Am Walbezierk Süde si weiderhin 19 vun den 23 Gemengen am Proporzsystem.
D'Mandater vun de Parteien am Iwwerbléck:
- LSAP: 93 Mandater (+5)
- CSV: 89 Mandater (-5)
- DP: 32 Mandater (+5)
- Déi gréng: 22 Mandater (-11)
- Piratepartei: 10 Mandater (+8)
- ADR: 6 Mandater (+4)
- Déi Lénk: 5 Mandater (-1)
- Biergerlëschten: 12 Mandater (+1)
LSAP nees kloer op Plaz 1
D'LSAP bleift mat iwwer 32 Prozent vun de Stëmmen déi éischt Partei am Süden an huet elo och nees méi Mandater wéi d'CSV.
D'Sozialiste gewannen an zéng Gemenge Stëmmen. Am meeschten zu Déifferdeng (bal siwe Prozentpunkte) an zu Stengefort (14 Prozentpunkten), wou d'Sozialisten elo eng absolut Majoritéit hunn. An 8 Gemenge verléiert d'LSAP, notamment zu Kayl a Monnerech jeeweils ëm déi 11 Prozentpunkten.
An der gréisster Südgemeng Esch huet d'LSAP mat een hauchdënne Virsprong
Zu Koplëscht trëtt d'LSAP net mat enger offizieller Parteilëscht un. D'LSAP hält hir absolut Majoritéit zu Diddeleng (50,31 Prozent) a kann elo och Rëmmeleng (51,92 Prozent) a Réiser (51,92) eleng regéieren.
CSV geschwächt
D'CSV verléiert a 14 Südgemenge Stëmmen, dorënner zu Esch, Käerjeng a Schëffleng. Am gréisste sinn d'Verloschter zu Péiteng (12 Prozentpunkten) an zu Stengefort (11 Prozentpunkten.
An hirer Héichbuerg Habscht hält d'CSV trotz Verloschter hir absolut Majoritéit (53 Prozent, bal siwe Prozentpunkte manner wéi 2017). Zu de fënnef Gemengen, wou d'CSV bäileet, gehéiere Monnerech (43 Prozent, bal 6 Prozentpunkte méi wéi 2017) an Kielen (42 Prozent, +5 Prozentpunkten).
DP elo virun deene gréngen
D'DP verzeechent a bal alle Südegemenge Gewënner. Am meeschte gewannen déi Liberal an där Gemeng, wou se och hire beschte Score am Süden errrechen, nämlech zu Habscht (28 Prozent, +9 Prozentpunkten).
Zu Koplëscht verléiert d'DP am meeschte Stëmmen (iwwer 6 Prozentpunkten). Zu Esch leet d'DP bal zwee Prozentpunkte bäi an erreecht bal eelef Prozent vun de Stëmmen.
Déi gréng verléieren däitlech
Déi gréng verléieren an alle 14 Südgemengen, wou se ugetruede sinn. Am meeschten zu Déifferdeng (Minus 22 Prozentpunkten, et bleiwen nach 14 Prozent vun de Stëmmen), zu Kielen (bal 9 Prozentpunkten) an zu Mamer (7 Prozentpunkten), wou déi gréng trotzdem hire beschte Süd-Score maachen (mat 19 Prozent vun de Stëmmen). Zu Esch verléieren déi gréng iwwer 4 Prozentpunkten.
Kleng Parteien deels am Opdriff
Déi Lénk (5 Mandater, -1), ADR (6 Mandater, + 4) a Piraten (10 Mandater, + 8) hu mat am Ganzen 21 Mandater weiderhi just ee ganz klengen Deel vun de lokale Mandater am Süden - awer däitlech méi wéi nach 2017 (do waren et am Ganzen 10: 6 déi Lénk, 2 ADR an 2 Piratepartei). An de grousse Südgemengen huelen déi kleng Parteie bis zu 4 Sëtz (Piraten zu Péiteng), respektiv 3 Sëtz (jeeweils ee Sëtz fir déi Lénk, d'ADR an d'Piraten zu Esch an zu Suessem) fir sech an Usproch.
Biergerlëschte bleiwen am Süden d'Ausnam. Et gouf jeeweils eng Biergerlëscht zu Dippech (20 Prozent), Fréiseng (43 Prozent) a Koplëscht (28 Prozent). Déi LSAP-no "Är Equipe" zu Koplëscht huet däitlech u Stëmme verluer (6 Prozentpunkten). Am Ganze ginn am Süden 12 Mandater u Biergerlëschten.