Wat wier Är éischt Mesure, déi Dir géift duerchbréngen, wann Dir Premierminister wiert? Biergerinnen a Bierger erzielen onkommentéiert vun hire Prioritéiten. D'Hiewann Vanessa Mariotti wier fir e méi grousst Ëmweltbewosststinn ënner anerem duerch manner Pestiziden a manner Plastikkonsum a méi lokal Bioproduiten.