Am Schëfflenger Recyclingszenter passéiere pro Joer bal 90.000 Visiteuren . Et sinn tëschent 7.000 an 8.000 Tonne Material ze geréieren. "An der Gestioun hu mir nach Loft no uewen. Do ass nach méi ze maachen", seet de Schëfflenger Buergermeeschter Paul Weimerskirch, de President vum Gemengesyndikat SIVEC. De SIVEC regroupéiert fënnef Südgemengen a geréiert de Recyclingszenter.
Vun der Deponie zum Ressourcenzenter
Den ugeschwate Recyclingszenter hätt sech an de leschte Jore méi a méi zu engem Ressourcenzenter entwéckelt, erkläert de Paul Weimerskirch. An der Vergaangenheet wieren esou Zenteren éischter Deponie gewiescht.
Elo awer wier d'Ziel esou vill ewéi méiglech weider ze verwäerten an ze gebrauchen. D'Leit géife Verständnis weisen, dass se hiert Material scho getrennt mussen hunn, wa se kommen.
De Recyclingszenter huet och en Secondhand Deel, wou Saachen higestallt ginn, déi nach gutt sinn. Jiddwereen, deen se brauch, ka se mathuelen. Et sinn iwwregens déi Jonk, déi éischter op Secondhand setzen, ewéi déi eeler Generatiounen, esou déi rezent Ëmfro.
"Et sinn do natierlech Froe vun Hygiène a Sécherheet déi mussen agehale ginn", preziséiert de Paul Weimerskirch. Ëmmer erëm géifen si konkret Ufroe kréie fir Material - esou ënner anerem vu Schoulen, déi dacks Eeërkartonge bräichte fir ze bastelen.
Trend "Free your stuff"
D'Ëmfro vun TNS huet erginn, datt d'Leit vill iwwer sozial Medie fort ginn, villes eeben awer och an de Recyclingszenter bréngen. D'Ursaach dofir wier déi lokal Verbindung, déi via Recyclingszenter besteet, esou de Paul Weimerskirch.