Radioen

On air

Notturno  |  Eric Junker - Vibrant Futures

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wat ass am Zentrum geschitt?

Gemengewalen 2023

Wat ass am Zentrum geschitt?

D'DP gewënnt un Zoustëmmung a kann hir Plaz als stäerkste Partei an de Proporzgemenge vum Walbezierk Zentrum verdeedegen. LSAP, déi gréng, CSV an déi Lénk verléiere Stëmmen an deels och Mandater. Zu de Gewënner gehéieren d'Piraten an d'Biergerlëschten.

auto_stories

3 min

Am Zentrum si mëtterlweil 15 vun 21 Gemengen am Proporzsystem, zwou méi wéi bei de leschte Walen. Just d'DP hat zu Helperknapp an zu Lëntgen eng eege Lëscht. CSV an déi gréng haten eng Lëscht zu Helperknapp.

De Resumé vun de Mandater am Walbezierk Zentrum:

  • DP: 58 Mandater (+11)
  • CSV: 52 Mandater (-4)
  • déi gréng: 28 Mandater (+1)
  • LSAP: 25 Mandater (+0)
  • Piratepartei: 2 (+2)
  • ADR: 1 (+1)
  • déi Lénk: 1 (-1)
  • Biergerlëschten: 34 (+19)

DP gewënnt bal iwwerall

D'Demokratesch Partei bleift mat iwwer 30 Prozent vun de Stëmmen (+1,5 Prozentpunkten) stäerkste Kraaft am Zentrum. Mat enger Ausnam gewännen déi Liberal hei an alle Proporzgemengen (am meeschten zu Sandweiler mat iwwer 11 Prozentpunkten). Och an der Haapstad kritt d'DP méi Stëmmen (+1,5 op 31,5 Prozent). Just zu Walfer verléiert d'DP, an zwar liicht iwwer ee Prozentpunkt vun de Stëmmen.

An den neie Proporzgemenge krut d'DP 18 Prozent (Helperknapp) respektiv 20 Prozent (Lëntgen) vun de Stëmmen. Zu Bartreng halen déi Liberal hir absolut Majoritéit (51 Prozent).

CSV: Klore Walverléirer

D'CSV huet nëmme méi 24 Prozent vun de Stëmmen an den Zentrumsgemenge krut, bal 4 Prozentpunkte manner wéi 2017. D'Partei huet a bal alleguerten Zentrumsgemenge Stëmme verluer, am meeschten zu Bissen (bal 21 Prozentpunkten, woumadder och déi absolut Majoritéit verluer geet), Schëtter (14 Prozentpunkten) a Sandweiler (10 Prozentpunkten).

Zougeluecht huet d'CSV an zwou Gemengen, am meeschten zu Stroossen (bal 10 Prozentpunkten). Hire beschte Scorë mécht d'CSV trotz Verloschter zu Conter, Nidderaanven an zu Hesper (wou d'CSV hir zweet absolut Majoritéit am Zentrum verléiert), mat jeeweils iwwer 40 Prozent vun de Stëmmen.

Negativen Trend fir déi gréng

Déi gréng verléieren a siwen Zentrumsgemenge Stëmmen, am meeschten zu Miersch (6 Prozentpunkten). Liicht méi Stëmme kréien déi gréng a véier Gemengen (am meeschten zu Sandweiler mat engem Verloscht vun iwwer 3 Prozentpunkten). An zu Sandweiler maachen déi gréng och op en Neits hire beschte Score (22 Prozent).

Nei ugetruede sinn déi gréng zu Helperknapp a Steesel, wou se jeeweils ronn 13 Prozent vun de Stëmme kruten.

LSAP: Manner Lëschten

D'LSAP ass mat ronn eelef Prozent vun de Stëmmen am Zentrum däitlech hannert den anere grousse Parteien. D'Sozialisten hunn hei a sechs Gemenge Stëmme verluer. Am meeschte Stëmme verléiert d'LSAP an där Gemeng, wou se weiderhin hire beschte Score mécht: Steesel (37 Prozent, bal zéng Prozentpunkte manner wéi 2017).

Mat am schlechste schneiden d'Sozialisten am Zentrum weiderhin an der Haaptstad of (liichte Minus op ënner 11 Prozent). A fënnef Gemenge gewënnt d'LSAP (am meeschten zu Schëtter mat bal 7 Prozentpunkten).

D'LSAP hat am Zentrum ënnert anerem zu Miersch a Luerentzweiler keng eege Lëscht méi, an ass och net zu Biissen ugetrueden.

Kleng Parteien a Biergerlëschten

Déi Lénk (1 Sëtz an der Stad, also ee manner wéi virdrun), ADR (nees 1 Sëtz an der Stad) a Piratepartei (2 nei Sëtz, an der Stad an zu Hesper) spille weiderhin keng grouss Roll an den Zentrumsgemengen.

A siwen Zentrumsgemenge sinn am Ganzen néng Biergerlëschten ugetrueden. Dës stinn deels Parteien no (zum Beispill deene gréngen zu Lëntgen), oder besti reng aus onofhängege Kandidatinnen a Kandidaten (zum Beispill d'"Schëtter Bierger", déi ronn 30 Prozent vun de Stëmmen an hirer Gemeng kruten).

An den neie Proporzgemenge kruten d'Biergerlëschte besonnesch vill Stëmmen: am Ganze bal 80 Prozent zu Helperknapp a bal 50 Prozent zu Lëntgen.

D'Biergerlëschte kréie 34 Mandater am Zentrum, duebel sou vill wéi nach 2017.