelding seet, datt hien an engem Betrib schafft wou extrem kompetent Leit wieren déi aus anere Länner vun der Welt kommen. "An déi kommen net op Lëtzebuerg wéinst de Steieren, déi kommen op Lëtzebuerg well d'Salaire korrekt sinn, a well d'Aarbechtskonditioune korrekt sinn." Déi Lénk géife verstoen, datt Experten en héije Salaire bräichten, mee géifen net verstoen, datt si Steierabattementer bräichten. Dat géif d'Ongläichheet zu Lëtzebuerg stäerken, d'Immobiliëpräisser an d'Luucht dreiwen an de Ressentiment géint d'Auslänner fërderen.

GAFA besteieren

Op EU-Niveau bremst Lëtzebuerg aktuell Bestriewungen, fir datt déi grouss Internetbetriber, déi sougenannte GAFA-Konzerner do besteiert ginn, wou se hir Ëmsätz maachen. D'CSV wier der Meenung, datt déi sougenannt GAFA-Konzerner (Google, Apple, Facebook, Amazon) méi misste besteiert ginn, dat awer "op Weltniveau, well och do mécht et kee Sënn, wann d'Europäesch Unioun ganz eleng virleeft", fënnt de Laurent Mosar.

De Michel Erpelding äntwert dorop, datt d'Europäesch Unioun am Dateschutz ganz eleng géint d'GAFAe virgaange wier, an datt et bei de Steieren d'selwecht misst sinn. "D'GAFAe si vill ze mächteg haut. Si kontrolléieren eis Donnéeën, si ginn eis politesch Saache vir. Mir mussen hir Muecht briechen an déi Europäesch Unioun muss domadder ufänken", esou de Kandidat fir déi Lénk.