Radioen

On air

Concert  |  Concert

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wann et déi falsch trëfft

Zerstéierung vun der Mediathéik zu Metz

Wann et déi falsch trëfft

A Frankräich suergt den Doud vum 17 Järegen Nahel duerch ee Polizist fir Roserei. Fir esou vill Roserei, datt et virun allem an der Nuecht vun e Freiden op e Samschden a ville Stied zu Ausschreidunge komm ass. Et ass net déi éischte Kéier, datt et zu esou Ausschreidungen a Frankräich kënnt, mee et ass och net déi éischte Kéier, datt se sech géint Policegewalt riichten. Och zu Metz ass et an där Nuecht zu Ausschreidunge komm. D'Mediathéik zu Borny ass dobäi a Brand gestach ginn a komplett ofgebrannt.

auto_stories

4 min

De verbrannte Geroch stéisst engem scho vu wäitem an d'Nues. Vum Gebai ass net méi vill iwwereg. Op den Ofspäerglänner ronderëm hunn d'Awunner awer hir selwer gemoolte Messagen hannerlooss. "Restons unis" a "Courage" steet niewent engem groussen, séier dohi gesprayte Graffiti, mat de Wierder: "Justice pour Nahel".

Ee Verloscht fir d'Educatioun

Zu Metz am Quartier Borny versammele sech ëm déi 60 Leit. De Buergermeeschter François Grosdider vun der Partei Les Republicains huet zu engem Rassemblement fir d'Awunner opgeruff. Virun der Bibliothéik komme Kanner, Pappen a Mammen, Jugendlecher op Vëloen, an d'Personal aus der Mediathéik zesummen.

Traureg schéngen déi meescht ze sinn. Et gëtt gekrasch. Et gëtt sech an den Aarm geholl an d'Leit si sech all eens: et huet déi falsch getraff. Datt d'Mediathéik elo ofgebrannt ass trëfft d'Leit déif.

"Ce qui me dégoûte le plus, c'est que les enfants, et les parents ne peuvent plus avoir de l'accès à l'éducation et à un lieu paisible pour travailler."

"Toujours, je ramène les filles pour faire les devoirs. Et maintenant je ne sais plus comment je vais faire. Je suis très triste à cause de ça."

De jonke Leit déi richteg Valeure mat op de Wee ginn

D'Entsetzen iwwer den Doud vum 17 Järegen hält sech a Grenzen.Mee a d'Ofbrenne vun der Mediathéik hannerléisst Spueren. Mat Tréinen an den An erënnert eng eeler Fra sech.

"J'ai une fille qui a trente ans et qui venait ici régulièrement depuis son plus jeune âge. C'est tout ces souvenirs qui sont partis en fumée."

Wéi een Appell un d'Elteren, hir Responsabilitéiten ze iwwerhuelen, kléngt dem Buergermeeschter seng Usprooch.

"En faisant bien la différence entre des mères de famille seules, complètement débordées, et qu'il faut aider à accompagner. Mais aussi des parents qui pourraient, mais qui ne font pas, qui abandonnent et qui se désintéressent. Voir même des parents qui vivent de l'activité illégale des enfants."

De Moment, wou de Buergermeeschter annoncéiert, datt eng nei Mediathéik wäert dohi kommen, ertéint vill Applaus. Weider d'Tréine fléissen.

"La façon d'y répondre, bien sûre il y a la sécurité, il y a la police, on va le faire. Bien sûre on va reconstruire. Mais il faut d'abord donner des valeurs à ces jeunes, et donner à tous ces jeunes une chance à être autre chose que ces délinquants."

Et wier wichteg, datt een deene Jonken déi richteg Wäerter méi no bréngt, da kéint een esou Ausschreidunge verhënneren. Wéi ee kéint verhënneren, datt an Zukunft keng Mannerjäreger bei Verkéierskontrollen erschoss ginn, huet de Buergermeeschter iwwerdeems net gesot.

2022: 13 Doudeger bei Verkéierskontrollen a Frankräich

Virun allem duerch dat engagéiert Personal géif d'Mediathéik ee groussen Deel zu der Bildung vu jonke Mënsche bäidroen. Dat wier och de Grond, wisou hien esou séier wéi méiglech d'Mediathéik nees wéilt opbauen, esou de Buergermeeschter vu Metz a senger Usprooch nach weider.

"Parce que nous savons que les jeunes qui fréquentent trop cette bibliothèque, ce sont les jeunes qu'on ne retrouvera pas comme ceux qui ont cassé et brulle dans la nuit de vendredi à samedi."

Videospiller a sozial Medien: de Buergermeeschter betount ëmmer nees, wéi geféierlech déi virtuell Welt fir Kanner ass. Et misst een de Kanner bäibréngen, datt d'Realitéit eng aner ass.

D'lescht Joer goufen a Frankräich bei Verkéierskontrollen 13 Mënschen erschoss. Dat sinn der 12 méi wéi beispillsweis an Däitschland. Mee och den Doud vum 17 Järegen Nahel ass Deel vun der Realitéit.