arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat bis elo gewosst ass

Ukrain-Affär

|
reading time

5 min

Wat bis elo gewosst ass

All Dag gëtt et nei Revelatiounen an der sougenannter Ukrain-Affär. Den US-President Donald Trump huet wéinst senge Kontakter mam neien ukrainesche President eng Impeachment-Prozedur ëm den Hals. An ëmmer méi Membere vun der Trump-Regierung schéngen elo an de Skandal verwéckelt se sinn.

reading time

5 min

Mat engem kuerze Video, opgeholl am Rousegaart vum Wäissen Haus, mëscht den Donald Trump kloer wourëms et an der Ukrain-Affär senger Meenung no wierklech geet: D'Zukunft vum Land géif um Spill stoe wéi dat nach ni virdrun de Fall war, seet den Donald Trump. D'Demokrate géifen hien dovunner ofhalen, fir d'Leit ze kämpfen, an hie géif dat ni zouloossen.

Den Donald Trump wëll oflenken

Et ass also méi wéi just eng Geschicht an där den Donald Trump hätt kënne géint säin Eed verstoussen. Et ass méi wéi just d'Geschicht vu potenziellen illegale Kontakter mat enger auslännescher Regierung, an dësem Fall d'Ukrain. Et geet dem Wäissen Haus no och net ëm d'Méiglechkeet, datt d'Regierung déi amerikanesch Aussepolitik benotzt huet fir d'Wahlen am eegene Land ze beaflossen.

Nee, dem Donald Trump no ass en Deel vun den Demokraten hire Versich seng Presidence ze stoppen. Et wier déi gréisste Ligen an der Geschicht vun der amerikanescher Politik. D'Demokrate wéilten de Leit hir Waffen, hir Krankeversécherung, hir Wahlstëmmen, Fräiheeten a Riichter ewechhuelen.

D'Taktik vun der Trump-Wahlequipe a vum Wäissen Haus ass kloer: et geet drëms alles ze maachen, fir vum Skandal selwer ofzelenken. Do ass et ëmsou méi wichteg nach eng Kéier ze kucken ëm wat et genee an der Ukrain-Affär geet.

D'Ukrain soll géint den Joe Biden ermëttelen

Et geet ëm d'Kontakter tëscht de Presidenten Donald Trump a Volodymyr Zelensky an hiren Uriff um Ufank vum Zelensky senger Presidence. Mir wëssen, datt an engem vun dem Uriff den Donald Trump de Volodymr Zelensky opgeruff huet fir géint säi politesche Géigner Joe Biden z'enquêtéieren. Dat kéint en abus de pouvoir gewiescht sinn, an dësem Fall e Versuch mat der amerikanescher Aussepolitik den amerikanesche Wahlkampf ze beaflossen. Et erënnert ee Sech do natierlech un der Trump-Wahlequipe hiren Interessi russesch Hëllef ze benotze fir géint d'Hillary Clinton ze gewannen.

Et muss hei natierlech gesot sinn, datt et schéngt wéi wann et net vill z'enquêtéiere gëtt: dem Joe Biden säi Jong war während sengem Papp senger Vize-Presidence Virstandsmember vun engem ukraineschen Energiekonzern an huet do och vill verdéngt, mee illegal war dorun näischt. Et sinn déi Lienen, déi den Trump wëll vun der Ukrain enquêtéiere loossen.

De Zelensky wëll sech eraushalen

Matzendran an dëser Geschicht sinn elo d'Ukrain an hire neie President Volodymyr Zelensky, deen et schéngt net vill falsch gemaach huet ausser dem Trump esou vill wéi méiglech ze gefalen, wat sech och versteet, well d'Ukrain brauch finanziell a militäresch Hëllef vun den USA.

Wat nach net konnt bewise ginn ass datt d'Trump-Regierung villäicht déi Militärhëllef a Fro wollt stellen, wann et net zu enger Enquête géint den Joe Biden sollt kommen. De Volodmy Zelensky huet lescht Woch zu New York versicht sech aus der Affär zeréckzezéien, an den Donald Trump huet hien dobäi encouragéiert.

Dëser Deeg kennt den Twitter-Kont vum Donald Trump just nach een Thema. Den US-President schreift a Groussbuchstawen iwwer seng Kontakter mam Zelensky an iwwer den Demokraten hire Versuch, hie mat enger Impeachment-Prozedur aus dem Amt ze geheien.

Donald Trump: "The perfect call"

Den Trump seet, hien hätt näischt falsch gemaach, säin Telefonsgespréich mam Zelensky wier ganz normal an a senge Wierder perfekt gewiescht. Demokrate soen, datt seng Versich de neie President z'iwwerzeegen an der Ukrain géint säi politesche Géigner Joe Biden z'enquêtéieren et op mannst verdéngt hu méi genee ënnert d'Lupp geholl ze ginn.

Esou wëllen d'Demokraten esou séier wei méiglech hier Hänn un Dokumenter aus dem Ausseministere kréien, a si wëlle mat den anere Leit schwätzen, déi villäicht mam President Trump illegal Kontakter mat der Ukrain haten.

Et si méi Leit dran implizéiert

Logesch ass et do mam Representant vun den USA fir d'Ukrain ze schwätzen, oder éischter mam fréiere Representant. Well den Diplomat Kurt Volker ass op ee Mol um Enn vun der Woch zeréckgetrueden. Hie gëtt genannt an der Plainte vun engem lanceur d'alerte: de Kurt Volker kéint wëssen, wei vill Drock op d'Regierung zu Kiew gesat gouf an ob et do iergendwann eng Dreeung gouf, militäresch Hëllef vun den USA un d'Ukrain ze stoppen, wann et net sollt zu enger Enquête géint den Joe Biden kommen.

De Kurt Volker wäert trotz sengem Récktrëtt wuel geschwënn virum amerikanesche Kongress mussen temoignéieren. Villäicht och de Rudy Giuliani, de fréiere Buergermeeschter vun New York, den Held nom 11. September 2011, an elo de perséinlechen Affekot vum Donald Trump. Och hien ass déif implizéiert a probéiert sech bal all Dag um Fernseh ze verdeedegen.

Déi nächst Kapitel komme wuel ganz séier, well de Skandal kéint eréischt a senger Ufanksphase sinn.