arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Wat ass erlaabt, a wat ass verbueden?"

Konkurrenzrecht

|
reading time

1 min

"Wat ass erlaabt, a wat ass verbueden?"

Fir d'Aarbecht gutt ze maachen, misst d'Personal verduebelt ginn, seet de President vum Konkurrenz-Rot, Pierre Barthelmé. Op d'Kritik, datt de Konkurrenzrot ze "business-frëndlech" wier, äntwert de Pierre Barthelmé, et géife statistesch gesi vill Affäre klasséiert ginn, mee et wier och wichteg, déi richteg Prioritéiten ze setzen.

reading time

1 min

D'lescht Joer hat de Konkurrenzrot 13 Affären traitéiert, dovunner sinn der eelef ouni Suite klasséiert ginn, siwe Plainte goufe scho virun aacht Joer beim Konkurrenzrot agereecht.

De Pierre Barthelmé beschreift d'Roll vum Conseil tëschent Berodung a Sanktioun. Déi zentral Fro am Konkurrenzrecht wier: Wat ass erlaabt, a wat ass verbueden? "Wéi wäit kann ech mat mengem Konkurrent schwätzen, a wéini muss ech ophalen? Dat ass natierlech wichteg", sou de Pierre Barthelmé. Et géif een och sanctionnéieren, wann d'Reegelen net géifen agehale ginn.

Eng Dispositioun am Konkurrenzrecht géif et erlaben, enger Entreprise ganz oder partiell Stroffräiheet ze garantéieren, wa se eng aner Entreprise verréit, sou de Pierre Bartelmé. Esou eng Affär géif deemnächst ëffentlech gemaach, déi sech am Beräich vun der Distributioun zougedroen hätt. Do wier et iwwer Joren eng Ofsprooch ginn. "An dunn huet dann een iergendwann eng Kéier kal Féiss krut an ass bei eis komm an huet gesot, mir hunn eis iwwer Joren do ofgeschwat", sou de Pierre Barthelmé.