Corona-Kris a Klima "Wann dës sanitär Kris eriwwer ass, ass de Klimawandel et awer net"

De weltwäite Klimastreik, dee fir de 24. Abrëll geplangt war, gouf wéinst der Coronavirus-Pandemie ofgesot. Elo sicht d'Fridays for Future Beweegung no Alternative fir hire Mouvement weider um Liewen ze erhalen. Mee wéi hunn déi jonk Klimaaktiviste sech op d'sanitär Kris missen ëmstellen? A riskéiert d'Klimakris wéinst der Coronavirus-Pandemie a Vergiessenheet ze geroden? Mir hu mat der Lëtzebuerger Klimaaktivistin Natasha Lepage iwwer d'Auswierkunge vun der aktueller Situatioun geschwat.

Rahel Könen / cbi

Natasha Lepage
D'Klimaaktivistin Natasha Lepage. Foto: Lex Kleren

D'Lëtzebuerger Beweegung Youth for Climate huet sech wéinst der Corona-Pandemie missen ëmstellen, erkläert déi 17-järeg Klimaaktivistin Natasha Lepage. Nieft hiren eegene Versammlungen, spillt sech mëttlerweil och um globalen Niveau villes Online of. All Freideg géif de Fridays for Future Movement Webinars iwwer ee Livestream op YouTube ofhalen, organiséiert vun all de Länner zesummen.

D'Nathas

D'Webinars erméiglechen de Schüler en Austausch mat Experte ronderëm nei Erkenntnisser zur Klimakris. Donieft ginn d'Schülerstreiken elo all Freideg digital virun, zielt d'Natasha Lepage:

"Dat heescht, mir si plus au moins 100 Studente vu wierklech iwwerall weltwäit, déi dann all Freideg bei sech am Zëmmer sëtzen an hiert Plakat hunn. An et ass scho ganz interessant an engem Videochat ze si mat Leit aus Thailand, aus Amerika, an iwwerall an Europa, souguer aus Afrika - wierklech vun iwwerall."

Et wier eng aner Approche vu Klimastreik, mee dat wier eppes aneres wéi op d'Strooss ze goen an duerch ee Megaphon ze blären. A sengem Zëmmer wier net grad déi ganz Energie, wéi op engem Streik.

Déi beschten Zäit, fir Saachen ze änneren

Datt d'Klimakris den Ament net a Vergiessenheet dierft geroden - doriwwer ass de Mouvement sech eens. Der Natasha Lepage no misst een elo méi laangfristeg iwwer den Impakt vun der aktueller Ausnamesituatioun nodenken:

"Ech mengen, et si vill Leit déi elo soen, momentan wéinst der sanitärer Kris si mir all doheem, dat heescht et gëtt da vill manner Transport a vill manner CO2 - wat jo och schéin a gutt ass - mee dat wäert, wa mer dann zeréck schaffe ginn, erëm alles normal sinn."

Elo hätt een Zäit fir Saachen ze änneren. "Dat ass am Beschten elo." D'Leit hätten nei Gewunnechte kritt, dofir wier elo de perfekten Zäitpunkt, fir datt d'Leit sech ugewinnen eppes Neies ze maachen. "Mir probéieren d'Leit e bëssen ze motivéiere méi nohalteg ze sinn, wa si zeréck ginn", seet d'Natasha Lepage.

D'Konsequenze vun de Krisen

Déi jonk Klimaaktivisten erhoffe sech deemno, datt dës ongewëss Zäit och als Chance fir en Ëmdenke genotzt gëtt. Vill Leit géifen de Klimawandel nach net als déi Kris wouerhuelen, déi se ass, sou d'Natasha Lepage. Grond dofir wier, datt d'Konsequenze vun der Klimakris hei am Land dacks manner visibel sinn, wéi beispillsweis déi vun der aktueller Pandemie. Jiddweree wier betraff a géif mierken, datt de Virus déidlech wier.

D'Klimakris wier awer och déidlech an et sollt een d'Ae bëssen opmaache fir ze gesinn, datt een och aner Länner kéint hëllefen, "andeems mir eise Liewensstil e bëssen änneren", seet d'Klimaaktivistin. Zu Lëtzebuerg géif een net déi eege Konsequenze vun der Klimakris erliewen.

Ee weltwäiten Challenge

Souwuel bei der Covid-19-Kris wéi och der Klimakris, wiere Leit am globale Süden am mannste virun de Risike geschützt. Wat déi zwou Krisen deemno verbënnt, wier, datt bei hirer Bewältegung Solidaritéit souwuel tëschent Länner, wéi och tëschent Generatiounen, gefuerdert ass.

Dobäi betount Natasha Lepage, datt all Kris eescht ze huelen ass a versteet och, datt déi sanitär Kris am Virdergrond géif stoen, "mee et soll een am Hannerkapp nach ëmmer de Klimawandel bäibehalen a soen: Wann dës sanitär Kris eriwwer ass, ass de Klimawandel awer net eriwwer".

No der Corona-Kris: D'Klimakris als Prioritéit fir d'Politik

Virun allem an der Politik dierften d'Klimaziler elo wärend der sanitärer Kris net op der Streck bleiwen. Well fir d'Klimakris an de Grëff ze kréie wiere weiderhin adequat Moossname vun de Regierunge weltwäit gefuerdert:

"A mir hoffen, datt no der sanitärer Kris de Klimawandel um Ordre du jour vun der Politik vill méi eropgeet."

Nëmmen da kéint ee wierklech eppes bewierken, betount d'Natasha Lepage vu Youth for Climate.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Rahel Könen
Lauschteren

Méi zum Thema

Europaparlament
Lutte géint de Klimawandel

Kuerz virun der nächster Welt- Klimakonferenz, wëllt d'Europaparlament proposéieren, den État d'urgence en vue vum Klima- an Ëmweltschutz auszeruffen. De Virschlag ass awer net onëmstridden.

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen