Radioen

On air

Notturno  |  Maz Univerze - Good Shit

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat bedeit eng "alerte rouge"?

Héich Temperaturen

Wat bedeit eng "alerte rouge"?

Gëschter hunn d'Wiederstatioune vun der Ackerbauverwaltung zu Réimech déi héchsten Temperatur gemooss: 36,1 Grad. Fir haut huet d'MeteoLux eng sougenannten "alerte rouge", déi héchst Warnstuf wéinst héijen Temperaturen, fir ganz Lëtzebuerg erausginn. D'Temperature sollen uechter d'Land op bis zu 39 Grad klammen. Den Adnan Ceman, Chef vum Meteorologieservice vun der stättescher Flughafenverwaltung, erkläert wat genau eng "alerte rouge" ass.

auto_stories

3 min

Fir haut ass eng "alerte rouge" gemellt. Foto: NataliSam (Bigstock)

Eréischt zanter 2016 gëtt zu Lëtzebuerg eng Statistik iwwert "alertes rouges" wéinst héijen Temperature gefouert. An den zwee éischte Joren an am leschte Joer goufen et där keng. 2018 waren et zwee Deeg, 2019 ganzer sechs Deeg an 2020 dräi, erkläert den Adnan Ceman, Chef vum Meteorologieservice vun der stättescher Flughafenverwaltung.

Wéi eng Krittäre fir eng "alerte rouge"?

Den Adnan Ceman erkläert, datt eng "alerte rouge" vum Meteorologieservice deklaréiert gëtt, wann d'Moyenne vun den Temperature groussflächeg iwwer 35 Grad läit an dobäi och d'Moyenne vun der Temperatur vum Dag iwwer 23 Grad loung. Well d'Meteo keng "science exakt" wier, géif esou eng Warnung ëmmer nëmmen 48 Stonnen am Viraus erausgi ginn, fir esou genee ewéi méiglech ze sinn.

Duerch déi ëmmer méi heefeg Hëtztperioden an de leschte Joren wier et och tendenziell méi heefeg, datt d'Situatioun u Rout krazt oder an de roude Beräich geet, esou nach den Adnan Ceman.

D'Temperatur-Modeller fir d'Land géifen heibäi Ënnerscheeder jee no Géigend weisen. Am Norden ass et meeschtens e puer Grad méi kill ewéi am Süden an an der Mëtt vum Land. Dat géing doru leien, dass de Süde vum Land méi bebaut ass an et méi Gréngflächen am Norde ginn, deen och méi héich läit, esou den Adnan Ceman.

Héich Ozonwäerter si schiedlech

Et sinn och héich Ozonwäerter annoncéiert, déi schiedlech sinn a mat den Temperature klammen. Haut géif de Risiko bestoen, datt de Seuil vun 180 Mikrogramm pro Kubikmeter Loft iwwerschratt gëtt, esou d'Ëmweltverwaltung an engem Communiqué.

Bei sou héije Wäerter kann den Ozon Kappwéi ausléisen an d'Ootme méi schwéier maachen, seet d'Anne Vergison vun der Inspection Sanitaire. Den Ozon hätt haaptsächlech Effekter op Persounen déi Problemer mat der Ootmung hunn, a kéint eventuell eng Asthma-Kris ausléisen oder Schwieregkeete maache bei Leit, déi eng chronesch Bronchite hunn.

Eng "alerte rouge" soll eescht geholl ginn

D'Loftfiichtegkeet grad ewéi d'Loftzirkulatioun hätten och en Afloss drop, wéi een eng Temperatur géif empfannen an deementspriechend och besser oder manner gutt aushalen. Jiddefalls sollt een eng "alerte rouge" ni op d'liicht Schëller huelen, mee e puer einfach Reegele befollegen, esou den ANA-Mataarbechter:

"Am Schiet sinn, vill drénken. Jo, ab e Mëttwoch geet et da besser an da kënne mir [...] mat relativ normale summerlechen Temperature vu 27 bis 28, 29 Grad liewen."

D'Santé recommandéiert zousätzlech op schwéier kierperlech Ustrengungen oder Sport ze verzichten, sech eventuell an der Dusch oder Bidden ofzekillen a vulnerabel Persounen a Kanner besonnesch am A ze behalen.