Radioen

On air

Al Schanken  |  Willie Nelson - Gotta Serve Somebody

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat d'EU géint héich Energiepräisser ënnerhuele wëllt

Spezialconseil vun Energieminister

Wat d'EU géint héich Energiepräisser ënnerhuele wëllt

D'EU-Kommissioun proposéiert, d'Demande no Stroum ze reduzéieren, d'Revenuen vu verschiddene Stroumproduzente ze limitéieren an een Deckel um Präis fir Gas, deen aus Russland importéiert gëtt, anzeféieren. De Lëtzebuerger Energieminister Claude Turmes steet deene Proposen an enger éischter Reaktioun positiv géintiwwer.

auto_stories

3 min


Een Noutfallplang mat fënnef Punkten huet d'Kommissioun e Mëttwoch schliisslech op den Dësch geluecht. Den Drock op déi Bréisseler Autoritéit war an der Lescht wéinst den ëmmer méi héije Stroumpräisser staark geklomm.

Demande fir Elektresch verbindlech reduzéieren

Als éischt proposéiert d'Kommissioun eng Reduktioun vun der Demande no Stroum. Virun allem de Verbrauch zu de Stousszäite muss erofgoen, sot virgëscht d'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen, "well zu deenen Zäiten deen deiere Stroum op de Marché kënnt".

D'Kommissioun wëllt hei de Memberlänner ee verbindlecht Zil virschreiwen.

Limitte fir Revenue vu bestëmmte Stroumproduzenten

Zweetens sollen d'Revenue vun deene Stroumproduzente limitéiert ginn, déi Elektresch méi bëlleg produzéiere kënnen. Dat ass de Fall fir d'Solar-, Wand- oder och Atomkraaft, déi d'Energie net aus dem deiere Gas gewannen.

Hei soll keng Präislimitt, ma ee Plaffong op hirem Revenue agefouert ginn. Aussergewéinlech héich Beneficer vun Entreprisen, déi mat Pëtrol oder Gas schaffen, sollen och akasséiert ginn.

D'Suen, déi op deem Wee gesammelt ginn, sollen dann u Privatverbraucher an Entreprisen, déi besonnesch ënner der Präis-Hausse leiden, verdeelt ginn.

De Lëtzebuerger Energieminister ka mat deene proposéierte Mesurë liewen. De Claude Turmes war bis elo géint all Interventioun um Marché, allerdéngs:

"Eng Ofschöpfung vun extraordinäre Gewënner, déi Verschiddener maachen, well Stroumpräisser extrem héich sinn, ass eng Iddi, déi mir als am mannste geféierlech ugesinn."

Wichteg wier et virun allem, datt d'Grenzen op bleiwen, an net verschidde Länner hir Energie just fir sech behalen.

Dat kéint, deemno wéi eng Mesure geholl gëtt, duerchaus geschéien, warnt de Claude Turmes. Dat hätt sech am Fall vum spuenesche Modell och schonn an der Praxis gewisen.

Vill Detailer mussen nach gekläert ginn

Och mam vun der Kommissioun proposéierten Deckel fir de Präis vu russeschem Gas ass de grénge Politiker a priori d'accord.

Vill Froe bleiwen awer op. Zum Beispill déi, wéi genee de Staat un déi zousätzlech Recettë komme soll. Et wier keng Steier geplangt, confirméiert de Minister.

Doriwwer, wéi d'Regierung genee mat deenen zousätzleche Revenue virgoe wëllt, a wat sech de Lëtzebuerger Consommateur konkret erwaarde kann, hält de Claude Turmes sech bedeckt: Vu datt de Grand Duché just 20 Prozent vu sengem Stroum selwer produzéiert, wieren do "manner héich Revenuen ze erwaarden".

D'Energieministere solle sech e Freideg zu deene Mesuren op engem Spezial-Conseil positionéieren. Déi nächst Woch wëllt d'Kommissioun dann déi respektiv Gesetzestexter virleeën.