Radioen

On air

Mëttesrascht  |  The Wombats - Can't Say No

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wantersaison 2022-2023: Ze sonneg, ze waarm an ze dréchen

Meteo

Wantersaison 2022-2023: Ze sonneg, ze waarm an ze dréchen

Meteolux huet d'Donnéeë vum éischten Dezember 2022 bis den 28. Februar vun dësem Joer ausgewäert. Enn Dezember war duerch vill ze vill héich Temperature markéiert, wéinst tropesche Loftmassen déi bis op Lëtzebuerg gezu sinn. Doduerch gouf den 31. Dezember den absolutten Temperaturrekord gebrach, sou de Luca Mathias vu Meteolux.

auto_stories

1 min

Lauschterenplay_arrow


De leschte Wanter wier och par rapport zu de Referenzmoyennë vun 1911 bis 2020 ze waarm gewiescht. Op Silvester goufe mat 15,7 Grad um Findel souguer eng absolutt Rekordtemperatur gemooss.

Deemenstpriechend niddereg waren och Deeg mat Schnéi, just op néng Deeg huet e wäissen Teppech déi offiziell Wiederstatioun um Findel bedeckt. Ee mëlle Wanter, deen den Trend confirméiert, deen zënter Joren observéiert gëtt.

Staarken Defizit beim Nidderschlag

Markant war awer och de Reendefizit, hei goufen iwwer d'Wanterméint 20 Prozent manner wéi am laangjärege Mëttel gemooss. Am Februar sinn um Findel zum Beispill just 4,4 Liter op der Metercarré gefall, dat war den zweet-dréchenste Februar zënter 1947.

Generell géif een elo mat engem staarken Nidderschlagsdefizit aus dem Wanter erausgoen, sou de Luca Mathias.

Ganz sou schlëmm wéi a Frankräich ass et zu Lëtzebuerg awer net, well et am Januar gereent huet. Duerno hunn Héichdrockwiederlagen dem Néierschlag keng Chance gelooss. Fir déi nächst Woch kann de Meteorolog vum Findel opmannst mol nees méi turbulent Wieder mat Chance op Reen oder Schnéi ukënnegen.